Les homélies de l'Octave 2025
Lire les sermons
Datum | Titel | Themen | Bibelreferenzen |
12.05.25 | Mir ginn an d’Oktav (Pilger-in) | Pilgersinn Le pèlerinage intérieur | Psalm 120/121 |
13.05.25 | We pray (Coldplay) | Hoffnung a Gebiet Espérance et prière | Röm 12,9-16b |
14.05.25 | Die Liebe wiederfinden und die Kurve kriegen (Anne Will) | Hoffnung a Léift Espérance et charité | 1Kor 13, 1-13 |
15.05.25 | …diese innere Anbindung an einen Gott (Marie-Rose Fritz) | Hoffnung a Glawen Espérance et foi | Rom 8, 31b-39 |
16.05.25 | Mir vergiessen, datt mir selwer Äerd sinn (Poopst Franziskus) | Hoffnung a Schëpfung Espérance et écologie | Gen 2,18-25 |
18.05.25 | Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich (Paulus vun Tarsus) | Hoffnung an Trouscht Espérance et consolation | 2 Kor 1,3-7 |
19.05.25 | Wann dat hei riwwer ass, drénke mir e Patt zesummen (anonym) | Hoffnung als Anker Espérance dans l‘épreuve | Joh 2,1-11 |
20.05.25 | « Celui qui n'ose pas s'attaquer à ce qui est mauvais, sait mal défendre ce qui est beau. » (Robert Schuman) | Hoffnung a Wäerter Espérance et valeurs | Phil 4,1.4-9 |
21.05.25 | Père, je compte sur Toi mon Dieu (anonyme) | Hoffnung géint all Hoffnung Espérance contre vents et marées | Gen 22,1-19 |
22.05.25 | Hoffnung ist nicht die Überzeugung, dass etwas gut ausgeht, sondern die Gewissheit, dass etwas Sinn hat, egal wie es ausgeht. (Václav Havel) | Hoffnung fir d’Kierch Semeurs d‘espérance | Mt 13,1-6 |
23.05.25 | Ich werde erwartet (Franz Kamphaus) | Hoffnung iwwert den Dout eraus Espérance et vie éternelle | 1 Kor 15,19-26 |
Lesung: Psalm 120/121
Ein Lied für die Wallfahrt.
Ich erhebe meine Augen zu den Bergen: Woher kommt mir Hilfe?
Meine Hilfe kommt vom HERRN, der Himmel und Erde erschaffen hat.
Er lässt deinen Fuß nicht wanken; dein Hüter schlummert nicht ein.
Siehe, er schlummert nicht ein und schläft nicht, der Hüter Israels.
Le Seigneur, ton gardien, le Seigneur, ton ombrage, se tient près de toi.
Le soleil, pendant le jour, ne pourra te frapper, ni la lune, durant la nuit.
Le Seigneur te gardera de tout mal, il gardera ta vie.
Le Seigneur te gardera, au départ et au retour, maintenant, à jamais.
1. Oktavpriedegt: „Mir ginn an d’Oktav“, Pilger sinn
Le pèlerinage intérieur
Léiwen Här Kardinol,
léif Matbridder,
léif Pilgerinnen a Pilger,
Wéi ech als jonke Paschtouer a meng éischt Por agefouert gouf, huet den deemolegen Dechen zu mir gesot: „Lo ginn ech der nach e gudde Rot: Wann’s Du priedegs, da maach et kuurz a gutt. Wann et net gutt ass, dann ass et wéinstens kuurz!“
Vläicht sot Dir herno: „Hätt hien sech nëmmen dorunner gehal!“, well ech kann Iech weder dat eent, nach dat anert verspriechen.
Da loosse mir mol kucken.
„Mir ginn an d’Oktav!“ – Dëse Saz hunn ech vu Kand un all Joer doheem héieren an vill vun Iech, déi mir elo nolauschteren bestëmmt och.
Fir d‘éischt hu mir de Saz héieren a mir sinn als kleng Debbëssen matgepilgert an duerno hu mir hien selwer gesot, well d’Oktav zu eiser DNA als Katholiken zu Lëtzebuerg derzou gehéiert.
„Mir ginn an d’Oktav“ ass e kuerze Saz, mee déi puer Wierder drécken eppes ganz Schéines an Eemoleges aus.
Fänke mir mol mat deem éischte Wuert un: „Mir“ – wann een selbstverständlech och als eenzelne Pilger bei d’Muttergottes goe kann, esou pilgert een awer gemengerhand mat aneren zesummen: als Koppel, als Famill, als Por, als Dekanat, als Mouvement, als Verband, als Grupp asw..
Vu vireran ass d’Oktav ee gemeinschaftlecht Erliewen. Et kritt een e „Mir-Gefill“, et emfënnt een eng Verbonnenheet mat aneren, déi ee soss an eise Poren kaum esou fënnt.
Wa mir an der Kathedral virum Gnodebild all zesummen „O Mamm, léif Mamm“ sangen – do sangen jo esouguer déi mat, déi keng gebuere Pavarotti‘e sinn -, da kënnt eng Atmosphère vun Zesummegehéiregkeet op, déi ënnert Haut geet a prägt.
„Mir ginn“ ass eisen zweete Sazdeel. D’Goen dréckt aus, datt mir äis a Bewegung setzen, datt mir äis deplacéieren.
Dat gëllt fir déi meescht vun äis am wuertwiertleche Sënn. Aus allen Ecke vum Ländchen maache mir äis an dëse 14 Deeg op de Wee: zu Fouss, mam Auto, mam Zuch, mam Bus, mam Velo, jiddereen esou, wéi et hien am beschten arrangéiert oder wéi hien sech et virgeholl huet.
Mir ginn, mir leeën e Wee zréck, mee mir maachen dat net nëmmen mat eise Féiss oder mat eisen Transportmëttel.
Et geet net ëm d’Zréckleeë vu Kilometer. Mir ginn an d’Oktav net als Marcheuren mat der Stempelkaart a net als Touristen op Entdeckungstour mee als Pilgerinnen a Pilger. Dat heescht, datt mir als gleeweg Menschen ënnerwee sinn zu engem Sanctuaire, enger Plaz vu Gnoden, déi äis am Glawen, an der Hoffnung an an der Léift stäerke soll.
Fir eise verstuerwene Poopst François ass d’Pilgeren net nëmmen e wesentlicht Element vun dësem Jubiläumsjoer mee iwwerhaapt vum Chrëschtsinn.
Fir hien ass de Glawen net e Pak vun Idien, un déi ee gleewe muss mee virun allem Wee, deen ee goe muss.
De Glawen ass e stännegt Pilgeren, dat sech auszeechent duerch dräi Kennzeechen: Risiko, Middegkeet an Ziil.
De Risiko:
Mir wëssen, datt d’Pilgeren virun Jorhonnerten mat en etlech Risiken verbonne war. Jenodeem konnt ee vu Räiber iwwerfall, blesséiert a geplëmmt ginn. D’Weeër ware net wéi haut an et war och net op Schratt an Tratt en Ënnerstand ze fannen géint Blëtz an Donner. Trotzdem hu sech Pilger op de beschwéierleche Wee gemaach. Och bei äis am 17. Jorhonnert, dem Ufank vun eiser Oktav, an Zäite vu Krich, vun Epidemien an all Zochte vu. Si hunn de Risiko op sech geholl well si hiert d’Liewen duerch Maria an d’Hand vum Herrgott geluecht hunn an domatt ee Geste vu groussem Vertrauen an erwaardungsvoller Hoffnung gesat hunn.
Léif alleguer,
Fir äis ass de Wee an d’Kathedral relativ ongeféierlech, mee eist Pilgeren am Glawen onofhängeg vun der Oktav ass duerchaus Risiken ausgesat.
Et gëtt de Risiko vum Zweifel bis hin zum Offal. Ech hu scho Leit héiere soen: „Ech hu fréier gegleeft, mee wann ech haut an d’Welt kucken, mat all deem Schlëmmen, wat et do gëtt, an och an der Kierch, da kann ech elo net méi gleewen.“
Et gëtt de Risiko vun der Kamoutheet. „Mir leie sonndes gäer méi laang am Bett! Et ass een an der Woch scho gestreest genug. Wat soll ech do an d’Kierch lafen. Do setzen just e puer al Leit an ech hunn och näischt dovun.“
Et gëtt de Risiko vun der Gläichgültegkeet a vun der Indifferenz: „Wat solle mir haut nach un déi al Geschichten aus der Bibel gleewen, d’Wëssenschaft huet äis dach opgekläert. Ech hu géint keen eppes. Jiddereen soll gleewen, wat hien wëll. D’Reliounen hunn all eppes Guddes an och eppes Schlechtes. Ech hale mech do raus. Ech maache keen dout a fir de Rescht brauch ech dat net.“
Tëschent all dëse Stëmmen beweege mir äis haut als Männer a Fraen um Wee vum Glawen. Tëschent all dëse Meenungen an Iwwerzeegungen gi mir eise Wee virun am Vertrauen ob den Herrgott a séng Féierung.
Mir loossen äis net ofbrénge vum Wee mat dem Herrgott an op hien hin. Mir ginn an d’Oktav, mir ginn eise Wee vum Glaf mat Determinatioun an Trei weider!
Dat zweet Kennzeechen vum Pilgeren: d‘Middegkeet
Ech wees nach gutt, wéi schecklech midd ech war, wann ech als Jonken um Pélé des Jeunes vu Miersch aus ze Fouss an d’Kathedral gepilgert sinn. Trotz de flotte Lidder sinn d’Aan opemol zougefall. Ech war net deen eenzegen, deem et esou gaang ass.
Ech hoffen, datt Dir an der Andacht net entschloft mee d’Middegkeet ka sech awer um Wee vun eisem Glawen aschläichen.
Net all Gebiet gëtt esou erhéiert, wéi een sech dat géif wënschen, do kann een enttäuscht an ofgestommt ginn. Et ass ustrengend haut ze gleewen well een vun aner gekuckt gëtt wéi wann ee vum Mound kéim oder aus dem läschte Jorhonnert.
Och de Glawe praktizéieren ass méi komplizéiert ginn. „Et ass ee ganzt Gedeesëms fir sonndes an eng Mass ze kommen“ soen d‘Leit. D’Kanner hu kee Reliounsunterricht méi a fir si an d’Kateches ze kréien ass grad esou ee Gedeesëms. Plo. Do besteet d’Gefor, datt ee sech seet: „Ma hunn ech dat Ganzt do néideg, ech bleiwen heiheem.“
Et gëtt awer och nach eng aner Gefor: Den heemleche Verdacht kinnt jo mol an engem opkommen, datt den Herrgott selwer schlofe géif. Et gëtt hien zwar, mee hien gëtt sech mir net richteg ze erkennen, hien weisst mir net däitlech genug, datt hien u mir an u menge Suergen, Froen a Problemer interesséiert ass.
Dëse Verdacht vum midden Herrgott, dee gouf et schonn am Vollek Israel. Dofir rësselt de Wallfaartspsalm, dee mir virdun héieren hunn déi skeptesch Pilger. Seng Botschaft ass kloer: Den Herrgott, de Gardien vun Israel, schléift net. Hien tompt net an iwwerdeems Du him Deng Uleies sees. Den Herrgott ass trei un denger Säit. Dëst Vertrauen ass den déifte Grond firwat mir Pilger a Pilgerinnen vun der Hoffnung sinn: Den Herrgott ass mat mir!
Da komme mir bei dat läscht Kennzeechen vun eisem Goen: et ass en Ziil virun Aan hunn.
Hei bei äis ass dat d’Kathedral mat dem Gnodebild vun eiser léiwer Patréinesch.
Awer Maria ass jo ni en Endziil mee ee Richtungspanneau op deen hin, vun deem si am Magnifikat séngt: „Den Här huet Grousses u mir gemaach.“
Eist Ziil am Glawen ass den Herrgott selwer. Mir erreechen hien ni ganz well hien ëmmer méi grouss ass wéi mir. Dat ass gutt esou. Mir bleiwen esou ëmmer Pilger, ëmmer Menschen op der Sich no Gott, mir si ni fäerdeg mat him. D’Sichen no him ass een Zeechen vun eiser Léift fir hien. Mir bleiwen mat him um Ball, mir bleiwe mat him an engem liewegen Echange, egal wat kënnt.
Esou wéi mir net ophalen mat eisem Pilgeren an d‘Oktav, esou hale mir net op, fir äis him unzevertrauen an äis Hoffnung op hien ze setzen. Gott schléift net a mir bleiwe fir hien wackereg.
Elo misst ech esou lues zum Schluss kommen mee ech sinn nach net fäerdeg mat dem Saz, vun deem ech ausgaang sinn: Mir ginn an d’Oktav.
Elo kënnt nach: an d’Oktav. Ech fannen deen Ausdrock esou schéin well hien vermëttelt, datt mir an eppes eraginn. D’Oktav ass wéi eng heemlech Stuff an déi ee rageet well een do seng Plaz huet mat aneren, well do eng Mamm op ee waart. Alles ass engem vertraut an un d’Häerz gewues. D’Oktav ass e Stéck vun äis a mir vun hir. Si ass eng eemolege Chance fir eis Kierch an eng Quell vun Hoffnung fir all Pilger.
Chers frères et sœurs en Christ,
J’avais annoncé qu’une partie de mon sermon serait en français pour signifier ainsi que l’Octave nous concerne tous, peu importe notre passeport et notre origine.
Je nous rappelle que de très nombreux ressortissants non-luxembourgeois qui vivent chez nous viennent de pays connus pour leurs hauts-lieux de pèlerinages. Je ne cite que Fatima, Lourdes, Rome, Assise, Saint Jacques de Compostelle, Banneux, Kevelaer et ainsi de suite.
Dans sa bulle d’indiction du Jubilé de 2025, le Pape François nous a dit que le pèlerinage est un élément fondamental de tout événement jubilaire. Il est l’expression de la vie chrétienne qui a besoin de moments forts pour nourrir et fortifier l’espérance. Elle est l’accompagnateur du pèlerin sur son chemin et lui indique le but : la rencontre avec le Seigneur Jésus.
Dans ce contexte j’aimerais revenir sur une conférence de Carême en cette Cathédrale organisée dans le cadre du 400e anniversaire de l’Octave et donnée par le Père Abbé de Clervaux, Dom Michel Jorrot. Elle a été excellente et je vous recommande de la revoir sur you tube si vous l’avez ratée.
Le Père Abbé nous a avertit qu’un pèlerinage n’est pas une simple promenade. Le pèlerinage a un but spirituel. La motivation qui le met en mouvement relève du cœur du pèlerin.
Le vrai chemin à parcourir ne se fait pas avec les pieds mais avec le cœur. C’est lui qui veut progresser. Il s’agit en fait d’un pèlerinage intérieur qui est une avancée vers Dieu.
« Si nous n’avons pas choisi d’être là parmi les vivants, nous pouvons faire de notre vie un pèlerinage selon un chemin que nous choisissons. » disait encore Dom Jorrot.
Voilà des propos qui me touchent, chers frères et sœurs. « Aller à l’Ocatve » comme le disent les Luxembourgeois ne se résume pas à assister à une messe et à manger un poisson frit. Nous sommes invité à un pèlerinage intérieur qui nous fait davantage avancer vers Dieu grâce au Christ et par Marie.
Il s’agit d’ouvrir notre cœur et de le laisser remplir par l’espérance qui est un don de l’Esprit Saint. « Sans espérance, il n’y a pas de pèlerinage » nous dit encore le Père Abbé car notre espérance trouve son fondement en Dieu qui est le but de notre vie et de notre cheminement spirituel.
