
Priesterretraite zu Kevelaer
Eng Woch vun enger déiwer Gotteserfahrung, ënnert dem Schutz vu Maria, der Tréischterin am Leed.
Vum 9. bis de 14. Mäerz 2025 hu sechs Geeschtlech aus eiser Äerzdiözees zu Kevelaer un der Retraite deelgeholl, déi vum lëtzebuerger Priesterrot organiséiert gouf. Priedeger war de Paschtouer vu Sankt Marien a Wallfahrtsrektor, den Domkapitular Stefan Dördelmann, deen d'Gäscht vu Lëtzebuerg häerzlech am Priesterhaus begréisst huet ënnert dem Motto: die "Mutter" kommt zur "Tochter".
Mat enger ganz léiwer an humorvoll Art a Weis huet hiën déi Geeschtlech an d'Gebiet agefouert ënnert dem Thema "Was sucht ihr den Lebenden bei den Toten". Dobäi ass och déi modern Konscht nët ze kuerz komm, déi beim Meditéieren gehollef huet. Zesummen hu si all Dag d'Mass an de Marienlob an der Käerzekapell gefeiert. Derniewent hu si vun him d'Antoniuskierch an d'Clemenskapell erkläert kritt, de Kräizweegebiet, de Projet "Fazenda" bei Xanten besicht a vum Basilikaorganist Elmar Lehnen d'Basilikauergel erkläert kritt, déi gréissten däitsch-romantesch Uergel mat hieren 104 Regësteren.
Et war eng Woch vun enger déiwer Gotteserfahrung, ënnert dem Schutz vu Maria, der Tréischterin am Leed, däert hiert Bild jo zu Kevelaer veréiert gëtt.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Kardinal Jean-Claude Hollerich wurde in den Ritterorden vom Heiligen Grab zu Jerusalem aufgenommen
Nach mehr als dreißig Jahren im Dienst hat Monsignore Fernand Franck sein Amt als Großprior der Statuar-Lieutenanz an ihn übergeben.
-
D’Mass vum 13. Juli gëtt vu Noumer iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Episod 3: "e Wonner"
Op ee Wuert – E Bibel-Podcast iwwer "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn.
-
Mor Polycarpus: „Die orthodoxe Kirche hat eine poetische Herangehensweise an die Glaubenswahrheiten.“
Interview mit dem Metropoliten der Syrisch-Orthodoxen Kirche in den Niederlanden.