Skip to main content Skip to page footer

Maurice Blanche (* 02.07.1940 - † 11.01.2026)

Eise Matbrudder ass den 11. Januar 2026 am Alter vu 85 Joer verscheet.

Eise Matbrudder Maurice Blanche an der Nuecht op e Sonndeg, den 11. Januar 2026, am Alter vu 85 Joer verscheet ass.

Hien ass den 2. Juli 1940 an der Stad gebuer an de 25. November 1972 vum Bëschof Jean Hengen an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn.

De Läichendéngscht mat uschléissender Bäisetzung gëtt dësen Donneschdeg 15. Januar 2026 um 14.30 Auer an der Kierch zu Kapellen gefeiert.

Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un.

Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Maurice senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.

Tréischterin am Leed, biet fir hien.

 

 

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

Maurice Blanche (* 02.07.1940 - † 11.01.2026)

D’Mass vum 11. Januar gouf vun Hueschtert iwwerdroen

Baroudeurs du Christ : les missionnaires de 2026 au cinéma

Papst: Mit dem Wort Gottes beten