Merci pour l’Octave, faisons-en un pèlerinage intérieur. Amen.
Lesung aus dem Brief an die Römer
Die Liebe sei ohne Heuchelei. Verabscheut das Böse, haltet fest am Guten!
Seid einander in brüderlicher Liebe zugetan, übertrefft euch in gegenseitiger Achtung!
Lasst nicht nach in eurem Eifer, lasst euch vom Geist entflammen und dient dem Herrn!
Freut euch in der Hoffnung, seid geduldig in der Bedrängnis, beharrlich im Gebet!
Nehmt Anteil an den Nöten der Heiligen; gewährt jederzeit Gastfreundschaft!
Segnet eure Verfolger; segnet sie, verflucht sie nicht! Freut euch mit den Fröhlichen und weint mit den Weinenden!
Seid untereinander eines Sinnes; strebt nicht hoch hinaus, sondern bleibt demütig!
Wort des lebendigen Gottes. Dank sei Gott.
Lecture de la Lettre aux Romains (12,9-16b)
Que votre amour soit sans hypocrisie. Fuyez le mal avec horreur, attachez-vous au bien.
Soyez unis les uns aux autres par l’affection fraternelle, rivalisez de respect les uns pour les autres.
Ne ralentissez pas votre élan, restez dans la ferveur de l’Esprit, servez le Seigneur,
ayez la joie de l’espérance, tenez bon dans l’épreuve, soyez assidus à la prière.
Partagez avec les fidèles qui sont dans le besoin, pratiquez l’hospitalité avec empressement.
Bénissez ceux qui vous persécutent ; souhaitez-leur du bien, et non pas du mal.
Soyez joyeux avec ceux qui sont dans la joie, pleurez avec ceux qui pleurent.
Soyez bien d’accord les uns avec les autres ; n’ayez pas le goût des grandeurs, mais laissez-vous attirer par ce qui est humble.
2. Oktavpriedegt: "We pray" (Coldplay): Hoffnung a Gebiet
Espérance et prière
Här Kardinol,
Léif Matbidder,
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Eng vun deene Kéieren, wou ech mech blaméiert hunn war déi, wou ech e jonke Paschtouer zu Steebrécken, Biergem a Wickréng a gläichzäiteg Aumônier vun der Landjugend war.
Zu däer Zäit gouf et an der Landjugend Furen e klengen Ensemble vu Museker a Sängerinnen a Sänger, déi Jugendmassen, - verschiddener hunn och gesot „Rock-Massen“ - animéiert hunn. D’Kierchen an deene mir déi Masse gefeiert hunn, waren all Kéier zum Baschte voll.
Beim Programm goufen ënner anerem och Lidder vu bekannte Pop-Gruppe gespillt. „Um Schluss vun der Mass spille mir dann e Lidd vu Coldplay“ soten déi Jonk. „Vu Coldplay?“ hunn ech gefrot? – „Ma jo!“ – „Kenns Du déi da net?“.
A schonn hat ech mech gutt bei de Jonke blaméiert. Dës Pop- a Rock-Grupp gëtt et nach ëmmer, si ass dacks uewen an den Charts ze fannen a gëtt och bei eis um Radio vill gespillt.
All Kéier wann ech e Song vu Coldplay héieren geet de Saz nach ëmmer duerch mech: „Wat? - Kenns Du déi da net!“
En aktuellen Titel vu Coldplay ass: „We pray“.
D’Lidd hëllt refrainarteg d’Opfuederung op: and so we pray… an esou biede mir …Am Song heescht et ënner anerem op Lëtzebuergesch iwwersat:
Ech bieden, datt ech net opginn,
biet, datt ech mäi Bescht ginn,
biet, datt ech mech opriichte kann,
biet, datt mäi Brudder geseent ass.
Wat mech immens verwonnert ass, datt an eiser Zäit d’Gebiet grad an der Pop-Zeen thematiséiert gëtt an een doriwwer e Song mécht, deen Erfolleg huet.
Bieden ass nämlech net méi schrecklech „in“ wann een verschiddene Statistike gleewe kann.
Déi bekannte Shell-Jugendstudie vun 2024 huet erginn, datt knapp 20% vun de jonke Leit tëscht 15 a 25 Joer 1-mol an der Woch bieden.
D‘Halschent vun hinne soen, si géife ni bieden. Virun 20 Joer waren et nëmmen 30% déi uginn hunn ni ze bieden. Do gesäit een e kloren Trend.
Bei den Erwuessenen gëtt et eng ähnlech Tendenz. Eng representativ Ëmfro vum Magazin Chrismon huet erginn, datt bal 50% vun de Männer soen, si géife ni bieden, dodergéint „nëmmen“ 30% vun de Fraen. – Felicitatiounen Dir Dammen!
Dëst Resultat verwonnert net unbedingt, well d‘Gebiet ass jo eng bewosst Hikéier zum Herrgott, an zwar am beschten net nëmmen mat de Lëpsen mee mam ganzen Häerz.
Wann den Herrgott net méi als e perséinlechen „Du“ virkënnt, zu deem een eng ënner Bezéiung huet, da gëtt et och kee richtege Grond fir ze bieden.
Et kinnt ee soen: d’Wichtegkeet vum Gebiet steet a Relatioun zu der Wichtegkeet vum Herrgott am Liewe vun engem Mensch.
Datt dës Behaaptung net ganz falsch ass, weist eng Statistik vum Statec zu der Religiositéit vun de Leit zu Lëtzebuerg, déi op 2021 zréckgeet.
Si hält fest, datt fir bal 60 % den Herrgott keng wichteg Roll an hirem Liewe spillt.
Wann awer den Herrgott keng Roll spillt, wann hien also als Halt a Stäip wegfällt, dann huet dat och Auswierkungen dorop, wéi een Hoffnung definéiert. Hoffnung kënnt dat net vun engem aner, mee et muss ee sech seng Hoffnung selwer maachen.
Déi beweegt sech dann gemengerhand am Kader vun deem, wat een no rationale Kritären kann als eng positiv Entwécklung fir d‘ Zukunft unhuelen.
Et hofft een zum Beispill dorop, datt de Familjemember, deen op der Réa läit den Hireschlag pakt wéinst der Kompetenz vun den Dokteren an dem Fortschrëtt an der Medizin;
et hofft een op gutt Wieder well d’Previsiounen vun der Meteo ëmmer méi präzis ginn;
et hofft een, datt d’Kanner den Exame paken well se bis dohinner ëmmer gutt Tester haten;
et hofft een, datt een d’Plaz fir déi een kandidéiert och kritt well Virstellungsgespréich gutt gelaf ass an esou weider.
Jo, all dës Hoffnungen si berechtegt. Och mir, fir déi den Herrgott eng Roll spillt, hunn vill Hoffnungen vun där doten Zocht. Eisen Alldag ass ouni si net denkbar.
Elo kennt Dir Iech awer schonn denken, datt ech nach mat engem „mee“ kommen.
De Poopst Benedikt XVI. huet dëse „mee“ a sénger Enzyklika Spe salvi esou ausgedréckt : „Wir brauchen die kleineren und größeren Hoffnungen, die uns Tag um Tag auf dem Weg halten. Aber sie reichen nicht aus ohne die große Hoffnung, die alles andere überschreiten muss. Diese große Hoffnung kann nur Gott sein, der das Ganze umfasst und der uns geben und schenken kann, was wir allein nicht vermögen.
…et le Pape Benoît XVI continue dans son encyclique Spe salvi : Dieu est le fondement de l’espérance – non pas n’importe quel dieu, mais le Dieu qui possède un visage humain et qui nous a aimés jusqu’au bout (…).
Seul son amour nous donne la possibilité de persévérer avec sobriété jour après jour, sans perdre l’élan de l’espérance, dans un monde qui, par nature, est imparfait. »
Benoît XVI nous rappelle ainsi que l’espérance des chrétiens dépasse le cadre des espoirs humains. Vous avez remarqué que j’ai fait la distinction entre espoir et espérance.
En effet, l’espoir est tourné vers l’action de l’homme alors que l’espérance chrétienne est tournée vers Dieu et sur ses promesses de fidélité.
Le giron de ce qui est possible à espérer s’élargit avec le Dieu d’amour pour qui tout est possible.
Comment nourrir cette grande espérance qui dépasse nos petits et grands espoirs ?
La réponse n’est pas si difficile à trouver.
Si le fondement de notre espérance est Dieu, et si la prière nous met en communion avec lui, c’est la prière qui anime l’espérance.
La prière renforce notre confiance en Dieu et en ses dons. La prière fait le pont entre notre cœur et celui de Dieu. Mais attention, s’il est légitime de présenter à Dieu tous nos soucis et nos préoccupations, il ne faut pas que notre prière se limite à demander des choses superficielles et commodes que l’on désire dans l’instant. Celles-ci seraient au service d’une fausse petite espérance qui éloigne de Dieu.
D'une part, notre prière doit être très personnelle et être une confrontation de mon moi avec le Dieu vivant, comme le dit Benoît XVI.
D'autre part, cependant, elle doit toujours être à nouveau guidée, éclairée et si nécessaire purifiée par les grandes prières de l'Église et des saints, par la prière liturgique, dans laquelle le Seigneur nous enseigne à prier de façon juste.
Chers frères et sœurs,
L’Octave est un merveilleux lieu de prière car elle nous permet de nous approcher de Dieu en lui confiant notre état d’âme d’une manière très personnelle. Il y a des temps de silence et d’adoration eucharistique qui s’y prêtent très bien.
En même temps, au cours des nombreux offices et temps de prières qui nous sont proposés, nous prions avec les autres et pour les autres. Nous élargissons le périmètre de notre prière individuelle en nous associant à la prière communautaire et liturgique.
Il faut les deux pôles pour que notre prière devienne vraiment une source d’espérance pour nous-mêmes et pour les autres.
Marie, la mère du Christ, soutient notre prière. Nous la retrouvons au Cénacle en prière avec les disciples de Jésus après sa résurrection.
Le Cénacle, c’est aussi notre Cathédrale, les amis de Jésus, ce sont nous. Marie prie avec nous et pour nous aujourd’hui. Elle est la femme qui met toute sa confiance dans la volonté divine comme source d’espérance.
« Qu’il me soit fait selon ta parole. » - Si nos prières rejoignent la confiance de Marie, elles nous ouvrent à l’espérance qui ne déçoit pas.
Léif Schwësteren a Bridder,
Et muss eenn net Coldplay lauschteren fir op de Goût ze kommen fir ze bieden. Haaptsaach d’Gebiet gehéiert op eng natierlech Art a Weis zu eisem Chrëschtsinn.
D’Gebiet mécht de Lien tëscht eisem Liewen, wéi et sech haut an elo presentéiert mat all deem, wat äis beschäftegt, wat äis dréckt a quëtscht an de Verspriechen vum Herrgott. Säi gréisst Verspriechen ass dat vu senger Trei. Hien huet et gehal am Jesus, dee fir äis gestuerwen an operstan ass.
Um Gnodebild, virun deem schon zënter 400 Joer gebiet gëtt, hält Maria hien äis entgéint als hiert Kand mat enger Kroun um Kapp a mat der Ärdkugel an der Hand.
D’Kroun ass d’Zeeche vu senger Herrschaft, déi méi staark ass wéi all Dout an all Hoffnungslosegkeet.
D’Aerdkugel ass en Zeechen, datt eist Liewen a senger Hand ass an datt hien et dréit. Dat ass eis grouss Hoffnung, déi ni enttäuscht. Amen.
Lesung (1 Kor 13,1-13)
Wenn ich in den Sprachen der Menschen und Engel redete,
hätte aber die Liebe nicht, wäre ich dröhnendes Erz oder eine lärmende Pauke.
Und wenn ich prophetisch reden könnte und alle Geheimnisse wüsste und alle Erkenntnis hätte;
wenn ich alle Glaubenskraft besäße und Berge damit versetzen könnte, hätte aber die Liebe nicht, wäre ich nichts.
Und wenn ich meine ganze Habe verschenkte
und wenn ich meinen Leib opferte, um mich zu rühmen, hätte aber die Liebe nicht, nützte es mir nichts.
Die Liebe ist langmütig, die Liebe ist gütig. Sie ereifert sich nicht, sie prahlt nicht, sie bläht sich nicht auf.
Sie handelt nicht ungehörig, sucht nicht ihren Vorteil, lässt sich nicht zum Zorn reizen, trägt das Böse nicht nach.
Sie freut sich nicht über das Unrecht, sondern freut sich an der Wahrheit. Sie erträgt alles, glaubt alles, hofft alles, hält allem stand.
Die Liebe hört niemals auf. Prophetisches Reden hat ein Ende, Zungenrede verstummt, Erkenntnis vergeht.
Denn Stückwerk ist unser Erkennen, Stückwerk unser prophetisches Reden; wenn aber das Vollendete kommt, vergeht alles Stückwerk.
Als ich ein Kind war, redete ich wie ein Kind, dachte wie ein Kind und urteilte wie ein Kind. Als ich ein Mann wurde, legte ich ab, was Kind an mir war.
Jetzt schauen wir in einen Spiegel und sehen nur rätselhafte Umrisse, dann aber schauen wir von Angesicht zu Angesicht.
Jetzt ist mein Erkennen Stückwerk, dann aber werde ich durch und durch erkennen, so wie ich auch durch und durch erkannt worden bin.
Für jetzt bleiben Glaube, Hoffnung, Liebe, diese drei; doch am größten unter ihnen ist die Liebe.
3. Oktavpriedegt: "Die Liebe wiederfinden und die Kurve kriegen" (Anne Will)
Espérance et amour
Här Kardinol,
léif Schwësteren a Bridder,
Ech maachen elo en Test mat Iech.
Dir kritt 100 EUR an Dir huet d’Wiel: Entweder Dir behaalt Är 100 EUR oder Dir kënnt mat deene Suen e Mënsch retten, deen Tuberkulos huet. Eng Hëllefsorganisatioun, déi sech ëm dee Patient këmmert gëtt Iech déi Garantie. Wat maacht Dir? D’Suen halen oder de Mënsch retten?
Zweeten Test :
Dir kritt elo 250 EUR a nees huet Dir déi selwecht Wiel. Entweder d’Sue behalen oder domat d’Therapie vun engem Tuberkulosepatient bezuelen an hie retten. Wéi gesäit Äre Choix aus?
Keng Angscht, ech kommen elo net bei Iech laanscht fir Iech de Mikro virun de Mond ze halen.
Awer genee dësen Test gouf am Kader vun der sougenannter „Lebensretterstudie“ an Däitschland gemaach.
Beim éischten Test mat den 100 EUR hunn e bësse méi wéi d’Hallschent - fir genee ze si 57 % - dem Tuberkulosepatient hëllefe wëllen.
Beim zweeten Test mat den 250 EUR war et nach just knapp en Drëttel. Am Kloertext: Zweedrëttel hunn also léiwer déi 250 EUR fir sech behal, wéi si fir d’Heelung vun engem Mënsch ze ginn.
Dorunner gesäit een, datt et mat dem Guttsinn awer net esou einfach ass, wéi een dat vläicht kéint unhuelen.
De Professer, deen déi Studie gemaach kënnt zu der heiter Konklusioun: „D’Moral huet hire Präis. Wa mir eppes fir anerer maachen, da weie mir d’Käschten an de Notze géint eneen of. Wat d’Käschte méi héich sinn – sief et Geld, Zäit oder Empathie, - wat et ëmsou méi onwarscheinlecher ass, datt ee Mënsch eppes Guddes mécht.
An anere Wieder: d’Lat vum Effort dierf net ze vill héich hänken, wa mir sollen eppes Guddes maachen.
