
Maria on Tour
D’Tréischterin op Besuch an den Altersheimer an der Stad
Déi éischt dräi Méint vum neie Joer stinn ënnert dem Motto «Maria on tour»: d’Tréischterin geet am ganzen aacht mol op Besuch an déi verschidden Altersheimer an der Stad. Wann d’Mënsche wéinst hirem Alter, hirer Krankheet oder hirer Behënnerung nët méi bei d’Tréischterin an d’Kathedral kënne kommen, da wëlle mir hinnen d’Méiglechkeet bidden, datt d’ Statu vun eiser Tréischterin bei si op d’Plaz kënnt. Et sollen Nomëtteger vu Gebiet, Trouscht a Begéignung ginn, wou d’Bewunner an och d’Personal emotional a glécklech Momenter an hirem Glawen erliewen, zesumme sangen a bieden an de gudde Seege vum Härgott kréien.
Dënschdeg, de 14. Januar wor den éischten Nomëtteg. D’Tréischterin an hirer gliese Vitrinn ass mam Minibus vum Sales-Lentz (e ganz grousse Merci fir dës generéis Ënnerstëtzung vu «Maria on tour»!) am Hospice civil am Pafendall ukomm. An der Kapell vum fréiere Klouschter vun de Clarissinne gouf si opgestallt, iwwerdeems d’Pensionnären an d’Personal sech an de Bänken néiergelooss hunn.
Den Aumônier Patrick Schmit, de Paschtouer Tom Kerger an d’Pastoralreferentin Mireille Sigal hunn zesumme mat de Bewunner de Rousekranz gebiet an déi léif gutt al Muttergotteslidder gesongen, an zum Schluss huet de Paschtouer jidderee vun de Bewunner, deen dat gewënscht huet, individuell virum Gnodebild vun eiser Tréischterin geseent. Mat engem Souvenirsbildche vun der Tréischterin sinn d’Bewunner dunn no engem trouschträichen Nomëtteg an hiren Alldag zréck gaangen.
Merci fir den häerzlechen Accueil op der Plaz an déi déif Begéignungen, déi äis all geschenkt goufen!
«Maria on tour» geet elo weider. Bis Enn Mäerz geet d’Tréischterin nach op 7 weider Plazen op Besuch.
Helleg Maria, Tréischterin am Leed, biet fir äis!
Merci d'avoir lu cet article. Si vous souhaitez rester informé de l’actualité de l’Église catholique au Luxembourg, abonnez-vous à la Cathol-News, envoyée tous les jeudis, en cliquant ici.
Gros titres
-
Personalveränderungen in der Erzdiözese Luxemburg
Personalentscheidungen zum 18. Juli 2025.
-
Podcast : Derrière la clôture, un monde offert à Dieu
Nous franchissons la clôture du couvent de Cents, à Luxembourg-ville, pour rencontrer Sœur Maria Forma Dei, sœur contemplative et cloîtrée.
-
D’Mass vum 20. Juli gëtt vu Beetebuerg iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Cours de philosophie et de théologie : c'est le moment de s’inscrire !
Le semestre d’hiver 2025 au Centre Jean XXIII – Grand Séminaire commencera le 8 septembre.