lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Karfreideg ABC

Joh 18,1-19,42

1 De Jesus ass mat senge Jünger op déi aner Säit vun der Baach Kedron gaang; do war e Gaart, an deen hie mat de Jünger eragoung.

2 Och de Judas, deen hien ausliwwere sollt, huet déi Plaz kannt, well de Jesus dacks mat senge Jünger dohigaang ass.

3 De Judas hat d’Kohort matkritt an eng Rei vun den Hohepriister an de Pharisäer hiren Dénger. Hien huet si elo mat hire Fakelen, Lanteren a Waffen dohi gefouert.

4 De Jesus, dee wousst, wat alles op hien duerkéim, ass erausgaang a sot zu hinnen: “Wie sicht dir?”

5 Si hunn him geäntwert: “De Jesus, den Nazoräer.” Hie sot zu hinnen: “Ech sinn et.” Och de Judas, deen hien ausliwwere sollt, stoung bei hinnen.

6 Wéi elo de Jesus zu hinne sot: “Ech sinn et”, du sinn si hannerécks gaang an op de Buedem gefall.

7 Op en Neis huet hien si gefrot: “Wie sicht dir?” Si hu geäntwert: “De Jesus, den Nazoräer.”

8 De Jesus sot: “Ech hunn iech dach gesot, datt ech et sinn. Wann dir mech also sicht, da loosst déi hei fortgoen!”

9 – Esou sollt sech d’Wuert erfëllen, dat hie gesot hat: ’Vun deenen, déi s du mir ginn hues, hunn ech och net een Eenzege verluer.’ –

10 Elo hat de Simon Péitrus awer e Schwäert bei sech. Hien huet et erausgezunn, ass dermat op dem Hohepriister säi Kniecht lassgaang an huet him dee rietsen Ouerläppchen erofgeha. Dee Kniecht huet Malchus geheescht.

11 Du sot de Jesus zum Péitrus: “Stiech däi Schwäert hannescht an d’Scheek! Soll ech dann éiren de Kielech, deen de Papp mir ginn huet, net drénken?”

12 D’Kohort, hire Kommandant an de Judden hir Dénger hunn de Jesus geholl a gefesselt.

13 Si hunn hie fir d’éischt bei den Hannas gefouert – dee war nämlech dem Kaiphas säi Schwéierpapp, dee sengersäits dat Joer Hohepriister war.

14 Et war och de Kaiphas gewiescht, deen de Judden de Rot ginn hat, et wär besser, een eenzege Mënsch géif fir d’Vollek stierwen.

15 De Simon Péitrus an nach en anere Jünger sinn dem Jesus nogaang. Dëse Jünger war e Bekannte vum Hohepriister an ass duerfir mat dem Jesus am Hohepriister säin Haff eragaang.

16 De Péitrus awer stoung dobausse virun der Dier. Dunn ass deen anere Jünger, deen e Bekannte vum Hohepriister war, erauskomm. Hien huet mat der Fra geschwat, déi bei der Dier gewaacht huet, an huet de Péitrus eragefouert.

17 Du sot d’Mod, déi bei der Dier gewaacht huet, zum Péitrus: “Bass du net och ee vun deem dote Mënsch senge Jünger?” Hie sot: “Ech dach net!”

18 D’Kniecht an d’Dénger, déi wéinst der Keelt e Kuelefeier gemaach haten, stoungen do an hunn sech gewiermt. Och de Péitrus stoung bei hinnen an huet sech gewiermt.

19 Den Hohepriister awer huet de Jesus iwwer seng Jünger an iwwer seng Léier ausgefrot.

20 De Jesus huet him geäntwert: "Ech hu mech ëffentlech un d’Welt geriicht, ech hunn d’Leit ëmmer an der Synagog geléiert an och am Tempel, do, wou d’Judden all zesummekommen. Ech hunn ni eppes heemlech gesot.

