Pontifikalmass zum Ofschloss vum Hellege Joer 2025
Sonndeg, den 28. Dezember 2025, um 18 Auer an der Kathedral.
Zum Ofschloss vum Hellege Joer 2025 gëtt an eiser Äerzdiözees, wéi an allen Diözeesen ronderëm d’Welt, eng Pontifikalmass gefeiert. D’Feier ass e Sonndeg, den 28. Dezember 2025, um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg. De Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert all Gleeweg häerzlech un dësem wichtege Moment am kierchleche Liewen deelzehuelen. Zu Roum geet d’Jubiläumsjoer, dat ënnert dem Theema “Pilger vun der Hoffnung” steet, de 6. Januar 2026 op en Enn, wann de Poopst Leo XIV. d’Hellegt Paart vum Péitersdoum zoumécht.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Sanad Sahelia: „Wir sind sehr besorgt um die Zukunft von Taybeh“
Der Direktor von Nabd El-Haya, einer Multimedia-Plattform mit Sitz in Taybeh, dem letzten christlichen Dorf Palästinas, war in Luxemburg.
-
D’Mass vum 5. Juli gëtt vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Mit dem Diözesanarchiv tauchen wir ein in die Schätze der Erzdiözese
Ahnenforschung, Geschichte, bloße Neugier … ein Sommer voller neuer Erkenntnisse. Einleitung.
-
Célébration eucharistique à l’occasion du premier anniversaire du Pontificat du Pape Léon XIV
Dimanche 5 juillet 2026, 18 heures en la Cathédrale.