Skip to main content Skip to page footer

Iwwerraschend...

Kommentar zu Helleg Owend vun Sr Clara-Martine Regenwetter osb (24.12.2025)

Déi vun eis, déi den Owend an d‘Mette ginn, héieren de Bericht vun der Gebuert vum Jesus nom Lukas. Dëst Evangelium huet onzieleg Krëppespiller inspiréiert, et ass eis esou bekannt, datt mir bal mengen, mir wieren deemools derbäi gewiescht. D'Exegeten zweiwelen dëse Bericht allerdéngs ferm un, schonn eleng, well den Herodes (Lk 1,5) dee soll Kinnik a Judäa sinn, scho 4 viru Christus gestuerwen ass an déi grouss Vollekszielung eréischt 6 no Christus war. Och war et üblech, datt een sech vir de Recensement an der Uertschaft huet mussen androe wou ee gewunnt huet an net do, vu wou een hierkoum, d'Rees no Betlehem wier also onnéideg gewiescht.

Den Text vu Chrëschtdag ass keen Tatsaachebericht mee vill méi dem Lukas seng Aart a Weis der Nowelt verständlech ze maachen, wéi iwwerraschend ANESCHT wéi erwaart de Messias ass. Dëst gëtt an der Erzielung duerch e Geflecht aus Parallelismen a Géigesätz erausgestrach: Wärend den Augustus per Edikt d'ganz deemoleg bekannte Welt opfuerdert sech op Lëschten anzedroen, déi dono wäerten dozou gebraucht gi fir de réimesche Steiersystem anzeféieren an d'Leit zur Kees ze bieden, verkënnegen dem Härgott seng Engelen all de Leit, déi den Augustus well zielen, déi gutt Noriicht an déi grouss Freed vun der Gebuert vun engem Puppelchen, dee gläichzäiteg de Retter, Christus den Här ass. De Keeser verspreet d'Mënschen individuell duerch d'ganzt Land, Gott vereent se all a sengem Heelswëllen fir jiddereen.

Markant och den eklatante Standesënnerscheed tëscht dem Keeser, dem Chef vum ganze réimesche Räich, also och Judäa, deen all Muecht huet, an doniewent dem Kand, gebuer an Aarmut, dem Jesus, deen all gewaltvoll Muechtausübung e liewelaang a bis zum Äussersten ofleene wäert. Wärend et dem réimesche Keeser zimmlech egal dierft gewiescht sinn, wat en de Leit operleet, soen d'Engelen: Fäert net!

Si komme bei d'Hierden fir si ze invitéieren, déi éischt Zeie vun der Gebuert vum Här an Erléiser ze sinn. Relativ iwwerraschend fir e Kinnek, wann een sech un den Trounwiessel an der Chamber erënnert ... Nach méi aussergewéinlech, well d'Hierden an der deemoleger Gesellschaft extrem schlecht ugesi waren, si goufen zesumme mat den onbeléiften Zöllner fir onreng gehalen, well si wéint hirem Liewenswandel net kapabel waren, sech un all déi mosaïesch Rengheetsgeboter ze halen. Dowéint war hiren Temoignage och net viru Geriicht unerkannt an deemno u sech iwwerflësseg a wäertlos. Mee et si genau dës Mënschen, déi Gott als seng éischt Zeien eraussicht. Et kann een sech hei un d'Erzielunge vun der Opersteeung erënneren ... do sinn nämlech d'Fraen déi alleréischt Zeien. An hiren Temoignage war deemools viru Geriicht och ongülteg. Sécher keen Zoufall. Wéi iwwerraschend ass dach eise Gott, deen eis komplett fräi léisst, him ze gleewen oder net, virun allem haut, wou all Fake-news-Komponist drëm buult datt mir him gleewen. Wéi iwwerraschend ass dach dee Gott, deen sech net vun eise Virstellungen asperre léisst.

D'Hierden kommen also bei d'Krëppchen. Si sinn aarm a bréngen deemno näischt ausser sech selwer mat. An et ass genau dee Kaddo, dee Gott méi wéi alles anescht erbäi seent. Bei Him sinn si net ausgestouss, ongülteg, wäertlos. Bei Him si si ugeholl, wéi si wierklech sinn. D'Liesung vum Jesaja schwätzt haut vum Joch wat vun de Schëllere geholl gëtt (Jes 9,3): wéi e Gewiicht fält vun engem Mënsch senge Schëlleren, deen ausgeschloss war an deen endlech bei engem ukënnt deen e gär huet ? Ech denken, dat ass wierklech Chrëschtdag. An ech froe mech, wie Gott haut géing als seng Zeien erbäiruffen?

Och an dëser Rubrik

Endlich mit Gott zu leben beginnen

Von den Sterndeutern lernen

Carmen Tatschmurat: Den Goldgrund in allem finden. Ein benediktinischer Jahresbegleiter

Wer mein Jünger sein will...