Robert Francis Prevost: Papst Leo XIV
Habemus Papam ! Deo gratias ! Alléluia !
D’Kierch zu Lëtzebuerg begréisst d’Wiel vum Poopst Leo XIV.
Mat grousser Freed hu mir haut d’Noriicht vun der Wiel vum Kardinol Robert Francis Prevost OSA aus de Vereenegte Staate vun Amerika zum Poopst Leo XIV. an zum Bëschof vu Roum opgeholl.
Eist Gebiet soll hien duerch säi Pontifikat begleeden, besonnesch elo um Ufank vu senger grousser Missioun als 267. Nofollger vum Apostel Péitrus. Den Härgott soll him bäistoen op all senge Weeër a bei all sengen Entscheedungen. Als neien Hiert mam ganze Vollek Gottes ënnerwee soll den Hellege Geescht hie leeden a stäerke bei allen Erausfuerderungen an der Welt an an der Kierch. Mat Vertrauen an Hoffnung wëlle mir grad am Hellege Joer 2025 dem neie Poopst eisen déiwe Respekt ausdrécken an him eis Ënnerstëtzung als Chrëschten zu Lëtzebuerg zousécheren.
Als Ausdrock vun eiser Dankbarkeet solle muer Freideg um 12.15 Auer d’Klacke vun de Kierchen a Kapellen uechter d’Land wärend zéng Minutte feierlech lauden. An alle Masse vun dësem Sonndeg a wärend der Muttergottesoktav wëlle mir besonnesch fir de Poopst Leo XIV. bieden a säi Wierken als Hiert a Bréckebauer Maria, eiser Patréinesch vu Stad a Land, uvertrauen.
Lëtzebuerg, den 8. Mee 2025
+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Habemus Papam, die historische Formel wurde vom Kardinalprotodiakon Dominique Mamberti um 19:15 Uhr an diesem Donnerstag, dem 8. Mai 2025, dem Fest der Rosenkranzkönigin, auf der Loggia des Petersdoms verkündet. Vor Ort oder über Fernsehen und Internet empfingen Gläubige auf der ganzen Welt den ersten Segen Urbi et Orbi, der Stadt und der Welt, von Leo XIV.
In den kommenden Tagen werden wir unseren neuen Heiligen Vater kennenlernen. Wenn wir zu ungeduldig sind, können wir unsere Neugier in Gebete für den Nachfolger Petri, den Diener der Diener Gottes, verwandeln. Und wir können die Oktave nutzen, die am kommenden Samstag beginnt, um den Papst und die Kirche der Trösterin der Betrübten anzuvertrauen.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
D’Mass vum 4. Januar gëtt aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Rapport annuel de l'Archidiocèse de Luxembourg
Faits marquants 2024-2025 et chiffres 2024.
-
Au terme de l’Année Sainte, messe pontificale d’action de grâce
Le 28 décembre, l’Église qui est au Luxembourg s’est rassemblée à la cathédrale pour achever le jubilé Pèlerins d’Espérance.
-
Le cardinal Jean-Claude Hollerich auprès des détenus
Le 26 décembre, l’archevêque de Luxembourg a célébré la messe à la prison de Schrassig
-
Podcast Épisode 13 – Prof. Dr. Jean Ehret : « Dire Dieu aujourd'hui - dix ans de la LSRS »
Jean Ehret éclaire le dialogue entre religion et société et décrypte les mutations du paysage religieux et les enjeux de notre époque.