Wann deem esou ass, wéi steet et da mat der Hoffnung fir eis Welt?
Well et gëtt genuch Mënschen, deenen hiert Liewen an Iwwerliewe vun der Guttheet, - dat wëll soe vun der praktizéierter Solidaritéit - vun aneren ofhänkt. Gëtt hiert Schicksal wierklech vun engem rationalen a kale Kalkuléiere vun de Käschten an dem Notze vun de Privilegéierte vun dëser Welt determinéiert?
Wat ass, wann dëse Kalkül net opgeet? Schliisslech liewe mir an engem Ëmfeld vu Krisen a vu grousser Onsécherheet.
Mir ware laang Joren u geopolitesch a wirtschaftlech Stabilitéit gewinnt. Spéitstens zënter Corona, dem Krich an der Ukrain an der Presidentewal an Amerika ass et domat riwwer.
Mee och am perséinleche Liewe si vill Mënschen veronséchert: d’Liewenskäschte gi permanent an d‘Luucht, vill Mariagen zerbriechen, bezuelbar Wunnengen si ganz schwéier ze kréien, Wiederextremer huelen zou, d’Migratioun an d‘Ängschten, déi si ervir rifft och, egal ob berechtegt oder net.
Do läit et no, datt vill Leit mol fir d’éischt no sech selwer kucken. Schliisslech kann ee jo net déi ganz Welt retten.
Ass d’Guttsinn da just eppes fir déi, déi sech et leeschte kënnen? Scheitert d‘Hoffnung fir d’Welt a fir déi Benodeelegt um Präis, dee fir d’Solidaritéit ze bezuelen ass?
Wann dat de Fall wier, da wiere mir all ze bedaueren. Et gëtt awer - Gott sei Dank - nach eng aner Ressource fir d’Hoffnung ze nieren.
Et ass déi bescht an déi gréisst, et ass eng, déi nohalteg ass an déi iwwerall op der Welt bekannt ass: Et ass d’Léift.
Chers pèlerins,
il y a un lien intrinsèque entre l’espérance et l’amour. L’espérance se fonde sur l’amour. Mais attention : l’amour ne se confond pas avec la bonté.
La bonté est cet assaut du cœur qui nous pousse à un geste d’altruisme. Ce geste dépend très souvent de notre humeur, de circonstances favorables, de nos moyens disponibles, de la manière dont nous sommes perçus par les autres etc...
La bonté se vit un peu par hasard. Si une occasion se présente et que je suis bien disposé, que l’effort qu’elle demande n’est pas trop exigeant, je fais un geste de bonté.
Entendons-nous bien. Ce geste est important, sans aucun doute. Tout geste humain transforme le monde vers le bien et est donc une raison pour espérer. Pourtant, l’homme est capable de plus, il est capable d’aimer.
L’amour vrai est désintéressé et ne calcule pas. Il est gratuit. L’amour comporte aussi un côté sacrificiel, puisqu’il demande le don de soi-même et le renoncement.
Sans vouloir faire du tort aux pères, mais est-ce que ce ne sont pas les mères qui nous apprennent en premier ce qu’est l’amour ?
Elles ne sortent pas d’abord la calculatrice pour évaluer l’effort demandé par rapport au rendement à espérer quand elles se lèvent dans la nuit, assurent le ménage, font le taxi, vont au boulot, essuient des larmes, consolent, écoutent, conseillent, encouragent...!
Quand on aime, on fait la preuve que les égoïsmes sont surmontables et que l’autre a une vraie valeur. L’amour nourrit l’espérance qu’un autre monde est possible, un monde profondément humain. L’amour a un pouvoir transformateur. Il nous dit que des choses peuvent bouger, changer, s’améliorer. L’amour ouvre des brèches pour l’espérance.
Soyons reconnaissants pour toutes celles et tous ceux que nous avons côtoyés depuis notre enfance et qui par l’exemple de leur vie nous ont appris à aimer. Ils ont inauguré notre pèlerinage de l’espérance parfois sans le savoir.
Chers frères et sœurs,
Dans la lecture que nous avons entendu, l’apôtre Paul nous a donné un inventaire des caractéristiques de l’amour parfait. Elles sont souvent lues au cours des célébrations nuptiales : l’amour prend patience, il rend service, il ne jalouse pas, il supporte tout, il est désintéressé, il fait confiance en tout, il espère tout.
Mais n’est-ce pas trop beau pour être vrai ? L’idéal que Paul nous dessine dans sa lettre aux Corinthiens est-il assez ancré dans notre réalité pour qu’il puisse être une source d’espérance qui nous pousse en avant ?
La réponse est au moins double. Primo : Paul nous rappelle que sans l’amour nos actions les plus prestigieuses ne valent rien. Sans amour notre vie se vide de sens et donc d’espérance. En fait, nous n’avons pas d’autre choix que d’aimer. Nous nous le devons à nous-mêmes. Que cela soit bien compris.
Secundo : Quand Paul fait l’éloge de l’amour il n’est peut-être pas faux de penser qu’il se réfère à l’amour que le Christ a pour nous. Il l’a montré de façon crédible par le don de sa vie. Essayez de remplacer dans le texte le mot « amour » par le mot « Jésus » : Jésus supporte tout, il fait confiance en tout, il espère tout, il endure tout. Jésus ne passera jamais. Par l’exemple de son amour il nous a révélé l’amour de Dieu le Père pour nous tous.
Cet amour n’est pas un idéal à rater mais une source à puiser car Dieu donne à celui qui s’ouvre à lui. Son amour parfait nourrit notre amour imparfait et ouvre des chemins d’espérance.
Léif Schwësteren a Bridder,
An engem Interview, deen déi bekannten däitsch Journalistin Anne Will ginn huet, ass si gefrot ginn, wat si sech géif erhoffen. Hir Äntwert war ënner anerem: „ dass wir die Liebe wiederfinden und die Kurve kriegen.“
Op esou ville Plaze kann d’Léift verluer goen: am Stot, an der Famill, am Veräin, an der Politik, am Sport, am Commerce, an der Kierch…awer mir dierfen äis mat deem Verloscht net offannen, wa mir net wëllen eng haart an depressiv Gesellschaft ginn.
Mir sollte kucken d’Kéier ze kréien an zréckzekommen zum Wäert vun der Léift. Et ass keen esou domm, datt hien net wësse géif, wat dat fir hie konkret bedeit.
Mir hate gesot datt grad d’Mamme Léiermeeschterinne vun der Léift sinn. Dat gëllt och fir d’Mamm vum Jesus. Loosst mir si uruffen, datt si äis hëlleft d’Léift rëmzefannen.
Plus nous aimons, plus nous deviendrons des pèlerins d’espérance car « ce qui demeure aujourd’hui, c’est la foi, l’espérance et la charité ; mais la plus grande des trois, c’est la charité. » Amen.
Lesung aus dem Römerbrief (Röm 8, 31b-39)
Ist Gott für uns, wer ist dann gegen uns? 32 Er hat seinen eigenen Sohn nicht verschont, sondern ihn für uns alle hingegeben - wie sollte er uns mit ihm nicht alles schenken? 33 Wer kann die Auserwählten Gottes anklagen? Gott ist es, der gerecht macht. 34 Wer kann sie verurteilen? Christus Jesus, der gestorben ist, mehr noch: Der auferweckt worden ist, er sitzt zur Rechten Gottes und tritt für uns ein. 35 Was kann uns scheiden von der Liebe Christi? Bedrängnis oder Not oder Verfolgung, Hunger oder Kälte, Gefahr oder Schwert? 36 Wie geschrieben steht: Um deinetwillen sind wir den ganzen Tag dem Tod ausgesetzt; wir werden behandelt wie Schafe, die man zum Schlachten bestimmt hat. 37 Doch in alldem tragen wir einen glänzenden Sieg davon durch den, der uns geliebt hat. 38 Denn ich bin gewiss: Weder Tod noch Leben, weder Engel noch Mächte, weder Gegenwärtiges noch Zukünftiges noch Gewalten, 39 weder Höhe oder Tiefe noch irgendeine andere Kreatur können uns scheiden von der Liebe Gottes, die in Christus Jesus ist, unserem Herrn.
Lecture de la lettre aux Romains (Rom 8, 31b-39)
Que dire de plus ? Si Dieu est pour nous, qui sera contre nous ?
Il n’a pas épargné son propre Fils, mais il l’a livré pour nous tous : comment pourrait-il, avec lui, ne pas nous donner tout ?
Qui accusera ceux que Dieu a choisis ? Dieu est celui qui rend juste :
alors, qui pourra condamner ? Le Christ Jésus est mort ; bien plus, il est ressuscité, il est à la droite de Dieu, il intercède pour nous :
alors, qui pourra nous séparer de l’amour du Christ ? la détresse ? l’angoisse ? la persécution ? la faim ? le dénuement ? le danger ? le glaive ?
En effet, il est écrit : C’est pour toi qu’on nous massacre sans arrêt, qu’on nous traite en brebis d’abattoir.
Mais, en tout cela nous sommes les grands vainqueurs grâce à celui qui nous a aimés.
J’en ai la certitude : ni la mort ni la vie, ni les anges ni les Principautés célestes, ni le présent ni l’avenir, ni les Puissances,
ni les hauteurs, ni les abîmes, ni aucune autre créature, rien ne pourra nous séparer de l’amour de Dieu qui est dans le Christ Jésus notre Seigneur.
4. Oktavpriedegt: "… diese innere Anbindung an einen Gott" (Marie-Rose Fritz)
Espérance dans la nuit
Léiwen Här Kardinol,
léif Schwësteren a Bridder,
Den 3. Mäerz waren et 80 Joer hir, datt d’KZ-Hinzert vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn ass. Bei Geleeënheet vun dësem Anniversaire war an der Zeitung en emouvanten Artikel iwwer d’Schicksal vun engem deemools 20-järege Lëtzebuerger ze liesen. Den Titel an den Ënnertitel hunn ëmschriwwen, wat hien alles huet misse matmaachen. Ech zitéieren:
Ernest Fritz überlebte die Hölle von Hinzert.
Nach der Verhaftung durch die Nazis beginnt für den jungen Luxemburger eine Odyssee durch Lager, Front und Gefängnisse. Doch er verliert nie den Lebenswillen.
Wann een déi eenzel Kräizwee-Statioune vum Ernest Fritz sengem Parcours liest, déi hien nom Krich selwer dokumentéiert huet, da ginn engem d’Schudderen aus.
Et freet een sech, wéi dee Mann esou eng Tortur vun der Villa Pauly, iwwer d’KZ-Hinzert, d’Front, de Prisong bis an e Gefaangenelager konnt kierperlech a séilesch iwwerliewen?
Am Interview seet säi Meedche Marie-Rose dozou: „ D’Landschaft mat dem wäiten Himmel huet him gehollef ze iwwerliewen. Hien war ganz naturverbonnen.”
An dann, ech zitéieren si: „Ein zweiter Grund, weswegen er nach dem Krieg für sich und seine Familie eine kleine, doch weitgehend heile Welt gestalten konnte, ist seine Religiosität. Nach eigener Aussage hat er im Krieg beten gelernt und diese innere Anbindung an einen Gott hat ihn ohne Verbitterung authentisch und integer sein lassen.“
Ulala, wat fir e schéinen a staarken Temoignage iwwer d’Hoffnung!
Dee Mann ass duerch d’Hell gaang a wat hien an der Riicht gehal huet war seng Verbonnenheet mat der Natur a mat dem Herrgott: diese innere Anbindung an einen Gott…
An deene Wieder kënnt eppes zum Ausdrock, wat fir d’Hoffnung vun eis Chrëschte konstitutiv ass: nämlech eis ënner Verbonnenheet mat dem Herrgott. Si ass den déifste Grond firwat mir net vergadderen, och wann alles ronderëm schwéier ass.
Wa mir fest mam Herrgott verbonne sinn, net iwwerflächlech, mee vu bannen eraus, vum Häerz, (diese innereAnbindung) da wiisst an äis d’Vertrauen, datt mir gehal si vun deem Herrgott, deen net ka kleng gemaach gi vun der Grausamkeet, der Verbruetheet, der Géiregkeet, der Perversitéit vun eis Mënschen.
Den Herrgott kann net de Buedem ënnert de Féiss wechgezu kréie well hien ass de Fiels op deem mir stinn. Hien vergeet net wéi eng Blumm, déi wielech gëtt well hien éiweg ass. Hien war virun äis do an hie wäert nach do si wa mir net méi hei ënne sinn. Dofir setze mir äis Hoffnung jo och op Hien an zwar net nëmmen hei ënne mee och am Himmel.
Chères sœurs, chers frères,
Je suis tout à fait émerveillé devant l’assurance croyante de saint Paul qu’il nous a exprimée dans sa lettre aux Romains. « Si Dieu est pour nous, qui sera contre nous ? ».
L’apôtre énumère toutes les vicissitudes qu’il a subies lui-même : la détresse, l’angoisse, la persécution, la faim, le dénuement, le danger, le glaive et qui, chacune prise isolément, auraient pu être une raison suffisante pour désespérer.
Mais non, il affirme avec fermeté : « J’en ai la certitude : rien ne pourra nous séparer de l’amour de Dieu qui est dans le Christ Jésus notre Seigneur. »
Paul est fermement relié à l’amour de Dieu qui s’était révélé à lui par pure grâce sur le chemin vers Damas. Le Dieu de Jésus Christ avait touché son cœur de persécuteur farouche. Le Seigneur avait ouvert les yeux à ce juif convaincu qui était aveugle pour la vérité de l’Évangile.
Il a dû comprendre et assumer qu’il ne s’agissait pas de sauver sa religion d’origine devant les adeptes du chemin nouveau mais qu’il était sauvé, lui, par le sacrifice d’amour du Christ.
Avant sa conversion Paul liait les mains des chrétiens pour les livrer aux tribunaux, après sa conversion il lie son cœur au Dieu des chrétiens pour être leur frère.
Ce lien est la source de l’espérance paulinienne. Ce lien est également la source de notre espérance. Nous pouvons passer à travers des tribulations semblables à celles de Paul : la dépression, la perte d’estime et de reconnaissance, la faim de relations stables, le danger de perdre un être cher ou le poste de travail ou la santé, le glaive d’une décision risquée, etc.
Mais dans tout cela nous ne perdons pas courage. Nous sommes unis par la foi à celui qui ne déçoit pas parce qu’il est fidèle.
Quelqu’un a dit : « L’être humain est foncièrement un résistant et l’espérance lui permet de rester debout dans la nuit. »
Oui, nous sommes des résistants et nous voulons rester debout dans la nuit à cause de l’espérance qui nous vient de celui qui reste avec nous.
Le Christ a partagé nos misères et notre mort pour nous prouver sa fidélité. Il est resté attaché à nous encore dans le gouffre de la haine, de la torture et de la mort pour que nous ne lâchions pas sa main dans les épreuves de notre vie.
« J’en suis certain : rien ne pourra nous séparer de l’amour de Dieu qui est dans le Christ Jésus notre Seigneur. »
Léif Schwësteren a Bridder,
Ech well zum Schluss nach emol den Ernest Fritz zu Wuert komme loossen. A senge Memoirë schreift hien: „Viel haben uns die Kriegsjahre genommen, uns die wir draußen einer feindlichen Welt trotzen mussten… gegeben haben sie uns fast nichts. Das Einzige von bleibendem Wert, was wir in dieser Zeit lernten, war…beten. Denn Not lehrt beten!
Dat eenzegt vu bleiwendem Wäert ass d’Bieden, die innere Anbindung an einen Gott, an zwar de Gott vu Jesus Christus, op dee mir äis ganz Hoffnung setzen.
