Skip to main content Skip to page footer

Pontifikalmass zum Ofschloss vum Hellege Joer 2025

Sonndeg, den 28. Dezember 2025, um 18 Auer an der Kathedral.

Zum Ofschloss vum Hellege Joer 2025 gëtt an eiser Äerzdiözees, wéi an allen Diözeesen ronderëm d’Welt, eng Pontifikalmass gefeiert. D’Feier ass e Sonndeg, den 28. Dezember 2025, um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg. De Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert all Gleeweg häerzlech un dësem wichtege Moment am kierchleche Liewen deelzehuelen. Zu Roum geet d’Jubiläumsjoer, dat ënnert dem Theema “Pilger vun der Hoffnung” steet, de 6. Januar 2026 op en Enn, wann de Poopst Leo XIV. d’Hellegt Paart vum Péitersdoum zoumécht.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

D’Mass vum 4. Januar gëtt aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen

Rapport annuel de l'Archidiocèse de Luxembourg

Au terme de l’Année Sainte, messe pontificale d’action de grâce

Le cardinal Jean-Claude Hollerich auprès des détenus