21 Firwat frees du mech? Fro déijéineg, déi héieren hunn, wat ech hinne sot. Kuck, si wëssen, wat ech gesot hunn.“22 Wéi de Jesus dat sot, huet ee vun den Dénger, deen derbäistoung, him eng op de Bak ginn a sot:”Äntwers du esou dem Hohepriister?“23 De Jesus huet him geäntwert:”Wann dat, wat ech gesot hunn, falsch war, da beweis mir, wat falsch dorunner war. Wann et awer richteg war, firwat schléis du mech dann?"

24 Dueropshin huet den Hannas hie gefesselt bei den Hohepriister Kaiphas féiere gelooss.

25 De Simon Péitrus stoung nach ëmmer do sech ze wiermen. Du soten si zu him: “Bass du net och ee vun deem dote senge Jünger?” Hien huet et geleegent a sot: “Ech dach net!”

26 Du sot ee vun dem Hohepriister senge Kniecht, dee Famill mat deemjéinege war, deem de Péitrus d’Ouer erofgeha hat: “Ma hunn ech dech dann net mat him am Gaart gesinn?”

27 Op en Neis huet de Péitrus et geleegent, a gläich drop huet en Hunn gekréit.

28 Si hunn de Jesus vum Kaiphas erfort an de Prätorium gefouert. Et war fréi am Muergen. Si selwer sinn net an de Prätorium eragaang, fir net onreng ze ginn a fir d’Pessach iessen ze kënnen.

29 Duerfir ass de Pilatus bei si erauskomm an huet gefrot: “Wéinst wat klot dir dëse Mënsch un?”

30 Si hunn him geäntwert: “Wann hien näischt Schlechtes gemaach hätt, dann hätte mir hien net un dech ausgeliwwert.”

31 Du sot de Pilatus zu hinnen: “Huelt dir hien an haalt dir Geriicht iwwer hien, esou wéi äert Gesetz et virgesäit!” D’Judden hunn him geäntwert: “Äis ass et net erlaabt, een hinzeriichten.”

32 Esou sollt sech dem Jesus säi Wuert erfëllen, mat deem hien ugedeit hat, wat fir en Doud hie stierwe misst.

33 Dunn ass de Pilatus nees an de Prätorium eragaang, huet de Jesus geruff an huet hie gefrot: “Bass du de Kinnek vun de Judden?”

34 De Jesus huet geäntwert: “Sees du dat vun dir aus oder hunn anerer dir dat iwwer mech gesot?”

35 De Pilatus sot: “Sinn ech dann éiren e Judd? Däi Vollek an d’Hohepriister hunn dech u mech ausgeliwwert. Wat hues du gemaach?”

36 De Jesus huet geäntwert: “Mäi Kinnekräich ass net vun dëser Welt. Wa mäi Kinnekräich vun dëser Welt wär, da géife meng Dénger kämpfen, fir datt ech net un d’Judden ausgeliwwert géif. Mäi Kinnekräich ass nun awer net vun hei.”

37 Du sot de Pilatus zu him: “Also bass du dach e Kinnek?” De Jesus huet geäntwert: “Du sees et, datt ech e Kinnek sinn. Duerfir sinn ech gebuer, duerfir sinn ech an d’Welt komm, datt ech Zeegnes fir d’Wourecht ginn. Jiddereen, deen aus der Wourecht ass, lauschtert op meng Stëmm.”

38 Du sot de Pilatus zu him: “Wat ass Wourecht?” Nodeems hien dat gesot hat, ass hien nees bei d’Judden erausgaang a sot zu hinnen: "Ech fir mäin Deel fanne keng Schold bei him.

39 Et ass jo bei iech de Brauch, datt ech iech fir d’Pessach-Fest ee fräiloossen. Wëllt dir also, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiloossen?“40 Dunn hunn si erëm gejaut:”Net deen, ma de Barabbas!" De Barabbas awer war e Raiber.

1 Dueropshin huet de Pilatus de Jesus geholl an hie gäissele gelooss.

2 D’Zaldoten hunn aus Dären eng Kroun gebonnen, déi si him op de Kapp gesat hunn, an si hunn him e purpurroude Mantel iwwer d’Schëllere geluecht.

