Skip to main content Skip to page footer

Abbé Carlo Morbach (01.06.1959 - 09.10.2026)

Den Abbé Carlo Morbach ass de Freideg 9. Oktober 2026 am Alter vu 67 Joer verscheet. Hien ass den 1. Juni 1959 an der Stad gebuer an den 29. Juni 1985 vum Äerzbëschof Jean Hengen an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn.

De Läichendéngscht gëtt dëse Samschdeg 17. Oktober 2026 um 10.00 Auer an der Basilika zu Iechternach gefeiert.

Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un. Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Carlo senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.

Tréischterin am Leed, biet fir hien. Hellege Willibrord, biet fir hien.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

Abbé Carlo Morbach (01.06.1959 - 09.10.2026)

Bei der Jungfrau Maria Trost und Hoffnung suchen

D’Mass vum 11. Oktober gouf vu Käl iwwerdroen

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2026-2027