D’Oktav ass eng wonnerbar Geleeënheet fir eis Verbindung mat dem Herrgott ze erneieren. Mir dierfen dobäi op Maria kucken. Hiert Liewen ass nëmmen ze verstoen um Hannergrond vun hirer ënnerer Verbindung mat dem Gott vun Israel. Hire Magnifikat, deen si aus hirem Häerz eraus séngt beleet dat. Dofir dierfe mir si och als Stär vun der Hoffnung an der Däischtert uruffen. Si weess, op wie Verlooss ass. Amen.
Lecture du livre de la Genèse
Le Seigneur Dieu dit : « Il n’est pas bon que l’homme soit seul. Je vais lui faire une aide qui lui correspondra. »
Avec de la terre, le Seigneur Dieu modela toutes les bêtes des champs et tous les oiseaux du ciel, et il les amena vers l’homme pour voir quels noms il leur donnerait. C’étaient des êtres vivants, et l’homme donna un nom à chacun.
L’homme donna donc leurs noms à tous les animaux, aux oiseaux du ciel et à toutes les bêtes des champs. Mais il ne trouva aucune aide qui lui corresponde.
Alors le Seigneur Dieu fit tomber sur lui un sommeil mystérieux, et l’homme s’endormit. Le Seigneur Dieu prit une de ses côtes, puis il referma la chair à sa place.
Avec la côte qu’il avait prise à l’homme, il façonna une femme et il l’amena vers l’homme.
L’homme dit alors : « Cette fois-ci, voilà l’os de mes os et la chair de ma chair ! On l’appellera femme – Ishsha –, elle qui fut tirée de l’homme – Ish. »
À cause de cela, l’homme quittera son père et sa mère, il s’attachera à sa femme, et tous deux ne feront plus qu’un.
Tous les deux, l’homme et sa femme, étaient nus, et ils n’en éprouvaient aucune honte l’un devant l’autre.
5. Oktavpriedegt: "Mir vergiessen, datt mir selwer Äerd sinn" (Poopst Franziskus) - Hoffnung a Schëpfung
Espérance et écologie
Léiwen Här Kardinol,
Léif Pilgerinnen a Pilger,
An engem Gespréich hunn ech e Mann, deen zu Lëtzebuerg dofir bekannt ass, datt de Schutz vun de natierleche Ressourcen him ganz wichteg ass gefrot: „Fränz, hues Du Angscht virun der Zukunft?“- An hien huet geäntwert: „Net fir mech awer fir meng Enkelkanner“.
Méi wichteg wéi doriwwer ze spekuléieren, wat fir e Fränz, datt dat war, ass et fir iwwer seng Äntwert nozedenken.
Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt et vill Elteren a Grousselteren ënnert äis ginn, déi änlech geäntwert hätten an déi ganz änlech Ängschten hunn, wat d’Zukunft vun eisem Planéit fir déi nächst Generatioune betrëfft.
De Klimawandel ass e Fait, dee jidderee matkritt, wann hien och nëmmen e bëssen seng Antennen op d’Natur ausgeriicht huet. D’Auswierkungen dovun si riseg: Dréchenten an Iwwerschwemmungen, Feieren a Stierm an domat nees verbonnen, schrecklecht Leed fir Mënsch, Flora a Fauna.
Déi sëlleche Naturkatastrophen a besonnesch de Rhythmus, mat deem si geheeft optriede kënnen tatsächlech Angscht maachen, och wann ee vum Naturell hir kee Fäertert ass.
Mir als Kierch hunn d’Suerg fir eis Ëmwelt eng Zäit laang net esou richteg um Radar gehat. Et war d’Preoccupatioun vun de Gréngen, déi am Ufank vu ville schif bekuckt goufen.
De verstuerwene Poopst François huet eis Katholicken an deem Punkt aus eiser Lethargie erausgerappt. Dëst Joer sinn et 10 Joer hir, datt hie mat senger Enzyklika Laudato Si‘ fir vill Opmierksamkeet gesuergt huet, net nëmme bannent der Kierch mee och wäit doriwwer eraus.
De Poopst hëlt direkt um Ufank vu sengem Schreiwes kee Blat virun de Mond: „Diese Schwester [Erde] schreit auf wegen des Schadens, den wir ihr aufgrund des unverantwortlichen Gebrauchs und des Missbrauchs der Güter zufügen, die Gott in sie hineingelegt hat. Wir sind in dem Gedanken aufgewachsen, dass wir ihre Eigentümer und Herrscher seien, berechtigt, sie auszuplündern. Die Gewalt des von der Sünde verletzten menschlichen Herzens wird auch in den Krankheitssymptomen deutlich, die wir im Boden, im Wasser, in der Luft und in den Lebewesen bemerken. Darum befindet sich unter den am meisten verwahrlosten und misshandelten Armen diese unsere unterdrückte und verwüstete Erde, die „seufzt und in Geburtswehen liegt“ (Röm 8,22). Wir vergessen, dass wir selber Erde sind (vgl. Gen 2,7). Unser eigener Körper ist aus den Elementen des Planeten gebildet; seine Luft ist es, die uns den Atem gibt, und sein Wasser belebt und erquickt uns.“
„Mir vergiessen, datt mir selwer Äerd sinn“ seet de Poopst. Dobäi kréie mir et jo awer op all Äschermëttwoch an Erënnerung geruff zesumme mat dem Optrag äis ze bekéieren. „Bedenk Mënsch, datt’s du Stëbs bass an nees Stëbs gëss.“
Et kéint een och soen: „Bedenk, datt’s Du en Deel vun engem Ganze bass, dat vum Herrgott senger Schëpferkraaft kënnt an an deem alles zesummenhänkt. Bedenk, datt’s Du als Geschëpf a Verbindung stees mat dengem Schëpfer a mat all anerem, wat geschaf ass.
Ech hunn elo bewosst d’Wuert „Schëpfung“ gebraucht well dat Wuert nach eng aner Dimensioun mat an d’Spill bréngt wéi d’Wuert „Natur“.
Laudato Si‘ bréngt et op de Punkt: Vu „Schëpfung“ schwätzen ass méi, wéi vun Natur ze schwätze well et huet mat dem Plang vun der Léift vum Herrgott ze dinn, an deem all Geschëpf ee Wäert an eng Bedeitung huet. D’Natur gëtt gewéinlech verstan als e System, dat een analyséiert, versteet a gebraucht, awer d’Schëpfung kann een nëmmen als e Geschenk verstoen, dat aus der oppener Hand vum Papp vun alle Saache kënnt (…).
Léif Frënn,
wann dat esou ass, da kënne mir äis selwer an de Generatiounen, déi no äis komme kee risegen Dreckstipp als Liewensraum hannerloossen. Mir kënnen hinne kee Planéit vermaachen, deen hinnen all Hoffnung op eng sënnerfëllten a liewenswäert Zukunft hëlt.
All bewosst a Kaf geholl Zerstéierung vun der Schëpfung ass eng Sënd géint d’Hoffnung, et ass een Net-eescht-huele vun dem Geschenkcharakter vun der Welt, fir déi de Mënsch als Geschëpf vum Herrgott eng besonnesch Verantwortung huet.
Wa mir als Pilger vun der Hoffnung ënnerwee sinn, da gehéiert dozou och e konkret gelieften Engagement fir den Erhalt vun der Schëpfung.
Als Kierch vu Lëtzebuerg musse mir och en Deel vun deem Engagement ginn an eise Beitrag dozou leeschten. D’Zil vum Kierchefong ass et beispillsweis fir kuerz- bis mëttelfristeg de ganze Stroumverbrauch vun de kierchlechen Infrastrukturen duerch Sonnen- a Wandenergie ofzedecken, déi lokal produzéiert gëtt.
Awer jiddereen vun äis ass och individuell gefuerdert, fir en Effort an deem Sënn ze maachen.
Chères frères, chers sœurs,
Vous n’êtes pas sans savoir que dans sa lettre pastorale pour le Carême de cette année, notre archevêque nous exhortait à réveiller l’espérance face à l’effondrement des écosystèmes, la montée des conflits et l’exploitation des plus démunis.
Le cardinal Hollerich nous a encouragé pour nous engager sur un chemin de conversion intégrale où prière et action se rejoignent et où notre foi au Christ se manifeste dans nos choix quotidiens.
Afin de donner du souffle à cet effort, je me permets de nous proposer trois vertus que j’ai trouvées chez un écologiste catholique français, Gaultier Bès.
La première est l’humilité.
Elle nous met en garde de ne pas vivre du-dessus de nos moyens et de nos ressources disponibles et de nous comporter comme des extra-terrestres qui sacrifient la terre en l’exploitant sans mesure pour notre propre profit.
Loin de moi de vous donner des leçons sur comment faire de l’humilité une guideline dans nos habitudes d’achat et de consommation. Je suis sûr que vous trouverez votre propre manière pour le faire.
Néanmoins cette vertu me semble indispensable pour nous convertir à un mode vie qui évite le gaspillage inutile d’aliments, d’habits, de services et autres. N’oublions pas que le mot humilité vient du mot latin humilitas qui est un dérivé de humus, terre. L’humilité nous renvoie à la terre, à notre origine, à l’amour créateur de Dieu. Quelle belle qualité au service de l’espérance pour notre terre, notre maison commune.
La deuxième vertu est l’audace, c’est-à-dire le courage pour faire bouger des choses au lieu d’admirer de loin quelques-uns qui osent des actions concrètes en vue de la protection de l’environnement.
Est-ce que nous sommes vraiment conscients du fait que des personnes qui luttent contre le déboisement de la forêt vierge en Amazonie ou qui s’opposent à l’exploitation sauvage des mines par des multinationales en Afrique le font au risque de leur vie ?
Il y a un an, j’ai pu rencontrer à l’Archevêché un groupe d’activistes mexicains dont des membres de famille ont été kidnappés parce qu’ils ont dénoncé de manière pacifique la destruction de la rorêt vierge par des firmes étrangères. Depuis lors, plus de traces de ces personnes dont on ignore si elles sont encore en vie ou non. Pour d’autres le sort était clair : elles ont été tuées sur le coup. Face à ces drames nous sommes dans une situation beaucoup plus confortable.
« Nous qui ne risquons pas grand-chose sinon une vie plus saine (et plus sainte), quelles excuses avons-nous pour ne pas organiser différemment nos vies ? » demande Gaultier Bès.
Et de continuer avec la troisième vertu qui est justement l’espérance. « Il nous faut demander cette vertu théologale pour persévérer nous-mêmes face aux nouvelles accablantes (…). Se marier et avoir des enfants, malgré le désastre en cours, est déjà un témoignage. (…) L’infinie beauté du monde n’est pas le fruit du hasard, mais un miracle d’amour. Dieu n’abandonne pas sa création au pouvoir du néant. Il l’a déjà sauvée, rachetée sur la croix. Voilà l’espérance que nous devons porter dans l’engagement écologique, non pas un optimisme qui confinerait au déni mais une confiance pugnace dans le salut qui vient. »
Oui, l’infinie beauté du monde est un miracle de l’amour. Aimons donc notre terre et nous saurons la protéger.
Léif Schwësteren a Bridder,
Dat sinn eescht Sujet’en, déi mir als Katholicken net kënnen an dierfen ignoréieren ; et si Sujet’en, bei deenen et ëm gerecht a gesond Liewensbedingunge geet an ëm d’Hoffnung.
Ech kommen an deem Kontext net laanscht d’Thema vum Schutz och vum ongebuerene Liewen a vum Liewen a senger ierdescher Schlussphase.
Et deet mir déck, datt Leit, déi sech fir d’Vie naissante engagéiere vun dem gesellschaftleche Mainstream a vu verschiddenen Acteuren belächelt oder esouguer diskreditéiert gi well dat net zäitgeméiss, net konform mat de Fraerechter an eben oncool, onmodern an ech weess net wat ass.
Op esou villen anere gesellschaftleche Gebidder gëtt grad mat grousser Determinatioun gefuerdert, datt ee soll deenen eng Stëmm ginn, déi ze schwaach sinn, fir fir sech selwer ze schwätzen; verschidden ONG’en an Organisatiounen hunn sech d‘Anwaltschaft fir déi wierlos oder rechtlos Mënschen hei bei äis oder am globale Süde grouss op de Fändel geschriwwen – a mat Recht.
Mee wann engagéiert Fraen a Männer fir d’Recht op Liewen vun dem Foetus antrieden, dann ass dat réckstänneg, reaktionär a patriarchal. Virun esouvill allgemeng akzeptéierter Hypokrisie kann ech nëmme staunen.
Merci alle Membere vun der Vie naissante fir hiren onbeiirbaren benevollen Asaz fir dat ongebuerent Liewen! Merci fir hir solidaresch Hëllef fir Fraen, déi et net einfach hunn an hirer Grossesse an no der Gebuert vun hirem Kand. Merci fir Är viruurteelsfräi Ënnerstëtzung fir Fraen a schwierege Situatiounen.
Merci och all den Dokteren an dem Fleegepersonal op de Palliativstatiounen, déi mat hirer ganzer Kompetenz an Empathie alles dru setze fir d’Liewensenn vu Patiente méiglechst schmäerzfräi, human a würdevoll ze gestalten.
Mir dierfen net vergiessen, datt mir Äerd sinn! Mir dierfen net vergiessen, datt mir aus der Hand vum Papp am Himmel kommen. Doraus wiisst eis Verantwortung fir eist gemeinsaamt Haus a fir d’Suerg ëm de Mënsch.
Doran läit och eis Hoffnung, well dann huet alles e Sënn an en Zil. Mir kommen aus Gottes Hand a ginn a si zréck: fir ze liewen. Amen.
Lesung: 2 Kor 1,3-7
Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.
6. Oktavpriedegt: Hoffnung an Trouscht - Espérance et consolation
Léif alleguer,
Mech beréiert d’Kraaft vum Paulus senger Sprooch all Kéier nei, wa mir um Héichfest vun der Tréischterin de bekannten Extrait aus sengem Bréif un d’Chrëschte vu Korinth héieren:
„Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich“ seet hien.
Meng Hoffnung fir Iech, déi wackelt net, déi ass fest!
Ech froe mech, wouhier hëllt de Paulus dës Sécherheet ?
Hien gëtt d’Äntwert selwer: “… denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.“[1]
Dem Paulus seng Hoffnung fir d’Chrëschten zu Korinth ass fest, well hie weess, datt si net dozou verdaamt si fir Menschen am Leed ze bleiwe, mee datt si getréischt ginn.
Awer da kann ee jo nach weider froen: Wouhir wees hien dat dann esou genee?
D’Äntwert dorop fanne mir wéi wäit am Bréif, an deem Stéck, dat net méi zu eiser Liesung gehéiert.
Do gëtt de Paulus ganz perséinlech. Hien erzielt vu sengem Misär an der Provënz Asien.
Hien war komplett um Enn a verzweifelt. Hien huet gemengt et wier säi Läscht.
Hien gëtt sech da ganz an d’Hänn vum Herrgott an am leschte Moment gëtt hie schliisslech gerett.
Mir wëssen net genee vu wat, ob et vun enger Krankheet war oder - wéi een éischter kann unhuelen - vun engem Schëffsongléck.
Jiddefalls spréngt hien dem Dout nach eng Kéier vun der Schëpp.
An da mécht hien dat, wat vill Leit sech och haut froen, wann si d’Erfarung maachen, datt si esou just nach mam Liewen dervu koumen: Fir wat ech an net déi aner? Firwat kann ech weiderliewen a mäi Kolleeg net?
Seng Konklusioun ass déi, datt den Herrgott nach eppes mat him wëlles hat: Hien soll elo och anerer tréischten, mat deem Trouscht, mat deem och hie getréischt gouf.
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Trouscht kann een net theoretesch weiderginn. Wann ee schlecht drun ass, da wëll ee keng bëlleg Phrasen héieren, nom Motto:
„Dat ass alles net esou schlëmm, dat geet och nach riwwer!“
Fir datt een éierlech tréischte kann, ass et kee Feeler wann ee selwer Trouscht am Misär erfuer huet a wann ee soe kann, wat oder wien engem Trouscht ginn huet.
De Paulus mécht dat kloer an däitlech: Säin Trouscht koum vum Herrgott.
Dofir ass seng Hoffnung och esou fest fir d’Chrëschte vu Korinth. Well den Herrgott huet d’Kraaft iwwerall ze tréischten.
Korinth ass net wäit wech. Korinth ass och elo an hei.
Mënsche kommen zënter 400 Joer virun d’Gnoodebild vun der Tréischterin mat hire Suergen, hire Belaaschtungen, an Ängschten.
Si komme mat hire Krankheeten a Leiden.
Hinnen all gëllt d’Erfarung vum Paulus: „Meng Hoffnung fir Iech ass fest!“ Vertrau op den Herrgott a gëff him däi Liewen an d’Hand!“ esou wéi ech et gemaach hunn. Maach dech op, fir den Trouscht, dee vu Gott kënnt!
De Paulus seet äis net, wéi genee deen Trouscht ausgesinn huet, deen hie geschenkt krut.
Den Trouscht, dee vu Gott kënnt, huet esouvill Gesiichter wéi et Forme vu Misär gëtt.
De Papp vum Erbaarmen a vun all Trouscht fënnt déi Form vun Trouscht, déi fir Dech passt, fir datt’s Du ee Pilger an eng Pilgerin vun neier Hoffnung gëss.
Chers amis,
Une chose est certaine, nous ne pouvons pas fuir devant les vicissitudes de la vie. Tôt ou tard elles feront partie de notre quotidien. Mais ce quotidien est habité par la présence du Seigneur Jésus qui n’a pas fui la croix.
Il est présent parmi les affligés comme celui qui souffre avec eux pour devenir aussi celui qui les console.
« De même que nous avons largement part aux souffrances du Christ, de même, par le Christ, nous sommes largement réconfortés. » nous a dit Paul.
La consolation n’est pas l’ignorance de la peine mais sa transformation. La consolation transperce la peine pour l’ouvrir à l’espérance.
L’évangile nous en a parlé aussi.
Sur la croix Jésus dit des paroles de consolation à ceux qui l’aiment Marie et Jean et qui à cause de leur amour sont dans une peine terrible : « Femme, voici ton fils ! » - « Voici ta mère ».
Marie sera la consolation pour Jean et le disciple sera la consolation pour Marie. Aucun des deux ne devra désespérer à cause de la mort du fils et de l’ami.
Ils traverseront cette crise ensemble. Jésus fait de sa mère et du disciple une cellule de solidarité et d’entraide. C’est de là que pourra germer une espérance nouvelle.
La vie pourra continuer. Mais il faudra attendre la résurrection du Christ et l’effusion de son Esprit pour trouver la pleine consolation.
Tout cela, nous pouvons l’expérimenter dans nos vies.
Si nous sommes dans la peine, ce ne sont pas des conseils théoriques qui nous consolerons. La consolation a besoin de l’appui de personnes qui restent à nos côtés. Encore faut-il les accepter.
L’expérience de la consolation ne se fait souvent pas dans l’immédiat. Ce qui , au contraire - s’expérimente tout de suite, c’est le poids de la douleur, des soucis, des échecs.
La consolation se creuse son chemin lentement à travers les méandres de la souffrance pour aboutir à une nouvelle lueur d’espérance.
C’est pourquoi l’espérance demande la patience. Et pourtant, avec saint Paul nous disons : « Nous avons de solides raisons d’espérer, car, nous le savons, de même que vous avez part aux souffrances, de même vous obtiendrez le réconfort. »
Léif alleguer,
Maria bezeit dës fest Hoffnung op Trouscht.
Si steet virun äis als déi, déi am Misär getréischt gouf.
Si steet do als Himmelskinnigin dat heescht als déi, déi Undeel huet um iwwerwonnenen Dout vu Christus.
Si ass erageholl an d’Erléisung an opgeholl an den Himmel.
Hiert Leed war echt an hiren ass et och Trouscht.
Den Trouscht, deen si erfuer huet ass dofir do, fir all déi ze tréischten, déi a Nout sinn. D’Kraaft dozou huet si duerch hiert Opgehollsinn an d’Liewe vun dem operstanene Christus.
Dowéinst dierfe mir zënter 400 Joer eis Gottesmamm mat groussem Vertrauen als „Tréischterin am Leed“ uruffen.
Maria behält deen Trouscht, deen hir geschenkt gouf net fir sech. Si gëtt hien un Dech weider. Well an hirem Häerz huet si d’Wuert vum Jesus fir ëmmer versuergt: „Kuck, däi Jong!“
Dat heescht: Kuck op d’Kierch. Kuck op déi nei Famillje vu Bridder a Schwësteren am Glawen, déi mat hiren Uleies bei Dech kommen! Kuck op d’Pilgerinnen a Pilger, déi op Deng Virsprooch zielen!
A mir dierfen äis haut an hei d’Wierder vum Jesus un de Jünger déif an äis ophuelen: Et si Wierder vun Hoffnung a vun Trouscht: Kuck deng Mamm! Well si gëtt Trouscht weider.
Meng Hoffnung fir Iech steet fest: Ech weess, datt Dir net nëmmen Undeel huet um Leed mee och um Trouscht. Amen.
[1] 2Kor 1,7
Lecture:
Le troisième jour, il y eut un mariage à Cana de Galilée. La mère de Jésus était là.
Jésus aussi avait été invité au mariage avec ses disciples.
Or, on manqua de vin. La mère de Jésus lui dit : « Ils n’ont pas de vin. »
Jésus lui répond : « Femme, que me veux-tu ? Mon heure n’est pas encore venue. »
Sa mère dit à ceux qui servaient : « Tout ce qu’il vous dira, faites-le. »
Or, il y avait là six jarres de pierre pour les purifications rituelles des Juifs ; chacune contenait deux à trois mesures, (c’est-à-dire environ cent litres).
Jésus dit à ceux qui servaient : « Remplissez d’eau les jarres. » Et ils les remplirent jusqu’au bord.
Il leur dit : « Maintenant, puisez, et portez-en au maître du repas. » Ils lui en portèrent.
Et celui-ci goûta l’eau changée en vin. Il ne savait pas d’où venait ce vin, mais ceux qui servaient le savaient bien, eux qui avaient puisé l’eau. Alors le maître du repas appelle le marié et lui dit : « Tout le monde sert le bon vin en premier et, lorsque les gens ont bien bu, on apporte le moins bon. Mais toi, tu as gardé le bon vin jusqu’à maintenant. »
Tel fut le commencement des signes que Jésus accomplit. C’était à Cana de Galilée. Il manifesta sa gloire, et ses disciples crurent en lui.
7. Oktavpriedegt: Hoffnung als Anker - Espérance dans l‘épreuve
Léif Matbridder,
léif Pilgerinnen a Pilger,
Virun e puer Joer hat ech d’Geleeënheet fir zu Mons an der Belscht d‘Collégiale Sainte-Waudru ze besichtegen. Do gëtt et ënner anerem eng wonnerschéi Statu aus Alabaster, déi d’Hoffnung duerstellt.
D’Hoffnung ass personifizéiert an enger eleganter jonker Fra, déi no uewen an den Himmel opkuckt.
Déi laang riets Hand hält si no uewen an déi lénks Hand weist op de Buedem. Virun hir steet e mächtegen Anker, dee mat hir eng Eenheet bilt.
De Sculpteur huet ganz gutt erfaasst, ëm wat et bei der Hoffnung geet.
No menger Interpretatioun, stellt d’Hand, déi no ënne weist eist Liewen duer mat all deem, wat äis kann no ënnen zéien.
Erfarungen, déi belaaschtend sinn an déi engem de Goût um Liewe kënnen huelen, huet wuel jidderee vun äis scho mol matgemaach:
- eng Krankheet, déi net mat e puer Pëllen an e bësse Rou an de Grëff ze kréien ass,
- en Doudesfall, iwwert deen een net richteg ewechkënnt,
- e Stot, deen auserneebrécht,
- e Sträit an der Famill, bei deem et keng Aussiicht op Versönung gëtt,
- e Kand, dat ob déi schif Bunn geroden ass a wou all gutt Schwätzen näischt déngt,
- e Partner, mat deem ee scho laang onglécklech zesummen ass an deem dat egal ass,
- den Alter mat senge Boboen, déi ee vun aneren ofhängeg maachen,
- d’Erfarung, datt et net méi geet wéi fréier an et mengt een awer, et misst nach esou goen,
a villes méi.
Esou laang wéi et d’Mënschheet gëtt, esou laang gëtt et och Erfarungen vu Leed a Flemm, Momenter, wou een d’Hand fale léisst an engem d‘Kraaft feelt fir no vir ze goen.
Glécklech déi, déi sech dann net zerguttst opginn, mee no engem Anker sichen, un deem si sech kënne festhalen.
Esou Ankeren, déi engem Courage an nei Hoffnung ginn, kënne Mënsche sinn. Dozou wëll ech Iech dëst Erliefnes erzielen:
Dir kënnt Iech bestëmmt nach drun erënneren, datt et am Juli 2021 ee Joerhonnerthéichwaasser op der Sauer gouf.
Deemools war ech sonndes mam Vëlo op Iechternach, op Steenem an op Rouspert gefuer, fir mat de geschiedegte Leit ze schwätzen.
En etlech waren och nach dräi Deeg no den Iwwerschwemmungen amgaang de Knascht an d’Gerëmpels aus hiren Haiser rauszebréngen.
E Mann huet mech ganz beréiert. Hien war amgaang mat der Schubbkar Bulli a Geräsch aus sengem Haus an e grousse Container ze féiere mee hie war wéi apathesch. Hien sot, hie géif zënter 3 Deeg wéi e Roboter funktionéieren, ouni nozedenken iwwer dat, wat hie méich. Hien wier um Enn.
Mee wat hien an der Riicht gehal hätt, dat wieren déi vill Mënschen gewiescht, déi op emol do gewiescht wieren an déi him gehollef hätten d’Haus ze raumen. „Ech weess mol net wéi se heeschen“, sot hien. „Mir hu just eis Handysnummeren ausgetosch a wann dat hei riwwer ass, dann drénke mir nach e Patt zesummen“.
Léif alleguer,
D’Hoffnung dréckt sech aus duerch Mënschen, déi net virum Misär fortlafen, mee déi am Misär bleiwen, déi sech d’Féiss naass an d’Hänn knaschteg maachen.
Esou ee Mënsch vun Hoffnung huet eis de Jesus an der Persoun vu senger Mamm, der Muttergottes Maria, eiser léiwer Tréischterin, ginn.
Chers pèlerins,
Nous avons entendu l’évangile des noces de Cana. Marie a changé une situation de manque qui aurait pu conduire à une mauvaise réputation des jeunes époux et gâcher sérieusement le tout début de leur vie conjugale.
Me référant à la statue de l’Espérance dans la collégiale Sainte-Waudru à Mons, on pourrait dire que Marie montre avec une main vers le sol, vers les amphores de vin vides, vers le manque : « Ils n’ont plus de vin ».
Avec l’autre main, elle renvoie à Jésus, à celui de qui vient le secours : « Faites ce qu’il vous dira. »
Les noces de Cana révèlent ce que Marie est pour l’Eglise : un signe sûr d’espérance.
Elle remarque ce qui ne va pas. Elle a toujours une main tournée vers nous, vers notre vie avec ses soucis et ses angoisses. Et elle a une main tournée vers son Fils Jésus.
C’est par lui que vient le salut. Le nouveau vin en est le gage. Il nous ouvre des chemins d’espérance car il ne nous quitte pas. La croix de sa passion est le signe indélébile de sa fidélité sans faille. C’est d’elle que vient notre espérance car l’espérance vient de ceux qui sont fidèles dans l’épreuve et qui restent avec nous.
À Cana, Marie devient la médiatrice de cette espérance. Elle compte sur son fils. Elle le connaît mieux que toute autre personne. Elle sait qu’il ne sera pas indifférent à sa parole.
Plus encore, après l’expérience meurtrière au Golgotha, Marie devient un ancre d’espérance pour l’Eglise.
Après la mort de Jésus nous la retrouvons au cénacle en prière avec les disciples. Celui qui n’espère plus, ne prie pas non plus. Sa prière est le signe de sa confiance en son Dieu de vie pour qui tout est possible.
Marie espère au moment le plus dur de sa vie. Elle est une ancre d’espérance. Jésus nous l’a confié pour que nous puissions nous confier à elle.
Tréischterin am Leed, biet fir äis. Consolatrice des affligés, priez pour nous. Amen.
Fir am Bild vun der Hoffnungsstatu vu Mons ze bleiwen, kéint ee soen, datt si mat enger Hand op de Buedem weist, op de Manktem: „Si hu kee Wäi méi“ a mat der anerer Hand weist si op de Jesus, op deen, vun deem en Auswee kënnt: „Wat hien Iech seet, dat maacht.“
Op der Hochzäit zu Kana gëtt schonn däitlech, wat Maria fir d’Kierch ass: nämlech ee séchert Zeeche vun Hoffnung.
Si hëlt anuecht, wou de Schong dréckt. Si huet ëmmer eng Hand zu äis gekéiert, eran an eist Liewen, hin zu deem, wat äis belaascht a Suerge mécht.
A si weist mat der anerer Hand no uewen, hin zu hirem Jong Jesus. Duerch hie geschitt eng Wandlung. Duerch hie ginn nei Méiglechkeeten op. Duerch hie lafe mir net an d’Eidelt era mee an d’Fülle vum Liewen, fir déi de neie Wäi steet.
Wa mir si no der schrecklecher Erfarung vum Karfreideg am Gebiet zu Jerusalem am Krees vun den Apostele rëmfannen, dann ass dat een Ausdrock vun hirer Hoffnung, datt d’Liewe vum Jesus net definitiv ausgeläscht ass.
Ween guer keng Hoffnung huet, biet net. Hir Hoffnung ass déi, datt am gréisste Leed den Herrgott trotzdeem wierkt an datt et e läschte Sënn gëtt, och an deem, wat mir als sënnlos ëmfannen.
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Philippi (4,1.4-9
Darum, meine geliebten Brüder und Schwestern,
nach denen ich mich sehne, meine Freude und mein Ehrenkranz, steht fest im Herrn, Geliebte!
Freut euch im Herrn zu jeder Zeit!
Noch einmal sage ich: Freut euch!
Eure Güte werde allen Menschen bekannt. Der Herr ist nahe.
Sorgt euch um nichts, sondern bringt in jeder Lage betend und flehend eure Bitten mit Dank vor Gott!
Und der Friede Gottes, der alles Verstehen übersteigt, wird eure Herzen und eure Gedanken in Christus Jesus bewahren.
Im Übrigen, Brüder und Schwestern: Was immer wahrhaft, edel, recht, was lauter, liebenswert, ansprechend ist, was Tugend heißt und lobenswert ist, darauf seid bedacht!
Und was ihr gelernt und angenommen, gehört und an mir gesehen habt, das tut! Und der Gott des Friedens wird mit euch sein.
7. Oktavpriedegt: « Celui qui n'ose pas s'attaquer à ce qui est mauvais, sait mal défendre ce qui est beau. » (Robert Schuman) - Hoffnung a Wäerter - Espérance et valeurs
Léiwen Här Kardinol,
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Ech hu mengen Ae bal net getraut, wéi ech Mëtt Mäerz um Site vun engem grousse Lëtzebuerger Medienhaus eng Reportage gelies hunn zu engem Exposé, deen den däitschen Unisprofesser Wolfgang Sander gehal huet mat der Iwwerschrëft: „Nun sag‘, wie hast du‘s mit der Religion?“
De Professer Sander war dofir vum Zentrum fir politesch Bildung a vun der Erwuessebildung op Lëtzebuerg invitéiert ginn.
Hien vertrëtt d’Meenung, datt Europa eng Séil, eng gemeinsam Identitéit brauch.
Hien versteet dorënner eppes, wat d’Mënschen an deene verschiddene Länner matenee verbënnt a wat méi déif geet, wéi just wirtschaftlech Virdeeler, Reesfräiheet an Änleches.
„Dëst wier virun allem wichteg an Zäite vu geopolitesche Konflikter an Onsécherheeten, an deenen de gesellschaftlechen Zesummenhalt och fir d’Sécherheet gebraucht gëtt“, esou de Professer Sander.
An elo gëtt et spannend.
Fir dës gemeinschaftlech Identitéit ze stäerken, ass et fir hie richteg a gutt, fir sech op déi chrëschtlech Traditioun a chrëschtlech Wäerter ze besënnen, déi nieft dem réimesche Recht an der griichescher Philosophie zum Fëllement vun Europa gehéieren.
"Die christliche Tradition wirkt, und viele wissen es eben nicht mehr, in so Vorstellungen wie zum Beispiel, moralische Gleichwertigkeit aller Menschen, Menschenwürde, Gewissensfreiheit. Das sind Vorstellungen, die wir heute als Europäische Werte verstehen, die tatsächlich aber zurückgehen auf das frühe Christentum." Enn vum Zitat.
Fir méi europäesch Kohäsioun sollt een also op déi gemeinsam Wuerzele kucken, zu deenen eben och de Wäertebouquet vum Chrëschtentum gehéiert.
Dat si fir mech nei an onerwaart Téin an engem gedanklechen Ëmfeld, an deem mat dem Wuert „Europa“ gemengerhand fir d’éischt Wuelstand, wirtschaftlechen an technologesche Fortschrëtt, den Euro, sozial Ofsécherung a neierdéngs och militäresch Ofschreckung an massiv Oprüstung a Verbindung bruecht gëtt.
Een aner, deen och vill iwwer d’Identitéit vun Europa, seng Geschicht, seng Wäerter a seng Zukunft nogeduecht huet, ass de fréiere Kardinol Joseph Ratzinger, deen duerno de Poopst Benoît de XVI. gouf.
Fir hie brauch Europa esou eppes wéi en ethesche Standard, deen hien aus dem chrëschtlechen Héritage ofleet.
Wann dat net de Fall ass, da gëtt d’Politik an d’Gesellschaft korrupt mat all deem Negativen, wat dat mat sech bréngt.
Zu den onverzichtbare Grondwäerter vun Europa gehéieren d’Onuntaaschtbarkeet vun der mënschlecher Dignitéit, d’Anhale vun de Mënscherechter, Reliouns- a Gewëssensfräiheet, de Schutz vun der Famill an eben och ëmmer nei den Appell un dat perséinlecht Gewëssen.
De Ratzinger ass realistesch genuch fir ze wëssen, datt een de Retour zu chrëschtleche Wäerter an Europa net kann dekretéieren.
Hien hält och um Prinzip fest, datt de Staat weltuschaulech a reliéis neutral ze sinn huet.
D’Kierch dierf de Staat net fir sech vereinnahmen an de Staat net d’Kierch.
Jiddereen huet seng Fräiheet. Dozou gehéiert dann awer och den Optrag vun der Kierch, fir dem Staat géintiwwer déi ethesch Grondprinzippien an Erënnerung ze ruffen, déi aus dem chrëschtleche Glawe kommen.
De Ratzinger verweist drop, datt Grënnergestalten vum Nokrichs-Europa wéi de Konrad Adenauer, de Robert Schuman an den Alcide De Gasperi d’Balance tëschent dësen zwou Fräiheete beispillhaft realiséiert hunn.
Dem Robert Schuman seng Deklaratioun vum 9. Mee 1950, also viru 75 Joer, déi de Grondsteen zu der spéiderer europäescher Gemeinschaft geluecht huet, enthält keng Referenz op Glawen oder Relioun.
Trotzdeem war de Schuman als Politiker ganz vu sengem déiwe kathoulesche Glawe gepräägt. Hien wollt onbedéngt Versönung tëschent deenen, déi sech iwwer Joerhonnerte bekämpft hunn an dës chrëschtlech Motivatioun huet säi politescht Schaffen inspiréiert a motivéiert.
Firwat soen ech dat? Schliisslech si mir hei an der Kathedral an enger Andacht vun der Oktav a net an enger Veranstaltung iwwer politesch Bildung.
Et gëtt dofir méi Grënn. Deen éischten ass deen, datt ech eng direkt Verbindung gesinn tëschent der mënschlecher Hoffnung an de geliefte Wäerter.
Wann an enger Gesellschaft ethesch Standarden iwwer Bord gehäit ginn a Grondrechter ageschränkt oder a Fro gestallt ginn, dann herrscht d’Diktatur vun deem méi Staarken.
Da verléiere Mënschen d’Hoffnung op eng gerecht a liewenswäert Zukunft.
Wann déi Hoffnung bis fleete geet, da falen d’Leit an d‘ Passivitéit, déi dann nees vun ideologeschen Extremisten ausgenotzt gëtt.
Chers amis,
Nous assistons actuellement à des évolutions politiques dans différents pays, qui devraient nous inquiéter et qui troublent l’espoir de la jeunesse dans un avenir pacifique et juste.
En effet, au lieu de se référer à des valeurs et des principes éthiques, d’aucuns n’ont pas honte de se servir de mensonges, de menaces et de duperies pour atteindre leurs buts, parmi eux des dirigeants politiques les plus puissants du monde.
Les droits humains fondamentaux sont bafoués, la presse interdite ou intimidée, la justice menacée ou manipulée, l’État de droit mis entre parenthèse, le peuple gardé sous surveillance et oppression, l’opposition mise en prison, la liberté d’expression et de conscience muselée et la démocratie sacrifiée sur l’autel d’un pouvoir autoritaire.
Tout cela se joue pas si loin de nous, tout cela se produit dans les réseaux sociaux, sur les écrans des télévisions et des tablettes et se propage à un rythme hallucinant.
La boussole des valeurs est en train de se perdre par-ci par-là.
Quand cela arrive, l’espérance perd ses ailes car elle s’accroche sur ce qui est « vrai et noble, tout ce qui est juste et pur, tout ce qui est digne d’être aimé et honoré, tout ce qui s’appelle vertu et qui mérite des éloges » comme l’a dit saint Paul dans sa lettre aux Philippiens.
Nous sommes effectivement à un tournant de notre histoire. Non seulement les droits humains sont en danger, mais l’homme risque d’être privé de son humanité.
Déjà nous parlons du « transhumanisme » c'est-à-dire de ce mouvement qui s’appuie sur les progrès de la biologie et de l'intelligence artificielle afin de transformer ou de dépasser l'homme pour créer un transhumain, aux capacités supérieures à celles des êtres actuels.
Jusque-là la robotique sera développée et commercialisée. Les enfants pourront jouer avec un chien-robot qui aura l’avantage d’être propre, d’aboyer seulement aux moments programmés et de ne pas perdre de cheveux.
Les personnes âgées et malades seront en partie prises en charge par des robots-aides-soignants qui auront l’avantage d’être disponibles jour et nuit sans sommeil, qui ne se trompent pas avec les médicaments et qui parleront leur langue maternelle à condition d’être programmée.
Ce qui me choque dans ce contexte, c’est une affirmation d’Elon Musk, un des hommes les plus riches du monde, qui a dit : « The fundamental weakness of Western civilizations is empathy » ce qui veut dire en français : « La faiblesse fondamentale des civilisations occidentales est l’empathie ».
Imaginez ce renversement complet de nos valeurs !
C’est ici que je fais volontiers référence à Robert Schuman qui disait : « Celui qui n'ose pas s'attaquer à ce qui est mauvais, sait mal défendre ce qui est beau. »
En tant que chrétiens nous devons dénoncer publiquement et fermement la conception de Musk selon laquelle les qualités humaines freinent le progrès.
Si nous voulons sauver l’homme contre l’homme, si nous voulons donner du souffle à l’espérance pour l’humanité de demain, il nous faudra un éventail de repères éthiques fiables à opposer à ceux qui dénigrent le faible.
Les chrétiens apporteront les leurs.
Léif Frënn,
Wat kënne mir konkret maachen, well Europa wäert net vun engem Dag op deen aner op d’Referat vum Professer Sander lauschteren an déi chrëschtlech Wäerter an de Vierdergrond stellen.
De Josef Ratzinger huet als Theolog dru gegleeft, datt och Minoritéiten an esouguer eenzel Perséinlechkeeten an enger Gesellschaft e wichtege Beitrag ze leeschten hunn, wann si hir Verantwortung ergräifen.
Awer eis Aufgab als gesellschaftlech minoritär Chrëschte musse mir besonnesch aus dem Glawen eraus wouerhuelen.
Dozou gehéiert, datt bei all deem, wat äis als bedreelech virkënnt, wat eis Hoffnung erstécke kéint, mir gewëss sinn, datt dem Herrgott, d’Welt gehéiert an net dem Béisen.
Eise Glawe stäerkt dat Gutt an äis, esou wéi de Paulus äis et virdrun an der Liesung gesot huet.
Dat Gutt aus dem Glawen eraus liewen, op där Plaz wou mir sinn, dat ass een onverzichtbaren Temoignage vun Hoffnung fir Europa a fir dës Welt.
Dobäi spillt d’Famill eng immens wichteg Roll.
Kanner mussen an der Famill chrëschtlech Wäerter vermëttelt a virgelieft kréie soss ginn si herno als Erwuessener Fräiwëld fir all Zorte vun Ideologen.
Ech wëll schléisse mat engem schéinen Zitat vum Poopst Benedikt XVI.: „Der Auftrag heißt: die Kräfte des Guten stärken, für jene Werte und Wahrheiten einstehen, arbeiten, leben und leiden, die die Welt von Gott her zusammenhalten. Gott hat dem Abraham versprochen, dass er die Stadt Sodom nicht zerstören werde, wenn sich dort zehn Gerechte fänden (Gen 18,32). Wir sollten uns mühen, dass es nie an den zehn Gerechten fehlt, die eine Stadt retten können.“ Amen.
Lesung aus dem Buch Genesis (22,1-19)
Damals stellte Gott Abraham auf die Probe. Er sprach zu ihm: Abraham! Er sagte: Hier bin ich.
Er sprach: Nimm deinen Sohn, deinen einzigen, den du liebst, Isaak, geh in das Land Morija und bring ihn dort auf einem der Berge, den ich dir nenne, als Brandopfer dar!
Frühmorgens stand Abraham auf, sattelte seinen Esel, nahm zwei seiner Jungknechte mit sich und seinen Sohn Isaak, spaltete Holz zum Brandopfer und machte sich auf den Weg zu dem Ort, den ihm Gott genannt hatte.
Als Abraham am dritten Tag seine Augen erhob, sah er den Ort von Weitem.
Da sagte Abraham zu seinen Jungknechten:
Bleibt mit dem Esel hier! Ich aber und der Knabe, wir wollen dorthin gehen und uns niederwerfen; dann wollen wir zu euch zurückkehren.
Abraham nahm das Holz für das Brandopfer und lud es seinem Sohn Isaak auf. Er selbst nahm das Feuer und das Messer in die Hand. So gingen beide miteinander.
Da sprach Isaak zu seinem Vater Abraham. Er sagte: Mein Vater!
Er antwortete: Hier bin ich, mein Sohn!
Dann sagte Isaak: Hier ist Feuer und Holz. Wo aber ist das Lamm für das Brandopfer?
Abraham sagte: Gott wird sich das Lamm für das Brandopfer ausersehen, mein Sohn.
Und beide gingen miteinander weiter.
Als sie an den Ort kamen, den ihm Gott genannt hatte, baute Abraham dort den Altar, schichtete das Holz auf, band seinen Sohn Isaak und legte ihn auf den Altar, oben auf das Holz.
Abraham streckte seine Hand aus und nahm das Messer, um seinen Sohn zu schlachten.
Da rief ihm der Engel des HERRN vom Himmel her zu und sagte: Abraham, Abraham! Er antwortete: Hier bin ich.
Er sprach: Streck deine Hand nicht gegen den Knaben aus und tu ihm nichts zuleide! Denn jetzt weiß ich, dass du Gott fürchtest; du hast mir deinen Sohn, deinen einzigen, nicht vorenthalten.
Abraham erhob seine Augen, sah hin und siehe, ein Widder hatte sich hinter ihm mit seinen Hörnern im Gestrüpp verfangen. Abraham ging hin, nahm den Widder und brachte ihn statt seines Sohnes als Brandopfer dar.
Abraham gab jenem Ort den Namen: Der HERR sieht, wie man noch heute sagt: Auf dem Berg lässt sich der HERR sehen.
Der Engel des HERRN rief Abraham zum zweiten Mal vom Himmel her zu und sprach: Ich habe bei mir geschworen - Spruch des HERRN: Weil du das getan hast und deinen Sohn, deinen einzigen, mir nicht vorenthalten hast, will ich dir Segen schenken in Fülle und deine Nachkommen überaus zahlreich machen wie die Sterne am Himmel und den Sand am Meeresstrand. Deine Nachkommen werden das Tor ihrer Feinde einnehmen. Segnen werden sich mit deinen Nachkommen alle Völker der Erde, weil du auf meine Stimme gehört hast.
Léiwen Här Kardinol,
léif Schwësteren a Bridder,
«Wéi kënnt hien dann nëmmen drop, fir esou en Text rauszesichen. Esou eppes kann een de Leit haut dach net méi zoumudden!
E Gott, dee verlaangt, datt den Abraham him soll säin eenzege Jong afferen! Dat ass dach verréckt! Mat esou engem Gott wëll ech näischt ze dinn hunn…»
Hand op d’Häerz, léif Pilgerinnen a Pilger, huet Dir net esou änlech Gedanke beim Virdroe vun der Liesung gehat?
Gitt mol einfach dovun aus, datt ech dëse Passage aus dem Alen Testament ganz bewosst rausgesicht hu well hie fir mech onbedéngt dozou gehéiert, wann ee vun der chrëschtlecher Hoffnung schwätzt.
Wéi esou dacks bei provokativen Texter aus der Helleger Schrëft geet et drëm, fir an den déiwe Sënn dovun anzedauchen a seng Schéinheet ze entschlësselen.
Genee dat hunn ech elo mat Iech wëlles.
Wann een e bëssen opmierksam d’Isaak-Erzielung lauschtert, da mierkt een direkt : Do gëtt et awer eng Partie Ongereimtheeten.
Kaum hat den Abraham den Optrag kritt fir säin eenzege Jong als Affer duerzebréngen, do packt hien eenzock all seng Saachen zesummen a mécht sech op de Wee.
Et gëtt vun him kee Wuert Protest oder Widderried. Hien mécht net de mannste Versuch fir eng Erklärung ze kréien oder fir den Herrgott ëmzestëmmen.
Dat ass ëmsou méi verwonnerlech well e puer Kapitele virdru gëtt äis laang a breet erzielt, wéi den Abraham sech all Méi gëtt, fir den Herrgott ëmzestëmmen, wéi deen ugekënnegt hat d’Stad Sodom wéinst hirer Schlechtegkeet dem Äerdbuedem gläich ze maachen.
Deemools hat den Abraham esou gutt verhandelt an argumentéiert, datt den Herrgott schliisslech déi ganz Stad verschount huet.
Hei geet et jo awer net ëm eng korrupt Stad, hei geet et ëm säin eegent Fleesch a Blutt, säin onschëllege Jong… An da kënnt kee Pipcheswuert vu Säite vum Abraham.
Seng onwiddersprachen Abberdéngegt vis-vis vum Herrgott senger Demande revoltéiert een dach zudéifst!
D’Erzielung spëtzt sech zou, wéi de Béifche mat dem Brennholz um Bockel säi Papp freet: «Du hues d’Feier derbäi an d’Messer, mee wou ass dann d’Afferdéier?» – An d’Dramatik kënnt zu hirem Combel, wéi den Abraham zum déidleche Messercoup usetzt.
Léif Schwësteren a Bridder,
Alles ass esou erzielt, datt mir ënnerlech mat deenen zwee Personnagen a grousser Spannung mat op de Bierg ginn.
Et gëtt ee vun der Dramatik selwer gefesselt. Dat kënnt net vun ongeféier. Well et geet net nëmmen ëm den Abraham, et geet och ëm äis, déi mir sollen eppes vun dëser Erzielung léieren.
« Stopp! » - « Do dem Jong näischt zeleeds ! » - « Du hues dem Herrgott näischt refuséiert, mol net d’Liewe vun dengem Kand, dofir wäert’s du geseent sinn! » Dat ass d’Äntwert aus dem Himmel.
Elo dierfe mir net mengen, d’Moral vun der Geschicht wier, datt dee Mënsch vum Herrgott geseent ass, dee bereet ass, fir fir hien iwwer Läichen ze goen, a wier et d’Läich vu sengem eegene Kand. Dat wier komplett absurd.
Et geet am Leschten net ëm den Isaak an och net ëm d’Trei an d’Zouverléissegkeet vum Abraham vis-à-vis vum Herrgott, mee et geet ëm d’Trei an ëm Zouverlässegkeet vum Herrgott vis-à-vis vum Abraham.
Dat ass d’Quintessenz vum Text.
Et kann een dës Erzielung net verstoen, ouni sech an Erënnerung ze ruffen, firwat den Abraham aus sengem Stammland opgebrach war. Hien hat versprach kritt, hie géif zum Papp vun engem grousse Vollek ginn.
Den Herrgott hat dat Onméiglecht méiglech gemaach, fir datt den Abraham am Alter vun 100 Joer an d’Sara, seng Fra, am Alter vun 90 Joer nach Eltere goufen.
Hire Jong sollt geseent an zum Begrënner vun engem nobele Geschlecht ginn, aus deem Kinneken ervirkéimen.
Dat alles war dem Abraham vum Herrgott versprach ginn. An elo sollt dësen Herrgott d’Liewe grad vun deem Kand fuerderen, dat jo ee Geschenk vun him fir den Abraham war an un deem all seng Verspriechen houngen ?
Do gëtt et nëmmen 2 Méiglechkeeten : Entweder den Herrgott vun Israel ass verréckt, hien ass e launeschen Despot, wéi et vill Gëtter am Gëtterhimmel bei anere Vëlker goufen ; oder hien ass trei zu senge Verspriechen, hien hält säi Wuert an hie seent den Abraham an den Isaak.
Wann dat zweet gëllt, wann hien also trei ass, da kann et esou laang dauere wéi et wëll, mee da wäert net den Isaak geaffert gi mee iergendeppes anescht!
Elo versti mer alles. Elo versti mir d’Rou vum Abraham, déi näischt anescht ass, wéi säi Vertrauen an d’ Geruedheet an d’Zouverlässegkeet vum Herrgott!
Awer dëse Glawen un d’Trei vum Herrgott muss den Abraham ganz duerchliewen ; et ass ee Vertrauen, dat him alles ofverlaangt.
Den Abraham duerchleit dëse Glawen, dëst Vertrauen, well, wat een duerchlidden huet, dat gehéiert ontrennbar zu engem, dat verléiert een ni méi.
Chers amis,
Les habitués de l’Octave connaissent la draperie qui se trouve en bas de l’autel votif et qui comporte une broderie sur le thème du sacrifice d’Isaac.
C’est un texte souvent méconnu et pour la plupart rejeté voire détesté de l’Ancien Testament. Dieu demande à Abraham de sacrifier son fils unique Isaac.
Intuitivement on pense que c’est Abraham qui est mis à l’épreuve pour vérifier sa fidélité à la parole de Dieu.
Dans les sermons sur ce récit biblique les prédicateurs aiment souvent louer le courage et la sincérité dans la foi d’Abraham pour ensuite exhorter les fidèles à faire de même et donner un exemple de prouesse croyante dans les combats et les difficultés de leur vie.
Ce n’est pas totalement faux mais ce n’est pas tout et ce n’est pas le cœur du message biblique. Ce qui est vraiment en jeu, ce n’est pas la fidélité d’Abraham mais celle de Dieu !
Si Dieu exigeait vraiment la vie d’Isaac, il aurait nié sa promesse qu’il avait donnée à Abraham selon laquelle il deviendrait le père d’une multitude.
Or, sans Isaac pas de filiation, pas de descendance, pas de multitude et donc pas de promesse tenue de la part du Dieu d’Israël !
La mort d’Isaac aurait entrainé la mort de Dieu dans le cœur d’Abraham. Comment vénérer un Dieu dont la parole ne vaut rien ?
Chers tous,
Nous comprenons maintenant qu’Abraham nous conduit au fondement de notre espérance chrétienne : Ce fondement, c’est la fidélité de Dieu envers ses promesses de salut.
L’espérance chrétienne repose sur le socle de la fidélité de Dieu pour l’homme.
Abraham espère jusqu’au bout : « Dieu saura bien trouver l’agneau pour l’holocauste, mon fils. »
Cette affirmation est plus qu’un calmant pour Isaac. Elle est la conviction profonde que Dieu est fidèle ! Elle est l’expression de son espérance inébranlable.
Chers pèlerins,
Nous pouvons espérer parce que Dieu est fidèle et que sa parole vivante, le Christ, par lequel il nous a parlé, a des paroles de vie éternelle.
Les petits espoirs peuvent décevoir mais l’espérance ne déçoit pas – spes non confundit, dit le pape François dans sa bulle pour l’annonce de ce Jubilé 2025. L’espérance ne déçoit pas car Dieu est fidèle.
Léif Schwësteren a Bridder,
Zu Walfer an eiser Kierch hu mir am Agank en Heft leien, an dat d’Leit kënnen hir Gebieder, hir Suergen, hir Uleies, hire Merci a wat och ëmmer dra schreiwen.
D’Heft fëllt sech esou séier, wéi ee kucke kann. Wéi ech e bëssen am Heft gebliedert hunn, wat elo opläit, ass mir e Saz opgefall, deen isoléiert drastoung. De Saz vun engem anonymme Passant heescht: « Père, je compte sur Toi, mon Dieu ».
Dat ass e schéint Glawensbekenntnis. Et ass an engems en déiwen Temoignage vun Hoffnung. « Papp, ech zielen op Dech, mäi Gott. »
Esou änlech wäert den Abraham ënnerlech gebiet hunn, wéi hie mat dem Isaak op de Bierg gaang ass fir d’Affer duerzebréngen.
« Papp ech zielen op Dech, ech zielen op deng Trei zu mir. Ech zielen drop, datt’s Du zu deem stees, wat ech vun Dir gleewen, datt’s Du Gott vum Liewe bass. Papp, du bass meng Hoffnung, ech zielen op Dech!“
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Ech invitéieren Iech elo zu enger kuerzer Stëllt. Wärenddeems lueden ech Iech an, Äert klengt Bekenntnis vu Glawen an Hoffnung an Ärem Häerz ze formuléieren. Et ass net schwéier. En Anonymmen aus der Kierch vu Walfer huet äis et virgemaach.
Chers pèlerins,
dans un moment de silence je vous invite à formuler au fond de votre cœur une phrase courte qui exprime votre espérance chrétienne à l’exemple de cette phrase que je viens de citer d’une personne anonyme : Père, je compte sur Toi, mon Dieu. C’est un exercice facile. Il fera de notre pèlerinage une démarche d’espérance.
« Espère le Seigneur, sois fort et prends courage ; espère le Seigneur. » Amen.
Liesung (Mt 13,1-6)
Der Herr sei mit euch. Und mit deinem Geist.
+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
Ehre sei Dir, o Herr.
An jenem Tag verließ Jesus das Haus und setzte sich an das Ufer des Sees.
Da versammelte sich eine große Menschenmenge um ihn.
Er stieg deshalb in ein Boot und setzte sich.
Und alle Menschen standen am Ufer.
Und er sprach lange zu ihnen in Gleichnissen.
Er sagte: Siehe, ein Sämann ging hinaus, um zu säen.
Als er säte, fiel ein Teil auf den Weg und die Vögel kamen und fraßen es.
Ein anderer Teil fiel auf felsigen Boden, wo es nur wenig Erde gab, und ging sofort auf, weil das Erdreich nicht tief war;
als aber die Sonne hochstieg, wurde die Saat versengt und verdorrte, weil sie keine Wurzeln hatte.
Wieder ein anderer Teil fiel in die Dornen und die Dornen wuchsen und erstickten die Saat.
Ein anderer Teil aber fiel auf guten Boden und brachte Frucht, teils hundertfach, teils sechzigfach, teils dreißigfach.
Wer Ohren hat, der höre!
Evangelium unseres Herrn Jesus Christus. Lob sei Dir Christus.
„Hoffnung ist nicht die Überzeugung, dass etwas gut ausgeht, sondern die Gewissheit, dass etwas Sinn hat, egal wie es ausgeht.“ (Vaclav Havel)
Priedegt
„Ech hunn all Hoffnung opginn, datt sech an der Kierch nach eppes deet.“
Esou e Saz oder änlecher héieren ech heiansdo, och vun engagéierte Chrëschten.
Si sinn enttäuscht, datt et net viru geet mat Reformen, déi si sech scho laang wënschen : eng un d’Realitéit ugepasste Sexualmoral, d’Ouverture vun allen Ämter fir d’Fraen, d’Ofschafung vum Flichtzölibat vun de Priister, manner Dominanz an den Decisioune vun de Paschtéier an de Bëscheef…fir nëmmen dës Punkten opzegräifen.
Si loosse méi oder manner oppen hirem Frust an hirer Resignatioun fräie Laf an hunn d‘Freed un der Kierch verluer.
Elo kann een natierlech dat u sech ofpralle loosse wéi Reendrëpsen op engem impregnéierte Mantel a soen, datt dat Fuerderunge vun der 68er-Generatioun wieren, datt d’Kierch sech net dierf dem Zäitgeescht upassen an datt déi Leit jo kéinte bei d’Protestante goen, wann hinnen eis Kierch net passt asw..
Mee kann een sech et wierklech esou einfach maachen?
Déi Erwaardungen un d’Kierch, déi ech virdru genannt hunn, spigelen dat erëm, wat eng grouss Majoritéit vu Leit an eise westleche Gesellschaften denkt a wat och vill Katholicken an der Kierch sech géife wënschen.
Natierlech gëtt et och aner Stëmmen: déi, déi op kee Fall eng Entwécklung an déi ugedeite Richtung wëllen, well si dat als ee Verrot un der Traditioun an um Wiese vun der Kierch gesinn.
Wann een an d’Geschicht vun der Kierch kucke geet, da mierkt een, datt et do keng richteg Revolutioune gouf, wuel awer ëmmer nees Reformen, also graduell entwéckelt Verännerungen.
De Poopst Johannes den XXIII. hat e Gespier dofir, datt d’Kierch een „aggiornamento“, haut géif ee vläicht soen en „Update“, brauche géif, fir net vun der Gesellschaft komplett ofgehaangen ze ginn an huet dat Zweet Vatikanescht Konzil aberuff.
Kengem goung et drëm, d’Séil vun der Kierch un den Zäitgeescht ze verkafen, mee ëm d‘Dialogfäegkeet vun der Kierch an enger rasant verännerter Welt.
Ouni dat riskéiert d’Kierch als ee Friemkierper fir e puer Exoten ugesinn ze ginn, dee kee méi wierklech brauch an deen all Relevanz an enger Gesellschaft vum „mutiple choice“ verluer huet.
Si rutscht an d’Kategorie vun den Dinosaurier of. Et weess een, datt et se gouf, e puer maachen nach mat de Kanner eng Sonndesexpeditioun an de Musée fir hiren doudege Skelett ze kucken, et keeft een och nach e Souvenir vun der Visite an da war et dat.
Ech mierken elo, wéi verschiddener vun Iech ufänken nervös ze gi bei deem, wat ech gesot hunn.
Dat ass gutt esou, well kengem vun äis dierf d’Kierch egal sinn. Ech wëll äis bewosst zum Nodenke provozéieren a natierlech och zum Schäffe vun Hoffnung.
Mengt nëmmen net, ech wier esou naiv ze gleewen, datt wa muer d’Frae géifen d’Mass halen an d’Paschtéier sech bestuede kéinten, datt dann d’Kierchen a Kapellen sech nees fëlle géifen an d’Bëscheef vu lauter gesellschaftlechem Applaus misste rout am Gesiicht ginn.
Reforme sinn net do, fir der Kierch hire Prestige ze steigeren oder hir Kollekten opzebesseren. Si sinn och net do, fir sech einfachin dem gesellschaftleche Mainstream unzepassen.
Si kënne sech nëmmen aus enger seriöser theologescher Reflexioun doriwwer erginn, wéi d‘Kierch d’Liewen, den Dout an d’Operstoe vum Jesus ka verkënnegen an d’Bedeitung dovun an eis Gesellschafte vermëttelen.
Si erginn sech aus dem Lauschteren op dat, wat den Hellege Geescht der Kierch ze soen huet a wéi si soll hire Wee duerch d’Zäit goen.
Weder konsequent Bloquéieren vun Neiem, nach konsequent Demonstréiere fir Neies reforméiert d’Kierch, mee dat gemeinsaamt Goen mat Christus an der Mëtt am Lauschteren een op deen aner an all zesummen op den Hellege Geescht.
Esou hunn ech op jiddefall de verstuerwene Poopst François verstan a sengem Beméie fir eng synodal Kierch.
Elo kann een natierlech soen: „Dat dauert mir ze laang, déi Zäit hu mir net méi! Dat ass net handfest genuch an ze spirituell, esou kritt een d’Problemer vun der Kierch net an de Grëff.“
Ofgesinn dovun, datt een d’Problemer vun der Kierch ni wäert an de Grëff kréien, wéi déi vun enger Firma a scho guer net mat de Mëttel, déi een dofir gebraucht, schéngt mir an dësem Kontext eng Ausso vum Vaclav Havel interessant ze sinn.
De fréieren tschechesche President, deen als Biergerrechtler an Dissident ënnert dem kommunistesche Regime 5 Joer am Prisong souz, sot dat hei:
“Hoffnung ist nicht die Überzeugung, dass etwas gut ausgeht, sondern die Gewissheit, dass etwas Sinn hat, egal wie es ausgeht!“
Dee Saz kann een och op d’Kierch iwwerdroen.
Hoffnung fir d’Kierch hunn, heescht net, datt all Erwaardung, déi ech u si hunn direkt a vollstänneg muss ëmgesat ginn an datt also alles esou ausgeet, wéi ech mir et virstellen.
Déi Logik géif tatsächlech bedeiten, datt ech keng Hoffnung fir d’Kierch hätt, wann ech matkréien, datt si sech net esou entwéckelt, wéi ech mir et virstellen.
„Hoffnung ist die Gewissheit, dass etwas Sinn hat, egal wie es ausgeht.“
Dat heescht net, datt mir an der Kierch Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen, mee datt mir un ee gréissere Sënn gleewen, wéi deen, dee mir selwer dra leeën.
Dëse gréissere Sënn depasséiert eis Reformbereetschaft oder eis Reformverweigerung well hien an dem dräifaltege Gott grënnt.
Chers amis,
Le Pape François nous a souvent encouragé à espérer dans l’avenir de l’Église malgré des circonstances difficiles et des évolutions qui peuvent bien nous décevoir.
Dans une de ses catéchèses, il a comparé l’Église à un voilier dont la voile est l’Esprit Saint qui la pousse en avant dans l’océan de l’Histoire, hier comme aujourd’hui.
Il est faux de croire que l’Église ne bouge pas. Elle ne bouge peut-être pas si vite que je le souhaite, elle prend peut-être une direction qui ne me plaît pas, mais elle avance dans la mouvance de l’Esprit.
Elle n’est pas seulement ce que les hommes en font ou n’en font pas mais elle est sacrement, c’est-à-dire le signe et le moyen de la rencontre de Dieu avec l’humanité, comme le dit Vatican II dans Lumen gentium.
Elle n’est pas seulement une organisation d’hommes et de femmes mais corps du Christ et temple de l’Esprit Saint.
Il y a toujours en elle du visible et de l’invisible, du social et du mystique.
« L'Église n'est donc ni le parti ni le syndicat des catholiques, ni une forteresse destinée à protéger ceux-ci des autres, encore moins une armée pour combattre ceux qui ne partagent pas sa foi et ses convictions. Elle est le « Peuple de Dieu en marche» (…).»
L’Église en tant que « Peuple de Dieu en marche » est donc fondamentalement un ensemble de pèlerins de l’Espérance.
Car celui qui se réfère à Dieu est porteur d’Espérance. Celui qui n’a plus d’espoir pour l’Église nie son essence même.
J’aimerais nous renvoyer ici à l’évangile du Semeur. Le pape Léon XIV l’a commenté hier à l’occasion de sa première audience publique sur la place Saint-Pierre.
Il nous a dit que dans la parabole, la terre ne signifie pas seulement notre cœur mais aussi l’Église et le monde. La parole de Dieu rejoint toutes les réalités dans lesquelles nous vivons.
Ce qui est étonnant, c’est que le semeur est super généreux avec sa semence pourtant chère et précieuse.
Il ne calcule pas quand il laisse tomber sa semence à des endroits, où en principe nulle récolte est à espérer.
L’amour ne calcule pas, nous a rappelé le Pape.
Dieu est un semeur d’espérance car il aime sans différence et il n’a pas abandonné l’espoir que sa parole porte des fruits même là où on ne se l’attendait pas.
Chers sœurs et frères,
Des réformes il y en a eu toujours au cours de l’histoire de l’Eglise et il y en aura dans l’avenir.
Ce qui importe, c’est que nous puissions prendre en exemple le semeur de la parabole et être des semeurs d’Espérance à notre tour.
Pour cela il est impératif de faire bon accueil à la Parole vivante de Dieu qui est son Christ. C’est de Lui que vient notre assurance qu’Il conduit le troupeau pour lequel Il a donné sa vie.
Vivre l’Évangile et le communiquer aux autres, c’est un premier pas de conversion personnelle et de réforme pour le bien de l’Église. Amen.
Lecture de la Première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens (1 Cor 15,19-26)
Si nous avons mis notre espoir dans le Christ pour cette vie seulement, nous sommes les plus à plaindre de tous les hommes.
Mais non ! le Christ est ressuscité d’entre les morts, lui, premier ressuscité parmi ceux qui se sont endormis.
Car, la mort étant venue par un homme, c’est par un homme aussi que vient la résurrection des morts.
En effet, de même que tous les hommes meurent en Adam, de même c’est dans le Christ que tous recevront la vie, mais chacun à son rang : en premier, le Christ, et ensuite, lors du retour du Christ, ceux qui lui appartiennent.
Alors, tout sera achevé, quand le Christ remettra le pouvoir royal à Dieu son Père, après avoir anéanti, parmi les êtres célestes, toute Principauté, toute Souveraineté et Puissance.
Car c’est lui qui doit régner jusqu’au jour où Dieu aura mis sous ses pieds tous ses ennemis.
Et le dernier ennemi qui sera anéanti, c’est la mort.
Priedegt: „Ich werde erwartet“ (Franz Kamphaus) - Hoffnung iwwer den Doud eraus
Espérance et vie éternelle
Eng stierweskrank eeler Fra louch an der Clinique. E jonke Kaploun ass si virun Ouschterdag besiche gaang. „Et kann ee jo net wëssen, ob d’Fra net wéilt beichten an d’helleg Kommunioun empfänken“ sot hien sech heemlech.
Dunn huet hien ugefaang hir vum Jesus ze schwätzen, vu sengem Dout an Operstoen a vun der Hoffnung, déi de Glawen engem gi kann.
D’Fra huet net drop reagéiert. Am Contraire: Si huet ugefaang z’erzielen, si hätt en Dram gehat, an deem si sech selwer gesinn huet a wou si nach eppes wollt fäerdeg maachen.
Dat hätt si drop bruecht, fir nach hir faarweg Jackett fäerdeg ze strécken, mat där si virun hirer Krankheet amgaang war.
An op eemol ass d’Fra nees méi monter ginn. Si war wéi verwandelt. Si huet dem Kapléichen geschwat vun de Faarwen a vum Muster, déi si rausgesicht hat. Dobäi ass hir Stëmm ëmmer méi fest a kloer ginn.
Léiwen Här Kardinol,
léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
léif Schwësteren a Bridder, déi dir iwwer d’Medie mat äis verbonne sidd,
Den theologeschen Discours vum Kaploun iwwer de Kär vum chrëschtleche Glaf koum bei der kranker Fra net esou richteg un. Si war méi „terre à terre“ agestallt.
Hir gestréckte Jackett, déi nach sollt fäerdeg ginn, hat hir méi Courage gemaach, wéi de gutt gemengten Hiweis op d’Operstoe vum Jesus.
Ech si mer net ganz sécher, ob d‘Fra aus der Geschicht een Eenzelfall ass. Dir kënnt dat jo mol fir Iech selwer kucken, zu wat fir enger Zort vun Hoffnung dir iech méi higezu spiert.
Elo kann een sech natierlech froen, ob et net eng Fro vun der Sprooch ass, wann de chrëschtleche Message vun der Hoffnung net richteg ukënnt oder awer éischter eng Fro vum Inhalt oder béides.
Kënne wëssenschaftlech opgekläerte Mënsche vun haut iwwerhaapt nach dru gleewen, datt et eppes nom Dout gëtt?
Sollt een net besser d’Schwätzen iwwert d’Bedeitung vun Ouschteren op ee symboleschen oder psychologeschen Niveau hiewen? Domat kéinten d’Leit dach bestëmmt méi ufänken.
Da wier Ouschteren einfach een Impuls fir d’Läpper net hänken ze loossen an drun ze gleewen, datt no enger schwéierer Zäit och nees besser Deeg kommen.
D’Natur mécht äis dat jo vir: Nom Wanter – a sief hien och nach esou laang - kënnt e neit Fréijoer.
Oder et kéint ee soen, datt Ouschteren äis Courage mécht fir deene verstoppte Kräften, déi an äis schlummeren ze vertrauen an déi nees ze mobiliséieren, grad dann, wann een eng perséinlech Duuschtstréck duerchlieft.
Oder ass Ouschteren net einfach eng Chiffer fir de Glawen un d’Zukunft: un déi perséinlech Zukunft, un d’Zukunft vun der Welt - a firwat net och vun der Kierch - an domat verbonnen, d‘Opfuederung eppes dofir ze maachen, fir datt déi Zukunft gutt gëtt.
Hu mer net tatsächlech besser, bei der faarweger Jackett ze bleiwen, déi nach soll fäerdeg ginn, amplaz vun engem eidele Graf an engem operstanene Christus ze schwätzen?
Jo, et kann een Ouschteren no villerlee Säiten hin interpretéieren an et gi bestëmmt Leit, déi dobäi eppes Sënnvolles an Hoffnungsvolles fir sech fannen awer si mir domat schonn um Kär vun eisem Glaf ukomm?
Fir mech net!
Wat ass mat deene Jacketten, déi ee mat dem beschte Wëlle vun der Welt a mat der leschter Kraaft, déi engem nach bleift, awer net méi fäerdeg gestréckt kritt?
Mol éierlech: Ass eist Liewen net voll mat hallwe Jacketten, déi op hiert Fäerdegginn waarden: Liewensprojeten, déi sech net esou erfëllen, wéi een sech dat virgestallt hat; Relatiounen, déi net esou glécklech sinn, wéi een sech dat erdreemt hat; wichteg Decisiounen, déi net dee Succès haten, deen een sech ausgerechent hat?
Wat ass mat all deene Maschen, déi een am Laf vum Liewe fale gelooss oder verkéiert gestréckt huet?
A wann d’Jackett vun eisem Liewen och méi oder wéineger fäerdeg an d’Muster plus minus gerode gouf, fir ween gouf si gestréckt? Am leschten dann awer fir d’Matten? Ass dann alles riwwer. Basta…und gut ist?
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Mënsche mat groussen Erwaardunge waren och déi, déi sech dem Jesus vun Nazareth ugeschloss haten.
Grousses a Schéines haten si sech vun hirem Meeschter erhofft.
Awer all hir kleng a grouss Hoffnunge sinn um Kräiz vu Golgota mat dem Jesus erstéckt a verblutt.
Um Owend vum Karfreideg goufe mat dem doudege Jesus och déi geplatzten Dreem vu sengen Apostelen a vu villen anere begruewen.
Awer zwee Deeg méi spéit war d‘Graf vum Jesus an d’Graf vun hirer Enttäuschung eidel. Et war opgebrach op eng nei an definitiv Hoffnung. De Jesus ass wierklech aus dem Dout operstan a lieft. Dës Botschaft ass kee Fake mee den Zentrum vum Glawe vun de Chrëschten, deen alles zesummenhält.
Chers soeurs et frères,
Saint Paul est très clair au sujet de notre espérance : « Si nous avons mis notre espoir dans le Christ pour cette vie seulement, nous sommes les plus à plaindre de tous les hommes. » déclare-t-il.
Seraient alors à plaindre 75% des Français - les chiffres sont par ailleurs semblables pour les Allemands et j’ose dire également pour les Luxembourgeois - qui selon les sondages ne croient pas en la Résurrection du Christ.
Avouons-le : il est plus commode de nier la Résurrection. Car pas de Résurrection, pas de jugement dernier sur mes actes commis ou omis et donc pas de comptes à rendre ; pas de Résurrection, pas de face-à-face avec le divin ; pas de Résurrection, pas de soucis avec l’au-delà. C’est vrai.
Mais alors, la victime aura le même sort que son tueur, le prisonnier que son bourreau, le défenseur des droits humains que son oppresseur, mère Teresa qu’Hitler. Pas de justice ultime, ni pour l’un , ni pour l’autre.
Sans Résurrection l’amour sera enterré ou brûlé avec le corps. Dommage pour les amoureux, jeunes ou ainés, ils ne se verront plus. Dommage pour les beaux souvenirs qu’on a de ceux qui nous sont chers. Ils disparaitront à jamais avec le dernier qui peut se les rappeler.
Dommage pour la vie tout court : car mieux vaut alors en profiter pleinement et sans réserve, coûte que coûte.
En vous parlant ainsi, je me rends compte que je m’avance sur un argumentaire assez théorique qui n’est peut-être pas faux mais qui ne me satisfait pas.
En effet, il ne touche pas encore à la vraie raison pourquoi le Père a ressuscité son Fils bien-aimé par la force de l’Esprit-Saint.
La raison profonde de la Résurrection de Jésus est la révélation de l’amour du Père et de sa fidélité.
Les premières pages de l’Écriture sainte nous présentent Dieu comme créateur et comme gardien de la vie. La volonté de Dieu est que l’homme vive.
À l’opposé, l’homme à cause du péché, est capable de corrompre la vie et de tuer son frère et sa sœur en humanité.
Il est même libre de tuer le Fils de Dieu, venu dans le monde pour le ramener à son Dieu et à son projet de vie.
Dieu répond à cette violence avec la force invincible de son amour pour appeler Jésus à une nouvelle vie.
Le pouvoir de l’homme s’arrête à la mort, le pouvoir de Dieu la dépasse.
L’homme tue pour se séparer de son pair.
Dieu ressuscite les morts pour vivre en communion avec l’homme.
Nous subissons la mort à cause des maladies, de l’âge et des vicissitudes de la vie.
Dieu ouvre la mort à la vie nouvelle pour faire germer l’espérance en nos cœurs.
Grâce à la résurrection du Christ nous vivrons, nous verrons Dieu comme Il est dans sa majesté et sa beauté qui sont la révélation de sa miséricorde et de son amour.
Rien n’est perdu de ce que nous sommes et de ceux et de celles qui nous ont accompagnés sur le chemin de la vie.
La victime ne sera plus victime, le Seigneur sera juge pour prononcer une sentence juste sur nos actes et de ceux des autres.
L’injustice humaine se heurtera à la justice divine.
Dieu « essuiera toute larme de leurs yeux, et la mort ne sera plus, et il n'y aura plus ni deuil, ni cri, ni douleur, car les premières choses ont disparu » dit l’Apocalypse.
Nous sommes des pèlerins d’espérance et avec cette espérance nous franchirons le dernier seuil à prendre, celui de la mort pour entrer dans le sanctuaire de l’amour divin qui est éternel.
Léif Schwësteren a Bridder,
Dat läscht Joer ass de fréiere Bëschof vu Limburg Franz Kamphaus am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
Sechs Méint viru sengem Dout huet hien nach en Interview ginn. Hien ass gefrot ginn, wéi et wier a sengem héijen Alter: „Schéin“, huet hie geäntwert. Hien wier nach kloer am Kapp an hie wier fir all Dag dankbar. Hien géif sech och elo op säin Dout virbereeden.
De Journalist huet hie gefrot, wat dat géif konkret heeschen. Hei ass seng Äntwert: „Ich nehme mir Zeit zum Nachdenken. Mehr als früher. Dazu kommt das Psalmengebet (..). Das nehme ich sehr ernst. Ich hoffe, dass ich so für die letzte Stunde hier auf Erden bereitet bin. Ich bin sicher, ich werde erwartet. Das ist meine Hoffnung. Darauf gehe ich zu."
„Ich bin sicher, ich werde erwartet“! Ech fannen dat eng wonnerbar Hoffnung, déi sech aus dem Glawen un d’Operstoen ergëtt.
Mir sinn net geschaaft fir am Näischt ze vergoe mee fir dem Gott vun der Léift ze begéinen.
Mir gi vun him erwaart fir an eng eng bleiwend Gemeinschaft mat him anzetrieden, déi eist Gléck ass.
„Ich bin sicher, ich werde erwartet. Das ist meine Hoffnung. Darauf gehe ich zu. Amen.“