3 Si si bei hie komm a soten: “Vive de Kinnek vun de Judden!”, an si hunn him der op de Bak ginn.

4 Duerno goung de Pilatus nees eraus a sot zu hinnen: “Kuckt, ech loossen iech hien erausbréngen; dir sollt wëssen, datt ech keng Schold bei him fannen!”

5 Dunn ass de Jesus erauskomm; hien hat d’Därekroun op an de purpurroude Mantel un. De Pilatus sot zu hinnen: “Kuckt, de Mënsch!”

6 Wéi dunn d’Hohepriister an hir Dénger de Jesus gesinn hunn, hunn si gejaut: “Un d’Kräiz mat him, un d’Kräiz mat him!” De Pilatus sot zu hinnen: “Huelt dir hien a kräizegt hien, well ech fir mäin Deel fanne keng Schold bei him!”

7 D’Judden hunn him geäntwert: “Mir hunn e Gesetz, an deem Gesetz no muss hie stierwen, well hien huet sech selwer zum Herrgott sengem Jong gemaach.”

8 Wéi de Pilatus dat héieren huet, huet hien nach méi gefaart.

9 Hien ass hannescht an de Prätorium gaang a sot zum Jesus: “Vu wou bass du?” Ma de Jesus huet him keng Äntwert ginn.

10 Du sot de Pilatus zu him: “Brauchs du mir net z’äntweren? Weess du dann net, datt ech Muecht hunn, dech fräizeloossen, an datt ech Muecht hunn, dech ze kräizegen?”

11 De Jesus huet him geäntwert: “Du häss keng Muecht iwwer mech, wann se dir net vun uewe gi wär! Duerfir huet och deen, dee mech un dech ausgeliwwert huet, déi méi grouss Sënd.”

12 Dueropshin huet de Pilatus gesicht, hie fräizeloossen. D’Judden awer hu gejaut: “Wann s du deen dote fräiléiss, da bass du kee Frënd vum Keeser, well jiddereen, deen sech selwer zum Kinnek mécht, geet géint de Keeser.”

13 Wéi elo de Pilatus dat héieren huet, huet hien de Jesus erausféiere gelooss, an hien huet sech op de Riichterstull gesat, op déi Plaz, déi Lithostrotos genannt gëtt, op Hebräesch Gabbatha.

14 Et war de Virbereedungsdag op d’Pessach-Fest, an et war ëm déi sechst Stonn. Hie sot zu de Judden: “Kuckt, äre Kinnek!”

15 Dunn hunn si gejaut: “Fort, fort mat him! Looss hie kräizegen!” De Pilatus sot zu hinnen: “Äre Kinnek soll ech kräizege loossen?” D’Hohepriister hu geäntwert: “Mir hu soss kee Kinnek wéi de Keeser.”

16 Dueropshin huet de Pilatus hinnen de Jesus ausgeliwwert, fir datt hie gekräizegt géif. Dunn hunn d’Zaldoten de Jesus matgeholl.

17 Hien huet selwer säi Kräiz gedroen an ass erausgaang op déi Plaz, déi Doudekapp genannt gëtt – op Hebräesch heescht se Golgotha.

18 Do hunn si hie gekräizegt a mat him zwéin anerer, een op där enger an een op där anerer Säit, an der Mëtt de Jesus.

19 De Pilatus huet och eng Schrëft maachen an se un d’Kräiz ophänke gelooss; do stoung geschriwwen: De Jesus, den Nazoräer, de Kinnek vun de Judden.

20 Vill vun de Judden hunn dës Schrëft gelies, well déi Plaz, wou de Jesus gekräizegt gi war, louch no bei der Stad. Se war op Hebräesch, op Latäin an op Griichesch geschriwwen.

21 Du soten de Judden hir Hohepriister zum Pilatus: “Schreif net: ’De Kinnek vun de Judden’, ma schreif: ’Hien huet gesot: Ech sinn de Kinnek vun de Judden.’”

22 De Pilatus huet geäntwert: “Wat ech geschriwwen hunn, dat hunn ech geschriwwen.”

23 Wéi elo d’Zaldoten de Jesus gekräizegt haten, hunn si seng iewescht Kleeder geholl a véier Deeler draus gemaach, fir all Zaldot een, an och säin ënnescht Kleed. Dat ënnescht Kleed hat keng Nout, et war vun uewe bis ënnen an engem Stéck gewieft.

24 Du soten si een zu deem aneren: “Loosse mer et net a Stécker rappen, ma loosse mer drëm lousen, wiem säint et si soll.” Dëst ass geschitt, fir datt d’Schrëft erfëllt gouf [an där et heescht]: Si hu meng Kleeder ënner sech opgedeelt, a fir mäi Gezei hunn si d’Lous gezunn. Genee dat hunn d’Zaldote gemaach.

25 Beim Jesus sengem Kräiz stoungen seng Mamm an senger Mamm hir Schwëster, d’Maria, dem Klopas seng Fra, an d’Maria vu Magdala.

26 Wéi de Jesus seng Mamm gesinn huet a bei hir de Jünger, mat deem hie frou war, sot hien zu senger Mamm: “Fra, kuck, däi Jong!”

27 Du sot hien zum Jünger: “Kuck, deng Mamm!” A vun där Stonn un huet de Jünger si bei sech geholl.

28 De Jesus, dee wousst, datt schonn alles erfëllt war, sot dueropshin, fir datt d’Schrëft an Erfëllung goe géif: “Ech sinn duuschtereg.”

29 Et stoung e Krou voller Essegwaasser do. Si hunn e Schwamp voll däers Essegwaasser op en Ysopstaf gestach an him e bei de Mond gehal.

30 Nodeems de Jesus vun deem Essegwaasser gedronk hat, sot hien: “Et ass alles erfëllt.” Hien huet säi Kapp hänke gelooss an de Geescht ausgehaucht.

31 Well et de Virbereedungsdag [op d’Pessach-Fest] war a fir datt d’Läichen net um Sabbat um Kräiz hänke bléiwen – et war nämlech en apaart feierleche Sabbat –, hunn d’Judden de Pilatus gefrot, fir deene Gekräizegten d’Bee briechen ze loossen an hir Läichen dann erofzehuelen.

32 Du sinn d’Zaldoten higaang an hunn deem Éischten seng Bee gebrach an och deem aneren seng, dee mat him gekräizegt gi war.

33 Wéi si bei de Jesus koumen a gesinn hunn, datt hie schonn dout war, hunn si him d’Been net gebrach,

34 ma ee vun den Zaldoten huet hie mat senger Lanz an d’Säit gestach, an et koum gläich Blutt a Waasser erausgelaf.

35 Deen, deen et gesinn huet, bezeit et, an säin Zeegnes ass wouer, an hie weess, datt hien d’Wourecht seet, fir datt och dir gleeft.

36 Dat hei ass geschitt, fir datt d’Schrëft erfëllt gouf: Et soll keng vun senge Schanken duerchgeschloe ginn.

37 An nach en aneren Text an der Schrëft seet: Si kucken op deen, deen si duerchbuert hunn.

38 No all deem huet de Jouseph vun Arimathäa, deen aus Angscht virun de Judden nëmmen heemlech e Jünger vum Jesus war, de Pilatus gefrot, ob hien dem Jesus seng Läich erofhuelen däerft, an de Pilatus huet et erlaabt. Dunn ass de Jouseph higaang an huet d’Läich erofgeholl.

39 Och den Nikodemus, deen eng Kéier nuets bei de Jesus komm war, ass elo dohikomm an huet e Gemësch aus Myrrhe an Aloe matbruecht, eng 100 réimesch Pond.

40 Si hunn dem Jesus seng Läich geholl an hunn se, zesumme mat de Gewierzer, a léngen Dicher agewéckelt, esou wéi et bei de Judden de Brauch ass, fir een ze begruewen.

41 Bei där Plaz, wou de Jesus gekräizegt gi war, war e Gaart, an an deem Gaart war en neit Graf, an dat nach kee geluecht gi war.

42 Well et de Judden hire Virbereedungsdag [op d’Pessach-Fest] war a well d’Graf nobäi war, hunn si de Jesus drageluecht.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu