Op ee Wuert
E Bibel-Podcast
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
"Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
Wou se hirkommen a wat se eigentlech bedeiten
Apocalypse now? Apokalyptesch Biller?
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
d’Verbe “apokalypto” bedeit am Griicheschen, dat zu dier Zäit, wéi d’Aalt Testament aus dem Hebräeschen op Griichesch iwwersat gouf, an och nach, wéi d’Bicher vum Neien Testament geschriwwe si ginn, fir d’éischt emol “eppes fräi maachen” (wéi z.B. de Kapp fräi maachen, wann een e Schleier ausgedoen huet), an “eppes weisen” (wat virdru verstoppt woar).
Am iwwerdroene Sënn bedeit “apokalypto” dann och “maachen, datt eppes voll a ganz bekannt a gewosst gëtt”, dat dann och doruechter “verbreet” gëtt – et ass, wéi wann “e Rido op eng Säit gezu gëtt”.
Elo goufen et zanter dem 6. Jorhonnert vru Christus Texter, déi « e Rido op eng Säit zéie » wollten, besonnesch awer gouf et dier tëscht dem 2. Jorhonnert vrun an dem Ufank vum 2. Jorhonnert no Christus ; Texter, Bicher, déi mer an der Bibel erëmfannen, awer net alleguerten. Dës Texter a Bicher goufen « Apokalypse » genannt, eng litteraresch Gattung, esou wéi et der och haut gëtt, z. B. déi litteraresch Gattung vum Krimi, vum Abenteur-Roman, an nach vill anerer.
Et ginn an der Bibel Apokalypsen am Alen Testament; am Bekannste sinn dat do d’Kapitele 7-12 aus dem Buch Daniel. Am Neien Testament ass et d’”Apokalyps vum Johannes”, dat lescht Buch vun der Bibel.
Vru wat soll dann do de Rido op d’Säit gezu ginn? Wat soll bekannt, gewosst an doruechter verbreet ginn?
Ma, datt d’Judden oder d’Chrëschten sech duerch allerlee Ënnerdréckung a Widderstänn, déi si erliewen, net ënnerkréie loosse sollen : déi grujeleg Beschreiwunge vu Katastroophen a Krankheete sinn Ëmschreiwunge fir déi schwiereg Ëmstänn an deenen si deemools gelieft hunn.
Apokalypsen an der Bibel ruffen dozou op ze lauschteren, d’Aën opzemaachen, ze kucken an ze verstoen, wat hannert deem steet, wat an der Welt geschitt; a fir d’Judden an d’Chrëschten aus dier Zäit, huet dat bedeit datt et Gott ass, deen hannert Allem steet, vum Ufank bis un d’Enn an doriwwer eraus.
Firwat ginn dann esou verschlësselt Biller gebraucht? Ma, well wann eppes ënnert Verschloss ass, ass et wichteg; et muss een sech ustrenge fir drun ze kommen oder awer, et muss een zum Krees vun deene gehéieren, déi e Schlëssel hunn.
Eng Apokalyps ass also net e Buch iwwert Katastroophen, déi geschéien oder um Punkt sinn ze geschéien. Zu engem Buch iwwert Katastroophen gouf z. B. d’Apokalyps vum Johannes eréischt ëmt d’Joer 1000, wéi a Priedegten déi däischter Biller, déi fäerten dinn, betount goufe fir datt d’Nolauschterer sech séier vill Méi ginn, d’Kéier an hirem Liewen ze kréien.
An, dovunner ofgesinn, huet de Mënsch ganz allgemeng d’Tendenz, éischter schlëmm Noriichten virunzegi wéi dier gudder; et brauch een nëmmen eng Zeitung opzeschloen oder d’Noriichten op der Telee ze kucken.
Eng Apokalyps ass also e Buch mam Opruff fir duerzehalen : Hire Message ass et, datt net alles ëmsoss ass; fir déi, déi eng Apokalyps geschriwwen hunn, hat d’Geschicht vun der Welt - an och hir eegen - e Sënn. Och, wann et dee Moment grad net dono ausgesinn huet.
In: Pfarrbriefservice.de
Sech fillen, wéi en “einsame Rufer in der Wüste”? Sech fillen, wéi “eng Stëmm, déi an der Wüüst rifft”?
Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
D’Bild vun enger Stëmm, déi an der Wüüst rifft, kënnt aus den Evangelien a gëtt do op de Johannes den Deefer bezunn. D’Bild selwer awer ass aus der Griichescher Iwwersetzung vum Alen Testament, méi genee aus dem Buch vum Prophéit Jesaja iwwerholl, aus dem 40. Kapitel, dat laang viru Christus néiergeschriwwen an dono iwwersat gi woar.
Mee, firwat sinn da Passagen aus dem Alen Testament iwwerholl ginn, an engem oder eppes an den Evangelien zougeuerdent ginn?
Ma, dat ass geschitt wéi déi éischt Generatioune vun Unhänger vum Jesus vun Nazareth – déi éischt Chrëschten also - sech beméit hunn, méi genee ze verstoen, wien dee Jesus wier a wat seng Missioun woar : Dofir sinn si an hir helleg Schrëften – haaptsächlech an d’Schreiwësse vun de Prophéiten an an d’Psalmen – no Erklärunge siche gaang, no Texter, wou si gemengt hunn, Äntwerten op hir Froen ze fannen.
A genee dat ass och hei geschitt: Engersäits woar do de Priedeger Johannes, deen, wuël mat Lächer a senger Biographie, och baussent dem Neien Testament beim Juddesch-Réimesche Geschichtsschreiwer Flavius Josephus bekannt ass. - De Johannes gouf “den Deefer” genannt ; op dier anerer Säit woar do de Jesus vun Nazareth; déi zwee, grad ewéi hir Schüler, hir Jünger, hunn sech, den Evangelien no, kannt an si haten op d’mannst zäitweileg mateneen ze dinn. - Den éischte Chrëschten huet et du geschéngt, wéi wann de Johannes, mat deem, wat hie gesot a gemeet huet, op de Jesus a seng Missioun higewisen hätt. Dat heescht, datt de Johannes déi “Stëmm” woar, déi “an der Wüüst” geruff huet an déi laang virdrun am Buch Jesaja ugekënnegt gi woar.
Wat huet hien dann elo geruff?
Ma, zum Beispill, datt et héich Zäit wier, datt d’Leit « ëmdenke » géifen. Haut géife mer soen, datt et héich Zäit wier “eng aner Haltung am Liewen” anzehuelen an dann och unzefänken, anescht ze liewen. An den Evangelie gëtt verzielt, datt ganz vill Leit aus de Stied an den Dierfer eraus bei de Johannes un de Rand vun der Wüüst bei de Jordan gaange si fir ze héieren, wat hie sot. Vill hunn sech der och vun him am Waasser ënnerdauche gelooss, fir ze weisen, datt si wierklech eppes an hirem Alldag ännere wéilten.
Mee, hie wier awer net bei jiddferengem gutt ukomm mat sengem Opruff : Esou wier de Kinnik Herodes Antipas guer net frou gewierscht, wéi de Johannes him ëffentlech d’Levitte geliesen huet, well hien sech mat senger Schwéiesch bestuet hat. An um Enn hätt dat hie wuertwiertlech de Kapp kascht.
D’Erfarung weist, datt Begeeschterung fir eppes z’änneren sielen unhält – déi gutt Virsätz: Wou sinn se hin?
Dobäi kënnt dann nach, datt de Johannes, wéi sou muneche Prophéit oder Eremit virun him, an der Wüüst, gelieft huet. D’Wüüst ass déi Plaz, wou, der Iwwerliwwerung no, Israel Gott begéint ass, wéi deen, dee mat hinnen ënnerwee woar. Fir eis awer ass d’Wüüst déi Plaz, wou ee wuël ruffen a jäitze kann - wou awer keen Echo ass, nëmme Stëllt; do kënnt keng Äntwert op eis Stëmm; dat Gesotend verpufft einfach.
An esou gouf dem Johannes dem Deefer seng « Stëmm, déi an der Wüüst rifft » gläichbedeitend mat engem, dee virun eppes warnt, deen op eppes opmierksam maache wëlt, jo, deen esouguer Geforen op sech hëlt, ma, deen awer keen Echo kritt an esou eléng do steet wéi an enger Wüüst.
D’Eltere woarden op « e Wonner » fir hiert krankt Kand. Et ass « e Wonner », datt kengem eppes geschitt ass !
Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Fir äis ass “e Wonner” eppes, wat komplett ausser der Rei geschitt, eppes Erstaunleches; et ass eppes, wat d’Wëssenschaften - op d’mannst elo nach net -, erkläre kënnen, well et jo grad schéngt, wéi wann d’Gesetzer vun der Natur fir ee Moment ausser Kraaft gesat wieren; “e Wonner” ass eppes, wat eise Verstand net faasse kann an, et ass eppes, wat eng Rei Leit a Verbindung brénge mat eppes Gëttlechem, oder mat Gott.
Wat mär haut ënnert engem “Wonner” verstinn, huet eppes mat eisem Weltbild vun haut ze dinn.
An de Länner an deenen d’Bibel néiergeschriwwe gouf woar dat och esou – et hat ze di mam Weltbild vun de Leit vun deemools : mer schwätzen hei vun de Gebidder - grosso modo - tëscht dem Mëttelmier, dem Schwoarze Mier an dem Kaspesche Mier, tëscht Ägypten, dem Roude Mier an dem Persesche Golf, an deenen en äänlecht Weltbild allgemeng ugeholl woar a mer sinn, biblesch, an der Geschicht ënnerwee vun ongeféier 1000 viru Christus bis Ufank 2. Joerhonnert no Christus.
Iwwregens: Dëst Weltbild woar an eise Géigenden och ugeholl bis un d’Enn vum Mëttelalter, dat heescht, bis Enn 15. Joerhonnert.
Wéi kann een dat “Weltbild” vun deemools kuerz ëmschreiwen?
Ma, hir « Welt » huet aus dräi Deeler bestanen : deem ieweschten, “gëttlechen” Deel – deem mëttelsten, enger Scheiw op dier de Mënsch doheem woar, an deem ënneschten, de béisen Dämonen a Götter hirem. Tëscht dësen dräi Deeler gouf et keng fest Grenz ; een Deel huet permanent an ee vun deenen aneren iwwergegraff.
Esou koum et, datt Mënschen (Réimer, Griichen, Judden an nach vill anerer) dacks d’Gefill haten, jo iwwerzeegt woaren, datt eppes vun deem Gëttlechen si « beréiert » hat – si haten dann eng ἐπιφανής, eng « Manifestatioun vun eppes Gëttlechem » erlieft, dat konnt am Alldag sinn, dat konnt awer och an oder ronderëm en Hellegtum, en Tempel, eng Pilgerplaz geschéien.
An dier Plaze gouf et der eng Parti. Ganz bekannt ass z. B. d’Hellegtum vum griichesche Gott Asklepios, Aesculapius op Latäin, zu Epidaurus, wou och eng ganz Rëtsch ex votoën, also Gedenktafele fir dem Aesculapius merci ze soen, fonnt goufen.
Fir d’Leit aus der Bibel ass aus hirer Erfarung eraus, datt dat Gëttlecht an eis Welt agräift, eng Zort « Vertrauen » entstanen : « Vertrauen hunn op eppes » oder « vertrauen hunn an een » heescht op Griichesch πιστεύω, wat meeschtens mat « gleewen » iwwersat gëtt.
Dëse « Glawen » huet also, fir si, op enger Erfarung berout, duerop datt si, deels stënterlech, gespuert hunn, datt dat Gëttlecht an hir Welt agegraff hat.
Et geet ëmt en Erliewen – ee Staunen virun dier Kraaft (κράτος), virun dier Muecht (δύναμις), déi si hannert eppes, wat geschitt ass, gesinn hunn a wat, an hiren Aën, op dat Gëttlecht higewisen huet ; et geet also ëmt de Sënn an d’Bedeitung vun deem, wat si erlieft hunn, dat als en Zeeche vun eppes Gëttlechem gesi gouf.
Datt dat Erlieftend « erstaunlech » woar oder “onerwoart” huet eng ganz kleng Roll gespillt fir si, well an hirer Welt eebe Villes souwisou erstaunlech oder onerwoart woar.
Dat heescht:
Fir eis ass e “Wonner” eppes Erstaunleches, Onerwoartes, eppes ausser der Rei wou een – evtl. – e Wierke vu Gott gesi kann
Fir d’Leit aus bibleschen Zäite bis un d’Enn vum Mëttelalter ass e « Wonner » déi direkt Erfarung vun eppes Gëttlechem wou een nom Sënn an der Bedeitung vun dier Erfarung freet. - Dat Erstaunlecht, Aussergewéinlecht hat dobäi just eng Nieweroll.
Et woar also genee ëmgedréint wéi fir eis.
Dat heescht och: Wa mer elo higinn a Wonnererzielungen an der Bibel liesen, duerch de Brëll vun eisem Weltbild erduerch, da froe mer no Detailer iwwert dat Aussergewéinlecht (“ass dat wierklech esou geschitt?”), déi deejéinegen, deen den Text geschriwwen huet, net wierklech interesséiert hunn.
De Schlëssel fir allgeméng déi biblesch « Wonnererzielungen » ze verstoen ass deen heiten:
De Gott vun Israel a vun de Chrëschten ass de Schëpfergott, e Gott, deen e Plang huet mat der Welt an dofir ëmmer erëm an d’Geschicht agräift an deen a Relatioun zu de Mënschen trëtt;
En zweete Schlëssel kënnt derbäi wa mer no de « Wonnererzielungen » an den Evangelie froen: dës sinn no Ouschtere geschriwwe gi wéi dem Jesus vun Nazareth seng Unhänger versicht hunn ze verstoen, wien dee Jesus war a wat säin Opdrag war ; dat, wat si gemengt hunn ze verstoe gouf an den Evangelie festgehalen an esou ass quasi all eenzel Zeil an den Evangelien e Credo, e Glawensbekenntnis ginn;
A woura besteet dat Glawensbekenntnis dat tëscht den Zeile steet vun den Texter iwwert Heelungen, sougenannten Dämonenausdreiwungen, “Naturwonner” (z. B. dat, wou de Jesus iwwert d’Waasser geet) ? Dat Glawensbekenntnis, dat am Fong dat selwescht ass wéi am ganze Rescht vun den Evangelien?
Nämlech, 1. datt déi lescht Etapp an der Geschicht tëscht Gott an de Mënschen ugefaangen huet, 2. datt de Jesus vun Nazareth am Opdrag vum Gott vun Israel sech deene Kranken, Ausgestoussenen hirer ugeholl huet; dovunner sinn d’Wonnererzielungen en Zeechen.
Ze wëssen a wiem sengem Opdrag de Jesus ënnerwee woar, woar ganz wichteg – grad well et Plaze gouf wéi z. B. Epidaurus, wou jo d‘Leit bei Krankheet Hëllef bei den Asklepios, de griichesch-réimesche Gott vun der Medizin, siche gaange sinn.
Wann een déi Texter an den Evangelie méi genee liest, da fällt op, datt eigentlech net dee Kranken, net dee sougenannte „Besiessenen“, net deen Ausgegrenzten am Mëttelpunkt vun der Erzielung stinn, mee, de Jesus vun Nazareth. – Firwat? – Ma, eebe well dat Glawensbekenntnisser vun deenen éischte Chrëschte sinn.
In: Pfarrbriefservice.de
Deen do ass oarem wéi Job!
Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Den Ausdrock “oarem wéi Job” gëtt et och am Franséischen – « pauvre comme Job » ; am Däitsche gëtt en iwwersat mat « arm, wie eine Kirchenmaus » an am Englesche mat “poor as a church mouse”. Dat heescht, een, deen “oarem ass wéi Job” ass - extreem – oarem an huet näischt ze räissen an ze bäissen. Iwwregens: wann am Franséischen éischter vum “Job” Rieds geet, esou gëtt hien am Däitschen éischter “Hiob” genannt – bekannt duerch den Ausdrock “Hiobsbotschaft”.
Eegal wéi, ier een dann elo “oarem ass wéi Job”, oder ier een eng “Hiobsbotschaft” kritt huet – vu wou kenne mer den Job oder Hiob?
Ma, mer kennen hien duerch d’Buch Job aus dem Alen Testament; un der Erzielung vum אִיּוֹב - wéi hien op Hebräesch genannt gëtt, dier Sprooch an dier seng Geschicht ursprünglech verzielt ginn ass -, gouf laang geschafft : iwwer 500 Joer laang ëmmer erëm, graff gesot, vun 1000-500 v. Christus.
Wourëms geet et dann a wien ass oder woar dann elo deen “Job”, deen “Hiob”?
Ma, d’Buch Hiob verzielt d’Geschicht vun engem gerueden a fromme Mann, dee, quasi vun haut op moar, Alles geholl kritt: seng Kanner stierwen, hie verléiert säi ganze Besëtz a gëtt krank – hie kritt eng “Hiobsbotschaft” op déi aner an ass um Enn “Oarem wéi Job”! Mat der Erlabnis vu Gott, gëtt hien esou vun engem “Géigner” op d’Prouf gestallt ; ‘t geet drëms ze kucken, ier de Job nëmme fromm woar, well oder esou laang et him gutt gaangen ass.
Wéi dunn dräi Frënn vum Hiob sengem Ongléck héieren, komme si bei hien a kloen a kräischen ier se da siwen Deeg laang guer näischt méi soen. Dat verdréit den Hiob net méi an hie beklot säi Misär : Hie géif sech wënschen, ni gebuer ginn ze sinn a freet, firwat Gott dem Mënsch d’Liewe schenke géif, wann hien dann esou e Misär zouloosse géif.
Dueropshin erklären déi 3 Frënn een nom aneren dem Hiob, datt hie wuël eppes falsch gemeet huet a si ginn him, total vun sech an hirer Weisheet iwwerzeegt, Rotschléi : Iergendeppes muss den Hiob gemeet hunn, wat Gott net gefall huet; si verteidege Gott, dee ganz sécher eng Uersaach hat, fir den Hiob an deem Mooss ze strofen.
Den Hiob wëllt dës Uschëllegungen net op sech sëtze loossen, well hien ass sech absolut kenger Schold bewosst; hie fuerdert elo eng Äntwert direkt vu Gott.
Ma, ier Gott äntwere kann, kënnt den Elihu, dee méi jonk ass, wéi déi dräi Frënn an nach méi gescheit a nach méi vun sech iwwerzeegt. An, och hie versicht, an engem laaaange Monolog, dem Hiob z’erklären, firwat et him elo esou schlecht geet, firwat hien esou gestrooft ginn ass; et kann net anescht sinn, wéi datt den Hiob eppes Schlechtes oder Béises gemeet huet, fir esou en Ongléck verdingt ze hunn!
Dunn op eemol, mellt sech Gott zu Wuert – awer, ouni direkt op dem Hiob seng Fro anzegoen. Amplaz eng Erklärung ze gi firwat a fir wat deen, an eisen A, Gudden a Geruede leide muss, weist Gott den Hiob drop hin, datt hien, als Schëpfer, sech net begrenze léisst op d’Opfaassunge vu Recht a Gerechtegkeet, wéi d’Mënschen se festleeën.
Den Hiob mierkt dunn, datt hien an dëser Ausenanersetzung ënnerleeën ass, datt hien do net mathale kann. Hei kéint d’Erzielung eriwwer sinn, ma, neen, et kënnt nach ee ganz onerwoarte Schluss: D’Roserei vu Gott riicht sech géint déi dräi Frënn vum Ufank vun der Erzielung – déi jo alles dru gesat haten, Gott ze verteidegen! - an dem Hiob, deem geet et nees gutt: Hie kritt, esouwäit dat méiglech ass, alles zréck, wat hien zu Ugangs geholl kritt hat.
D’Buch Hiob woar, wéi et du schliisslech fäerdeg geschriwwe woar, ganz gewot, trotz dësem Schluss, an zwoar well et eng déif Iwwerzeegung vun deemools a Fro gestallt an diskutéiert huet ; déi Iwwerzeegung woar: “Et geet där esou am Liewen, wéi s du där et verdingt hues”, d.h. Gott belount déi Gutt a strooft déi net esou Gutt, an dat schonn zu Liefzäiten. Wien also räich a gesond woar, woar et WELL hie “gerecht” woar, d. h. WELL hien sech un all Gesetzer a Geboter gehalen huet, well hie gebied, gefaascht an deenen Oarme matginn huet.- Wien awer oarem oder krank woar hat net einfach Pech, mee, deen hat et net besser verdingt ….
Heiandsdo geeschtert nach haut en Echo vun dëser Iwwerzeegung an eise Käpp ronderëm : “Pass op, deen do kritt och nach seng Strof, wäerts gesinn!” – oder “Dee verdingt jo och näischt Anëschters!”
Mee, komme mer hannescht bei den Hiob : seng Froen, firwat Onschëlleger leide mussen, firwat Gott all déi Ongerechtegkeeten zouléisst; firwat et de Fatzerte gutt geet, an deene Gerueden, deene Gudden dacks net; ier d’Leed, dee ganze Misär e Sënn hunn; dës Froe sti bis haut am Raum; d’Leed, de Misär loose sech schlussentlech rational oder wëssenschaftlech net erklären.
D’Buch Hiob gëtt eng Liewenserfarung erëm, déi ëmmer scho gemaach gouf a gemaach gëtt. Den Hiob ass ee Beispill, wéi reliéis Mënschen dermat ëmgoe kënnen, ee Beispill ënnert villen, mee fir seng Zäit zimlech revolutionär.
Warscheinlech woaren dat mat zwee Grënn, firwat d’Buch Hiob seng Plaz an der Bibel krut : Den Hiob ass net futti gaangen un deem, wat him geschitt ass. Mee, a senger Verzweiflung sicht hien Halt; hie wëllt verstoen, setzt sech mat Frënn a mat Gott ausernaner, stellt a Fro, klot un, fuerdert eraus – dobäi ass hien hin an hiergerappt : Hie streit mat Gott, an an engems hofft hien do op d’mannst eng Äntwert, wann net esouguer eng Upak ze fannen.
Am Buch Hiob sti gleewen an net gleewen, verzweifelen an hoffen, ukloen, erausfuerderen a resignéieren ganz no beieneen. Esou ass a bleift et zäitlous.
In: Pfarrbriefservice.de
Si woaren een Häerz an eng Séil !
Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Den Ausdrock “een Häerz an eng Séil” kënnt aus der sougenanntener “Apostelgeschicht”. Dat ass dat Buch am Neien Testament, dat direkt hannert deene 4 Evangelie kënnt. Eigentlech kann een d’Apostelgeschicht als den 2. Deel vum Lukas-Evangelium gesinn, well déi 2 Bicher sech esouwuel inhaltlech, wéi och stilistesch ganz vill gläichen. D’Apg gouf ëmt d’Joer 80 néiergeschriwwen an héchstwarscheinlech vun deem nämmlechten, wéi deen, deen d’Lukas-Evangelium verfaasst huet, iergendwou an enger Stad oder Géigend ronderëm d’Mëttelmier. Dacks ginn Ephesus, Antiochia oder Mazedounie genannt. D’”Apg” huet hiren Titel am 2. Joerhonnert vum Bëschof Irenäus vu Lyon kritt (AH III, 13, 3).
Meeschtens gëtt op Lëtzebuergesch vun der “Apostelgeschicht” geschwat. Méi richteg wier et awer vun den “Dote vun den Apostelen” ze schwätzen. Mat den "Apostelen", sinn hei net nëmmen déi 12 gemengt, vun deenen an den Evangelie verzielt gëtt an déi mat dem Jesus vun Nazareth duerch Galiläa a Judäa gezu sinn, mee och Leit wéi de Paulus, de Barnabas, de Jakobus, de Philippus oder och nach den Timotheus – lauter Leit also déi ganz äerdeg woare fir hire Glaf un de Jesus vun Nazareth ze verkënnegen an dofir vill ënnerwee woaren.
Firwat awer “Dote vun den Apostelen”?
Ma, well déi Aart a Weis, wéi an deem Buch d’Geschicht vun deenen Apostelen verzielt gëtt – wat si gesot a gemeet hunn - e Stilmëttel, eng “literaresch Gattung” woar, wéi se zënter dem 4. Joerhonnert v. Chr. d’éischt an der griichescher an dunn och an der réimescher Literatur gebraucht ginn ass fir d’”Dote” vu grouse Leit, fir d’”Dote” vun Helden néierzeschreiwen.
Wourëms geet et dann an den « Dote vun den Apostelen » ?
Se verzielen, wéi éischt Gemeinschafte vun dësen Apostele gegrënnt goufen, wéi se gelieft a sech entwickelt hunn. Eng dovunner woar zu Antiochia, wou d’Leit aus esou enger Gemeinschaft fir d’éischte Kéier « Chrëschte » genannt goufen (Apg 11, 26).
Mer begéine Leit, déi och vun anerwäerts bekannt sinn, esou wéi z. B. de Pro-Konsul Gallio, deen dem Seneca, dem Keeser Nero sengem Léiermeeschter, säi Schwoer woar – de réimesche Gouverneur Felix oder d’Kinnigin Berenike. D’« Dote vun den Apostelen » verziele vun dem alleréischte Konzil zu Jerusalem. Se verzielen awer och vu Bedruch, et geet ëm Suen, falsch Zeienaussoen, Liggen, Zauberei a Gestreits. An se verziele vum Ënnerteneen a mateneen deelen, vun Heelungen, vu Luef a Freed, vun d’ Kéier am Liewe kréien.
Wou steet dann elo den Ausdrock “Een Häerz an eng Séil”?
Ma, dee steet an engem Deel vun der Apg, deen ee mat “Den Alldag vun de Chrëschten zu Jerusalem, Konflikter mat de juddeschen Autoritéiten a politeschen Instanzen a vu Konflikter ënnerteneen” iwwerschreiwe kéint (Apg 2, 42-5, 42). Méi genee steet “Een Häerz an eng Séil” am 4. Kapitel, am 32. Vers: Déi sëllege Leit, déi gegleeft hunn, waren een Häerz an eng Séil, an och net een eenzegen huet [och nëmmen] eent vun de Gidder, déi him gehéiert hunn, säin eegent genannt, mä alles huet hinnen zesumme gehéiert.
An der Bibel ass d’"Häerz" net nëmmen zoustänneg fir dem Mënsch seng Gefiller, mee, et ass am Häerz, wou de Mënsch gutt a béis mateneen ofweit a wou hien da seng Decisioun hëlt. An d’"Séil" ass als “Liewensotem”, als “dat, wat liewen deet” ze verstoen; fir d’Leit aus der Bibel kënnt dëse Liewensotem vu Gott an en ass dier ganzer Schëpfung, all Liewewiesen Déier, wéi Mënsch, ginn. “Een Häerz an eng Séil” bedeit deemno “déi nämmlecht Opfaassung hu vu gutt a béis an dofir nämmelecht Decisounen huelen an dem gemeisame Bewosstsinn datt dat, wat liewen deet, vu Gott kënnt”.
D’Konsquenz dovunner ass : “ och net een eenzegen huet [och nëmmen] eent vun de Gidder, déi him gehéiert hunn, säin eegent genannt, mä alles huet hinnen zesumme gehéiert ». Deen, deen d’Apg néiergeschriwwen huet, gëtt also hei eng Beschreiwung, wéi eng Gemeinschaft vu Chrëschten eigentlech zesumme liewe sollt. Mee, seng « Dote vun den Apostele” am Grousse Ganzen, awer och dee méi noe Kontext vun eisem Ausdrock, weisen, datt an der Realitéit nach vill muss do dru geschafft ginn.
In: Pfarrbriefservice.de
Wat bass du e Judas !
Op Franséisch ass “un judas” e Schlitz oder e klengt Lach an enger Dier, fir ze virwëtzen ouni selwer gesinn ze ginn.
Kommt, kucke mer mol, wou déi Ausdréck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Wann een zu engem seet, hie wier e Judas, da gëtt deejéinege mat dem Judas Iskarioth aus den Evangelie verglach. Dat ass deen, vun deem gemenkerhand gesot gëtt, hien hätt “de Jesus verroden”. - Dee Judas gëtt och nach 2x ganz zu Ugangs a ganz kuerz an der Apostelgeschicht ernimmt.
U sech ass “יְהוּדָה” e relativ heefegen Numm queesch duerch d’Bibel; e bedeit “gelueft”; “יְהוּדָה” gëtt am Alen Testament meeschtens erëmgi mat “Juda” (ouni “s” hannen); et woar ëmmer nach ee beléiftenen Numm am 1. Joerhonnert no Christus, dat heescht, zu dier Zäit wou d’Bicher aus dem Neien Testament néiergeschriwwe goufen.
Am Neien Testament fanne mer dann och, nierft dem “Judas Isakrioth”, direkt nach e puer aner Leit, déi deen Numm hunn: de « Judas, dem Jakobus säi Jong », de « Judas, dem Jouseph säi Jong », de « Judas, de Galiläer », de « Judas, deen zu Damaskus gewunnt huet », de « Judas, deen och Barsabbas genannt gouf », fir mol nëmmen déi opzezielen.
A verschiddene Franséische Bibele gëtt dofir den Numm Ἰούδας mat “Judas” erëmgi wann et ëmt de Judas Iskarioth geet, de “Verréider” - a “Jude” wann ee vun deenen anere Judasse gemengt ass – fir en Ënnerscheed ze maachen tëscht deem béise Judas an deenen anere mat deem nämmlechten Numm.
Komme mer zréck bei de « Judas Iskarioth ».
Wann een deen Numm an dee Personnage am Neien Testament e bëssi méi genee ukuckt, da fallen engem verschidde Saachen op :
- néierens steet, wéi “Iskarioth” ze verstoen ass an och haut ka kee mat Sécherheet soen, wat “Iskarioth” heescht
- ausser an den Evangelien an an der Apostelgeschicht, gëtt hien néierens ernimmt – och net an dem Paulus senge Bréiwer, déi méi al si wéi d’Evangelien an d’Apg. De Paulus schreift einfach, wa rieds geet vun deem, deen de Jesus vun Nazareth un déi juddesch Autoritéiten ausgeliwwert huet vun deem, “deen de Jesus vun Nazareth verroden huet” ouni en Numm unzeginn
- dem Judas säi Loun, wéi hien de Jesus « verroden » huet, wieren 30 Denare gewierscht, 30 Sëlwermënzen – wat, zu dier Zäit, net wierklech vill woar. - Ma, am Hebräeschen bedeiten d’ Buschtawen och Zifferen. A wann een d’Valeur vun de Konsonnante vu יְהוּדָה zesummerechent, dat kënnt een op 30
- verschidde Saachen, déi an den Evangelien mam Judas Iskarioth an Zesummenhang stinn, hu Parallelen am Alen Testament : mat déi opfällegst ass d’Geschicht vum Kinnik David a sengem Dinger Achitophel – dëse verréit den David, dee gesäit, wat “am Achitophel sengem Häerz “lass ass (d.h., wéi eng Décisioun dee geholl huet), ma, hie léisst säin Dinger gewäerden a gesäit doranner dem Herrgott säi Plang ; last, but not least, déi Geschicht mam David spillt, tselwescht wéi déi mam Judas um Gethsemani, um Olivebierg
Wéinst deenen Opfällegkeete gëtt et Fuerscher, déi sech froen, ier « Judas » am Kontext vun den Evangelien an der Apg net vläicht e symboleschen Numm wier, deen de « Verréider » am Nachhinein kritt hätt. - Dat ëmsou méi, well am Mt-Evangelium an am Johannes-Ev. d’Erzielung ëmt de Judas Iskarioth opgebaut ass, wéi traditionell e Kommentar vun engem Passage aus dem Alen Testament a Form vun enger Erzielung eeben opgebaut ginn ass, d.h. wéi e Midrash.
Wann een dann nach higeet an an der Reienfolleg Markus-Evangelium – Lukas-Ev. – Matthäus-Ev. – Johannes-Evangelium – Apostelgeschicht liest, wat mer iwwert de Judas Isakrioth gewuer ginn, da fällt op, datt, wat mer chronologesch méi wäit fort gi vun dem Judas sengem Verrot, hien ëmmer méi wéischt, nidderträchteg a geldgiereg beschriwwe gëtt. Och säin Doud gëtt ëmmer méi schlëmm duergestallt: wa beim Markus just steet, hien hätt bereit, wat hie gemeet hat a wier sech dunn ophänke gaangen, sou kléngt dat an der Apostelgeschicht ganz anescht, an zwoar: de Judas hat vu sengen 30 Denaren “e Stéck Land kaaft a wéi hie vir eriwwer gefall ass, ass hien an der Mëtt opgebascht, an all säi Geträips koum erausgefall” (Apg 1, 18).
Mee, wat huet dee Judas da méi genee gemeet, fir an d’Geschicht anzegoen als de Verréider?
Ma, d’Evangelien an d’Apg verzielen, de Judas Isakarioth wier ee vun deenen 12 Jünger (Schüler) vum Jesus vun Nazareth gewierscht. Wéi d’Situatioun sech zu Jerusalem tëscht de juddeschen Autoritéiten an dem Jesus zougespëtzt huet, huet de Judas en Deal mat hinne gemeet (firwat hien dat gemeet huet, kréie mer net gesot) : Hie géif si bei de Jesus féieren an hinnen de Jesus weisen, doduerch datt hien de Jesus kësse géif, wat deemools eng respektvoll Manéier woar wier de Léiermeeschter ze begréissen.
Fir d’Autoritéiten awer mat hiren Zaldoten op den Olivebierg bei de Jesus an de Rescht vun de Leit ëmt hien ze féieren, ass hie vum Dësch opgestanen, wou de Jesus zesumme mat senge Jünger d’Pessachfest gefeiert hat.
Et fällt awer op, datt nëmmen de Lukas eng eenzeg Kéier d’Wuert “προδότης / Verréider » fir de Judas gebraucht, an zwaor schonn am 6. Kapitel (Lk 6, 16); iwwerall soss gëtt ëmmer nëmme gesot, de Judas hätt de Jesus « ausgeliwwert”, hien hätt de Jesus den Autoritéiten « iwwerginn”, παραδίδωμι op Griichesch, wat de Luther mat “verroden” iwwersat huet.
Warscheinlech ass dat, wat de Judas gemeet huet, vun de Leit, déi d’Bibel geliesen hunn, als Verrot verstane ginn : zesummen un engem Dësch ze sëtzen an z’iessen, ze feieren an sech da vum Dësch ze hiewen an ee fir Suën un d’Autoritéiten ausliwwere ze goen ass jo och ee stoarkt Stéck.
Ma, de Judas ass net iergendeen ausliwwere gaangen, ma de Jesus, säi Léiermeeschter. An duerno, de Chrëschten, déi dem Judas seng Geschicht geliesen hunn, hiren. An esou gouf de Judas zum Symbol fir de Verréider.
An Alles nëmme wéinst deem blöde Mammon...
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Dee “léiwen” oder dee “béise Mammon”, de “μαμ(μ)ωνᾶς”, mol mat engem “m” an der Mëtt vum Wuert, mol mat zwéin “më” geschriwwen, huet de Wee bis bei eis fonnt, obschonns hien nëmme ganzer 4x am Neien Testament virkënnt, an zwoar 1x am 6. Kapitel vum Mt-Evangelium an 3x am 16. Kapitel vum Lk-Evangelium.
Wien op d’Sich nom Mammon geet am Alen Testament, fënnt och net vill: ממון kënnt 1x vir am hebräeschen Text vum Ben-Sira aus dem 2. Joerhonnert vru Christus, an zwoar a Ben Sira 31, 8 - an de franséische Bibelen heescht dat Buch “le Siracide” oder “Écclésiastique”, an deenen Däischte geménkerhand “ Jesus Sirach” oder “Ben Sira” -, e Schreiwes, dat fir déi kathoulesch an déi orthodox Kierch méi eng wichteg Roll spillt wéi fir déi protestantesch. – An, déi puer Versen, dat ass et u sech och schonn, wat d’Bicher aus der Bibel, Aalt an Neit Testament, ubelaangt.
- An der griichescher Iwwersetzung vum hebräeschen Alen Testament, der LXX, fanne mer Mammonas net.
Et ass also interessant ze gesinn, wéi, duerch d’Joerhonnerten erduerch, d’Leit, déi d’Bibel iwwersat an / oder kommentéiert hunn, mat deem Wuert ëmgaange sinn. – Mär si jo net déi éischt, déi eis froen, wat eigentlech mam Mammon geméngt ass: anerer hunn dat virun eis gemaach an anerer maachen et no eis, ëmmer op der Sich no deem, wat eigentlech gemengt woar, deemools, wéi déi biblesch Bicher néiergeschriwwe goufen:
Dofir, kommt luusse mol d’éischt, wéi “mammon” an den Targoumim (Pluriel vun Targoum) gebraucht gouf, an de Paraphrasen, fräi kommentéierten Iwwersetzunge vun de biblesche Bicher op hebräesch an d’Aramäescht , deemools wéi déi meeschte Leit Probleemer haten, Hebräesch fléissent ze verstoen, well Aramäesch hir Mammesprooch gi woar – dat woar grosso modo vun un, datt Judden aus dem Exil vu Babylon erëmkomm sinn am 6. Joerhonnert vru Christus, bis zur Zerstéierung vum Tempel zu Jerusalem duerch d’Réimer am Joer 70 no Christus; d’Targoumim goufe mëntlech iwwerliwwert an eréischt no der Zerstséierung vum Tempel a vu Jerusalem am Joer 70 bis ëmt d’Joër 1000 zesummegdroen an néiergeschriwwen; se kucken also op eng ganz laang, ganz komplex a ganz räich Geschicht zréck a se sinn Zeie vun enger laanger Traditioun vu Bibeliwwersetzung an Interpretatioun: wéi gebrauchen d’Targoumim da “mammon”?
Ma, da wann se vu “Benefiz”, vu “Profit” schwätzen, ganz neutral oder fir Benefiz, deen och scho mol net onbedingt ganz legal gemaach gouf, oder, wann se vu “Bestiechung” schwätzen, awer och am Fall vu “Schuedenersatz”, deen ee bezuele muss.
Luusse mer och bei d’Kierchepäpp aus deenen éischte Jorhonnerten eran; si si jo nach relativ no bei dier Sprooch an dier d’Evangelien néiergeschriwwe goufen :
z. B. den Irenäus vu Lyon aus dem 2. Jhdt méngt, “Mammon” kéint entweeder, deemno ier een de samaritaneschen Dialekt oder soss hebräesch schwätzt, « cupidus », « begiereg » bedeiten, « plus quam oportet habere volens », « wann ee méi hu wëll, wéi et sech fir ee gehéiert », oder awer « gulosus », also « gurmangseg » wat Iessen an Drénken ubelaangt ; de Clemens vun Alexandria, just e puer Joer méi spéit, versteet “Mammon” als « op d’Suen aus sinn », den Origène (deen iwwregens dem Clemens säi Schüler woar) seet datselwescht, ass sech awer net sécher, ier de Mammon net vläicht och de Syrer hire Gott vun der Begieregkeet gewierscht wier ; fir den Tertullian ass et einfach en anert Wuert fir « Suen ». – Jee, och schonn am 2., 3. Joërhonnert huet d’Leit interesséiert, wat mat “Mammon” geméngt ass, an och schonn am 2., 3. Joërhonnert woar “mammon” zimlech räätselhaft;
tselwescht ass et am 4. Joërhonnert virugaangen: grouss Leit wéi den Hieronymus - deen ëmmerhin den Auteur vun der Vulgata ass, der laténgeger Iwwersetzung vun der Bibel, déi, och wann se e puermol am Laf vun hirer Iwwerliwwerung nei op de Leescht geholl ginn ass, bis haut - als “Nova Vulgata” - d’Referenzversioun vun der Bibel ass fir Alles wat mat Liturgie ze doen huet an der Laténgescher Kierch, der Kathoulescher Kierch aus eise Länner, dëse Hieronymus an den Augustinus, dee grousse Kierchepapp a Bëschof vun Hippo an Nord-Afrika, sinn sech och net eens, wat da lo mat deem Mammon geméngt woar, mol net ier et hebr. oder awer syresch oder phönizesch wier. Fir den Hieronymus ass et de Räichtum, zu deem een net onbedingt ganz legal komm ass, fir den Augustinus (tselwescht wéi fir d’Targoumim) “Benefiz, Profit”, ganz neutral.
Et wonnert een also net, datt een och an de Bibeliwwersetzunge vun haut entweeder « M/mammon » (mat groussem oder klengem “m” vir), oder « richesse » (mat an ouni « s »), « A/argent » asw. fënnt.
Och d’Lexika an d’Dictionnaire – wen wunderts? - sinn sech net eens; verschiddener hu mol guer keen Artikel iwwert de Mammon. Tselwescht wat d’Commentairen iwwert de Gebrauch vu Mammonas am Mt oder am Lk-Ev ubelaangt: se sinn sech net eens!
Ech hu lo hei e ganz kuerzen Abléck ginn an den Targoum, a verschidde Kierchepäpp, déi éischt Exegeten an / oder chrëschtlech Bibeliwwersetzer; ma, zu der nämmlechter Zäit, esou am 3. Joërhonnert, gouf och d’Mishna zesummegestallt, déi “mëntlech Tora”, wéi se genannt gëtt, well se geduecht ass fir déi schrëftlech Tora, also déi 5 Bicher, déi dem Moses zougeschriwwe ginn, auszeleeë fir dat alldeeglecht Liewen, gréisstendeels op hebräesch. An d’Mishna versteet de Mammon als “dat, wat ee besëtzt”.
Dat woar elo hei e séiere Sightseeing-Tour duerch de Gebrauch vu Mammon a sengem bibleschen Ëmfeld. De Fazit ass: vill Leit hu sech mam Mammon beschäftegt, mee, wa mer hir Iwwerleeungen zesummendroen fält op: si sinn sech net eens.
Dat, wat eis an deem Fall bleift, ass eis mam Kontext ze beschäftegen, an deenen d’Wuert am Mt-Ev. an am Lk-Ev. gebraucht gëtt – an dat mat deene verschiddenen Iwwersetzungsméiglechkeeten am Hannerkapp:
Kommt, liese mer d’éischt emol wéi eisen AG “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” déi Versen erëmginn huet:
Mt 6, 24 : “Kee Mënsch kann zwéin Hären déngen: Entweeder haasst hien deen een an ass frou mat deem aneren, oder hien hänkt un deem Engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon.”
Et kéint een och schreiwen: “an an engems de Suen, dem Geld”, “dem Räichtum” oder awer “dem Profit, dem Benefiz”, eng Méiglechkeet, déi een a kenger Iwwersetzung fënnt.
Wuelgemierkt: mer sinn hei an der sougenanntener “Biergpriedegt” ënnerwee an dier de Jesus sech, mat Autoritéit, vun engem Bierg erof, wéi deemools och de Moses, de Léiermeeschter vun Israel, “Moshe rabbenu” un d’Leit riicht; de Jesus riicht sech hei un déi Leit, déi him nokomme fir hinnen de Kär vun der Nofolleg an d’Oueren an un d’Häerz ze leeën.
Mt 6, 24 gehéiert zu Mt 6, 19-7,6, Versen an deenen et ëmt d’Verhältnis zu “der Welt” geet; et geet, an eisem V. 24, ëmt d’Déngen, δουλεύω mam Dativ, dénge, wéi e Sklav, wéi e Kniecht; d’éischt schreift de Mt “kee Mënsch”, “keen” fir opzehale mat “dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon”, am Griicheschen esou formuléiert, datt domadder eng allgeméng an ëmmer gülteg Wourecht an de Raum gestallt gëtt.
Lk 16, 13 ass copy paste vu Mt 6, 24, just datt de Vers ufänkt mat « Kee Kniecht kann zwéin Hären déngen”. De Mammon gëtt awer net nëmmen a Lk 16, 13 ernimmt, mee, och 2x virdrun (v. 9 an 11);
Mee, wourëms geet et dann iwwerhaapt a Lk 16?
Ma, de Jesus ass do schonn ënnerwee op Jerusalem, wou Villes op hien duerkënnt, wou d’Passioun op hie woart; ënnerwee riicht hien sech un seng Jünger, ma och un eng Rei Pharisäer, déi mat trëppelen (Lk 16, 14); a Lk 16 geet et dann ëmt en onzouverlässege Verwalter (wéi och schonn an de Vv. 1-8), en onzouverlässege Verwalter also, deen am Ruff stoung sengem Här säi Verméigen dropgemeet ze hunn; aus der Angscht eraus op der Strooss ze landen huet hien sech quasi Leit kaaft, déi bei sengem Här an der Schold stoungen, andeems hien hinnen e gudden Deel vun dier Schold nogelooss an d’Scholdschäiner, mat deene betreffende Leit zesummen, gefälscht huet. An: säin Här lueft säin ongerechte Verwalter dofir, datt hien sech esou lous ugeluecht huet. - Dem Jesus seng Conclusioun sinn dann eis V. 9-13, wou de Mammon 3x dra virkënnt: “An ech (= de Jesus, dee schwätzt) soen iech: Maacht iech Frënn mat deem ongerechte Mammon, fir datt si iech deen Ament, wou en ausgaang ass, an deenen éiwegen Zelter ophuelen! Een, deen trei ass am Klengen, ass och trei am Groussen, an een, deen ongerecht ass am Klengen, ass och ongerecht am Groussen. Wann dir also mat deem ongerechte Mammon net trei ëmgaange sidd, wie vertraut iech da jeemools dat un, op dat et wierklech ukënnt? A wann dir mat friemem Besëtz net trei ëmgaange sidd, wie gëtt iech da jeemools ären eegenen? Kee Kniecht kann zwéin Hären déngen: Entweeder haasst hien deen een an ass frou mat deem aneren, oder hien hänkt un deem Engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon.”
- Firwat huet dann eisen AG “Mammon” stoe gelooss? Firwat hu mer net mat “ongerechte Suen”, “ongerechtem Räichtum” oder “ongerechtem Profitt”, “ongerechtem Benefiz” iwwersat?
Haaptsächlech aus zwéi Grënn: d’Koinä-Griichesch, an deem d’Schrëften aus dem NT verfaasst sinn, kennt eng Hällewull Wieder wann et ëmt Suen oder Räichtum geet – an awer hunn esouwuël d’Mt-Ev wéi d’Lk- Ev. dat räätselhaft Wuert “Mammon” gebraucht; dat ass erstaunlech, zëmools fir de Lk, well de Lk soll jo haaptsächlech fir Heede-Chrëschten oder fir Heede geschriwwen huet, déi eng bestëmmte Sympathie fir de jüddesche Glawen haten, déi awer normalerweis weeder am Hebräeschen nach am Aramäeschen doheem woaren; Mammon huet fir si nach méi ongewinnt an onverständlech geklongen. – Eng méiglech Erklärung heifir ass, datt de Jesus himself dat Wuert gebraucht huet. Dee Jesus, deen, éngersäits, wéi all fromme Judd, d’Targoumim aus der Synagog kannt huet (hei sinn se nees, eis Targoumim). An deem, anerersäits, de Räichtum an d’Korruptioun ronderëm den Tempel zu Jerusalem bekannt woaren, e Räichtum an eng Korruptioun, déi z. B. vun de Pharisäer, fromm Judden (och wann si eng schlecht Press an den Evangelien hunn) a vun den Essener vu Qumran fatzeg kritiséiert goufen.
Dowéinst ass dee Mammon beim Lk “ongerecht”, wat bedeit, datt déi Leit, déi sech dem Räichtum, Profitt asw verschriwwen hunn, sech net un der Tora, sech net um jüddesche Gesetz, sech net un de 5 Bicher vum Moses an och net un de Prophéiten orientéieren. Dowéinst kann een esou Leit och net trauen oder vertrauen, wann et ëmt dat geet “op dat et wierklech ukënnt” (wéi hei a Lk 16, 11 steet).
Deemno kéint dann och déi allgeméng an ëmmer gülteg Wourecht aus Mt 6, 24 ganz gutt bedeiten: dir kënnt net d’Sklaven, d’Kniecht si vum Herrgott an an engems d’Sklaven, d’Kniecht vun der Sich no Suen, Räichtum, der Sich no Profitt, no Benefiz, deen och scho mol onéierlech si wäert oder si kann.
De Jesus huet also warscheinlech dat Wuert “Mammon” an dësem Kontext gebraucht, an hien huet dat, op dem Hannergrond vu senger Zäit, bewosst gemeet. Dofir gouf et bäibehalen, och wann et schwéier verständlech woar, zëmools fir Leit, déi keng oder nëmme ganz wéineg vun den Targoumim kannt a verstanen hunn, wéi engem Lk säi Lieserkrees.
An esou koum de “Mammon » bis bei eis ; an och mär stinn do, wéi der vill vun den éischte Chrëschten a froen eis, wat domadder geméngt ka sinn: de Kontext kann eis hëllefen, ze verstoen; ma och d’Wëssen ëmt dem Jesus vun Nazareth säin Hannergrond, säi Background, d’Liewen a Judäa, Galiläa zu dier Zäit.
Sou wier et vläicht gutt, wa mer « Mammon » héieren oder d’Wuert gebrauchen, eis bewosst ze sinn, datt net d’Suen oder souguer net de Räichtum u sech domadder gemengt sinn, mee, villméi eng Sich dono, déi eis versklaavt, Kniecht aus eis mécht, datt mam “Mammon” d’Sich no ongerechtem, onéierlechem Profitt geméngt ass.
In: Pfarrbriefservice.de
Pass op op dat: dat ass eng richteg Schlaang!
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
An dier Bibliothéik vu Bicher, déi eis Bibel eigentlech ass, geet méi dacks rieds vun enger Schlaang, mol positiv, mol negativ – jo, et kann een esouguer soen, datt queesch duerch d’Bibel ëmmer erëm eng Schlaang oder Schlaangen ernimmt ginn: dat geet vu Gen, deem 1. Buch aus der Bibel, bis hin zu der Apk vum Joh, deem leschte Buch aus der Bibel.
Déi Schlaang, déi an eisem Ausdrock virkënnt, ass déi aus dem 3. Kapitel aus der Genesis, d’Schlaang aus der Schëpfungserzielung.
Iwwregens gehéiert d’Erzielung vun der Fra an der Schlaang, oder besser, der Schlaang an der Fra zu der sougenanntener Urgeschicht, méi richteg “der Ursprongserzielung”, de Kapitelen 1- 11 aus dem Buch Genesis; dëst éischt Buch aus der Bibel heescht dann och op Hebräesch, dier Sprooch an dier et néiergeschriwwe gouf ברשׁית ספר, dat heescht wuertwiertlech “Buch an engem Ufank” (net: um Ufank).
ברשׁית ass och dat éischt Wuert vun dier ganzer Bibel, well, der juddescher Traditioun no, déi 5 Bicher, déi dem Moses zougeschriwwe ginn, mat engem Wuert aus hirem 1. Saz bezeechent ginn ; an der griichescher Iwwersetzung, der LXX, ass dëst éischt Buch iwwerschriwwe mat βιβλίον τῆς γενέσεως, wat een iwwersetze ka mat “Buch vun der Schëpfung” oder “Buch vum Ursprong”.
D'Erzielungen aus deenen éischten 11 Kapitelen aus der Genesis sinn, op d’mannst an hire graffen Zisch, nawell allgemeng bekannt: déi 7 Deeg aus der Schëpfungserzielung, Adam an Eva (Uedem an Éiv, wéi déi eeler Leit soen), de Goart Eden, d’LXX gebraucht d’Wuert παράδεισος, “e Park mat Beem an Déieren”, dann eis Geschicht hei mat der Schlaang, Kain an Abel, dem Noa seng Arch an d’Sintflut, den Turembau zu Babel.
Dës Erzielunge versichen den “Ist-Zoustand” vun der Welt z’erklären; sou erzielen se an de Kapitelen 1-2 wéi d’Welt eigentlech si sollt – am Kapitel 3, vum Broch, d.h. firwat se awer net esou ass, wéi se eigentlech si sollt – de Schluss vum Kap. 3 an d’Kapitele 4-11, erzielen, wéi d’Welt wierklech ass, woubäi ze liesen ass, datt de Schëpfergott d’Flemme mat der Mënschheet hat, an déi grouss Iwwerschwemmung iwwert d’Welt komme gelooss huet, déi nëmmen den Noa an all déi, Mënsch wéi Déier, déi bei him an der Arch woaren, iwwerlieft hunn – déi Kapitelen iwwert déi grouss Flut an den Noa si ganz interessant (et sinn dat d’Kap. 6-9), well se verzielen, wéi no der Sintflut Gott versprécht d’Mënschheet z’erhalen, an dat egal wéi d’Mënschen sech an Zukunft behuelen.
An, tatsächlech, no der Ursprongsgeschicht fänkt d’Erzielung iwwert den Abraham un, dee Mënsch, deen e Modell u Vertrauen a Gott duerstellt - an d’Geschicht vun der Relatioun tëscht dem Herrgott an de Mënsche kritt en neien Opschwong, en Opschwong deen, der Bibel no, bis haut undauert.
Klenge Reminder: ier d’Schlaang hiren Optrëtt huet, just virdru kréie mer de Goart Eden, dat sougenanntend Paradäis beschriwwen; et ass Alles an der Rei op der Äerd, an der frësch geschafener Welt, Alles an der Rei tëscht Gott an de Mënschen an ëmgedréint.
Iwwregens: d’Erschafung vun der Welt a vum Mënsch kréie mer zweemol an der Ursprongsgeschicht verzielt, se woar de Leit deemools also mega wichteg: déi éischt Erzielung geet vu Gen 1, 1 - 2, 4a: wat de Mënsch ubelaangt liese mer do am 1. Kap., Vv. 26 a 27 datt “ Gott sot : loosse mer e Mënsch maachen (e Mënsch, op Hebräesch « Adam »), eisem Bild a Glach no (op Franséisch « selon notre image et à notre ressemblance ») an hie soll herrschen iwwert d’Fësch am Mier, d’Viggel um Himmel, iwwer d’Déieren, iwwert déi ganz Äerd an iwwer all d’Reptilien, déi um Äerdbuedem krauchen. Gott huet de Mënsch geschafen sengem Bild no : sengem Bild no huet hien de Mënsch geschafen, hien huet si männlech a weiblech geschafen ». Den Opdrag ze herrschen gëtt och nach 2 Vv. méi wäit widderholl.
An dëser 1. Schëpfungserzielung schwätzt Gott vu sech am Pl., wat typesch ass fir biblesch Erzielungen aus dier Zäit, dem 6., 5. Joerhonnert viru Christus an, de Mënsch, den Adam gëtt an engem Siess geschafen, männlech a weiblech. – An der Virstellung vun deemools, dem Bild vu Gott no (also wat dat Äusserlech, dat Physescht ubelaangt) awer och, sengem Glach no, datt hie Gott gläicht, d.h. a sengem Sënn iwwerleet an handelt, also, wat och dat méi Psychologescht ubelaangt. – Dat bedeit zwou Saachen: 1. De Mënsch ënnersteet dem Herrgott, sengem Schëpfer, an net den Elementer, net der Natur – déi deemools bei den Nopeschvëlleker als Götter ugebied goufen. Esou ass dann, 2., och dat berüümtend d'Äerd an Alles wat drop an driwwer ass a leeft a kraucht “be -herrschen”, dat iwwert all dat “herrschen”, dat iwwert d’Welt “herrschen” ze verstoen: dat soll, dem Kontext no, am Sënn vum Herrgott geschéien, deen den Tohu wabohu, de Chaos vu virun der Schëpfung geuerdent an Alles gutt gemeet huet.– Leider huet de Mënsch an deene Joerhonnerten dono just “be-herrsche” verstanen an de Kontext vergiess…
Vill Bicher si schonn iwwert dës Vv geschriwwe gi fir ze versichen, dee ganze Sënn ze faassen. Déi 2. Schëpfungserzielung geet vu Gen 2, 4b - 3, 24, kënnt also direct no dier 1.; déi 2 Schëpfungserzielung ass déi, wou de Mënsch, den Adam geschafe gëtt aus dem Äerdbuedem (der Adamah), tselwescht wéi och all Liewewiesen aus der Adamah geschafe sinn; de Mënsch krut säi Liewensotem, säi Liewe vu Gott, vun deem hien och nach soss gewalteg Kadoë krut: am Goart Eden, am Paradäis soll hie liewen an hie kritt esou zimlech all liefegt Wiesen (esou steet do), wat et op dem Äerdbuedem an um Himmel gëtt, zougesprach. Mee, do ass net déi richteg “Hëllef” fir de Mënsch derbäi. Also, gëtt de Mënsch an de Schlof geluecht an aus senger Säit gëtt eng Fra geformt a Gott présentéiert dem Mënsch se. – Eréischt vun deem Moment u bezeechent “Adam” dee männleche Pendant zu der Fra, virdrun huet Adam de Mënsch u sech bezeechent. Dëser 2. Schëpfungserzielung no ass de Mënsch also nëmme komplett, wann hien zu zwee ass. - Si si plakeg, ma, si schummen sech net. Plakeg, am biblesche Sënn bedeit “net ugedoe sinn”, mee och “ausgeliwwert sinn “. Fir d’Verfaasser vun dëser Erzielung – esou ëmt d’Joer 1000 vru Chr. - ass dat Alles gutt esou, well vu Gott gewollt.
An da kënnt eis Schlaang an et kënnt zum Broch: d’Schlaang weist, wéi gewëtzt se ass, méi gewëtzt, wéi all déi aner Déieren, déi Gott geschafen huet. – Se stellt sech domm an an engems un der Fra an dem Mann hirer Situatioun interesséiert; se freet no, ier et wouer wier, datt Gott gesot hätt, si dierfte vu kengem Bam am Goart Eden iessen. Déi éischt Fra ever fillt sech du verflicht, Gott ze verteidegen – a léisst sech op e Gespréich mat der Schlaang an, d.h. si geet der Schlaang an d’Fal. “Neen, neen”, seet si, “just nëmmen net d’Friichte vun deem Bam, deen an der Mëtt vum Goart steet – soss géife mer stierwen!” – Iwwregens: bis elo woar nach mat kengem Wuert eppes iwwert “stierwe” ze liesen.
Hei fléisst dann, wéi mer virdru gesot hunn, d’Erfarung vun de Mënschen an d’Erzielung eran: kee Mënsch kënnt derlaanscht enges Daags ze stierwen.
D’Fro, déi si sech gestallt hunn, wéi och all déi aner Vëllécker ronderëm: wou kënnt dat hier, datt mer stierwe mussen? Firwat ass dat esou?
D’Schlaang seet dann zu der Fra: “Ma wouhir: där stierft net” – mat dier Ausso fänkt d’Schlaang u Mësstrauen ze streeën. An, se leed nach eng Schëpp no: “Ganz am Géigendeel” seet si : “Gott weess, datt wann där vun de Friichte vum Bam an der Mëtt vum Goart Eden iesst, da ginn d’Aën äech op – da gitt der wéi Gott”, dat heescht : “der wësst da wat gutt ass a wat béis ass”.
Du fällt der Fra eréischt op, wéi éisseg déi Friichten sech ugesinn – an datt de Bam lackerleg ass, wuertwiertlech, fir Wëssen ze kréien, fir bäizeléieren.
An si geet hin a pléckt der – Gott huet jo kee pickegen Drot ronderëm gemeet – d’Fra mécht Gebrauch vun hirer Fräiheet a brécht d’Vertrauen; si ësst dervun a gëtt och hirem Mann mat (jo, der hutt richteg héieren: et steet do “hirem Mann”); dee stoung anscheinend och do, ma, hien huet bis elo kee Wuert gesot.
Si iessen an si hunn direkt eppes bäigeléiert, nämlech, datt se net ugedoe woaren, datt si plakeg doruechter gelaf sinn. Also trëtsen si Blieder vun engem Figebam a versichen sech sougutt et geet, domadder unzedoen. - “Plakeg sinn” bedeit jo och, mer hunn et scho gesot, “ausgeliwwert sinn”. - Wiem oder wat sinn si ausgeliwwert? - Ma, dem Wëssen ëmt gutt a béis, d.h. wielen ze mussen tëscht gutt a béis, an awer och gutt a béis z’erliewen. D’Schlaang huet sech antëscht “heimlich still und leise” duerch d’Bascht gemeet.
Der hutt et gemierkt: néierens ass rieds vun engem Apel. Wou kënnt deen dann hier ? Ma, wéi den Hieronymus déi Erzielung hei op Latäin iwwersat huet a senger Vulgata, der laténgescher Bibeliwwersetzung, huet hie geschriwwen, d’Fra an hire Mann géife ginn « scientes bonum et malum », « gutt a béis wëssend ».
Tjo, « malum » heescht awer souwuël « eng Saach, déi schlecht, déi béis ass », “dat Schlecht, dat Béist » an awer och “en Apel”. Wéi d’Kënschtler sech du gefrot hunn, wéi si déi ominéis Friichten do duerstelle kéinten, louch et op der Hand, en Apelbam ze molen mat ville schéinen a säftegen Äppel drun. – Dat ass witzeg, well Äppel am alen Israel zimlech rar woaren. Et woar net déi Fruucht, déi do hott an har gewuëss ass.
D’Erzielung geet virun: elo gëtt de Mann als Éischten ernimmt – déi zwee verstoppen sech, wéi si Gott kommen héieren, dee spadséiere geet. – Dëst anthropomorpft Bild, dës Beschreiwung vu Gott wéi e Mënsch ass en Hiwäis, datt dës Erzielung ural ass, sou al wéi Uedem an Éiv.
De Mann verstoppt sech also mat der Fra virum Herrgott, well si sech schumme plakeg ze sinn – net well si vum Bam an der Mëtt vum Goart gepléckt hunn, vun deem Gott hinne jo gebueden hat net ze plécken (“gebueden hat net ze plécken”, net “verbueden hat ze plécken”, dat ass net grad dat selwescht). Si verstoppen sech, an de Mann klaapt. Hie klaapt, seet esouguer “déi Fra, déi s du mer ginn hues, hatt huet mer vun dier Fruucht ginn”, ma hie gesäit seng eege Schold net an, jo, si ginn een deem aneren d’Schold, typesch, wéi d’Mënschen ebe meeschtens sinn: de Mann gëtt der Fra d’Schold an si gëtt der Schlaang se. - Esou ass awer e Verzeien net méiglech.
D’Erzielung geet op en Enn mat der Beschreiwung vun eiser Realitéit: Schlaange krauchen am Stëps, Kannerkréien ass kee Spaass, de Mann muss schwéier schaffe fir eppes z’iessen ze hunn an, um Wutz, woart der Dout.
Mann a Fra kréie Gezei vun eiser Här gemeet (dat, wat si sech aus de Blieder vum Figebam gemeet haten, huet anscheinend net vill entdaacht) an da ginn si aus dem Paradäis gehäit. Eréischt do gëtt den Adam senger Fra den Numm “Eva”, en Numm, dee warscheinlech op engem Wuertspill am Hebräesche berout :
וַיִּקְרָא הָאָדָם שֵׁם אִשְׁתּוֹ חַוָּה כִּי הִוא הָיְתָה אֵם כָּל־חָי
חַוָּה , Eva op Hebräesch ka Famill si mat חָי , dat vum Verb חיה hierkomme kéint a wat “liewe” bedeit: Si krut vun hirem Mann den Numm Eva, חַוָּה , well si d’Mamm gouf vun all de Liewegen.
Dir gesitt, wou d’Schlaang eis higefouert huet andeems se Mësstraue geséit huet. Oder, anescht ausgedréckt, wou et eis higefouert huet, datt d’Fra – an hire Mann – net gegleeft hunn, net drop vertraut hunn, datt den Herrgott et gutt mat hinne geméngt huet.
“... mer hunn nach gebabbelt”
Am Mil Goerens sengem “Vun der Long op d’Zong” ass “eng Babbelesch” dann och “e Schnësskätt, eng gespréicheg Fra” an, et huet een “de Babbeler”, wann een “eng kleng hänken huet” a “vill braddelt”.
Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
Am Verb “babbelen” oder an de Substantiver “Babbelesch” a “Babbeler” stëcht “Babel” dran - jo, genee: dat Babel wou d’Mënschheet versicht huet e riisegen Tuerm ze bauen; mat der Erzielung vum “Tuermbau zu Babel” a Gen 11 geet d’Ursprongserzielung vun der Welt - wéi se vu Gott hier geduecht woar, wéi et zum Broch koum a wéi eis Welt dann zanterhir ass – op en Enn.
Mat de Kapitele ronderëm den Abraham a Gen 12- 25 fängt dann en neit Kapitel un an der Erzielung vun der Relatioun tëscht Gott an de Mënschen, tëscht Gott an deem spéidere Vollék Israel a vice versa.
Iwwregens: d’Erzielung vum Tuermbau zu Babel ass ganz kuerz an huet nëmme ganzer 9 Versen an dach huet se de Wee an eis Sprooch bis haut fonnt!
Wann een d’Ursprongserzielung, vun dier den Tuermbau zu Babel jo dann den Ofschloss ass, an engem Siess liest, da fällt engem op, datt an deenen éischten 3 Kapitele vu Genesis, d’Schëpfung zweemol verzielt gëtt; tselwescht kritt een och d’Verspreeë vun de Mënschen uechter d’Welt zweemol verzielt : an zwoar eng éischte Kéier am Kapitel 10 an deem dem Noa seng Nokommen no der Sintflut opgelëscht ginn an hei, am 11. Kapitel, als Konsequenz vun der Entreprise vum Tuermbau zu Babel.
Wouhier kënnt dat?
Ma, dat kënnt dohier well dës Texter net aus engem eenzege Goss entstane sinn, dat kënnt dohier well d’Iwwerliwwerungsgeschicht vun den Texter aus deene fënnef éischte Bicher vun der Bibel laang a komplex ass: d’éischt emol stamen se aus verschiddenen Zäite vu verschiddene Plaatzen an aus verschiddenen historesche Kontexter, wou geléiert Kreeser sech d’Froe gestallt hu firwat d’Welt ass, wéi se ass a wéi eng Roll hire Gott dobäi gespillt huet a spillt; dono goufen dës Erzielunge laang mëntlech iwwerliwwert bis se schlussentlech néiergeschriwwe goufen.
Fir dat z’erkläre gëtt et d’Hypothes vun der sougenanntener “Quellentheorie”. Dës Hypothes gesäit do véier verschidden “Traditiounen”, véier verschidden “Iwwerliwwerungstraditiounen”, jiddfereng mat hiren eegene Schwéierpunkter, jiddfereng mat hirer eegener Theologie am Hannergrond vun dësen Texter.
An deenen éischten 11 Kapitele vu Genesis, an eiser Ursprongserzielung also, sinn der zwou vun deene véier Traditiounen z’erkennen: déi “yawistesch”, well do Gott YHWH genannt gëtt - verschidde Bibeliwwersetzungen soen einfach “Gott”, anerer bleiwe méi no um hebräeschen Text a gi Gott mat “YHWH” erëm – entstanen esou am 10. Joërhonnert vru Chr. zur Zäit vum Kinnék David; an d’Priestertraditioun, op Fanséisch “tradition sacerdotale”, entstanen zur Zäit vum babyloneschen Exil, also am 6. Joerhonnert v. Chr., fir d’Katastrooph vum Exil z’erklären an ze verstoen, wéi et souwäit komme konnt; hinne louch och um Häerz ze weisen, datt déi babylonesch Gëtter net méi mächteg wiere wéi de Gott vun dier deportéierter Bevëlkerung aus dem Kinnekräich Juda.- Natierlech hunn si dofir och mol déi méi al Texter, z. B. aus der yawistescher Traditioun, nees op de Leescht geholl an hei an do hire Pefferkär bäiginn
D’Iwwerleeungen nämlech, datt dës Texter maassgeeblech wiere fir de Glawen an dofir och net ee iota dran dierft geännert ginn, gouf et zu dier Zäit nach net; bis esou geduecht gouf, sollten nach en ettlech Joerhonnerte vergoen. Ma, wat woar dann elo lass, do zu Babel? Eng kleng Klammer nach: Mär soe geménkerhand “den Tuermbau zu Babel”; d’Wuert “בָּבֶל” (bavèl), wéi et am Hebräeschen Text steet, kann awer souwuël mat “Babel” wéi mat “Babylon” erëmgi ginn.
Elo awer eriwwer bei eis Erzielung: Se spillt zu enger Zäit, wou op dier ganzer Äerd eng nämmlecht Sprooch geschwat gouf an iwwerall déi selwescht Wierder gebraucht goufen. D.h. se spillt zu enger Zäit, wou eng eenzeg Sprooch geschwat gouf a wou d’Mënschen sech dowéinst ënnertenee verstanen hunn, wou et dat net gouf, datt e Wuert ODER de Sënn vun deem Wuert, vun deem, wat gesot ginn ass, net verstane gouf.
Du koumen “si” – méi spéit gi mer gewuer, datt mat « si » dem Adam seng Jonge geméngt sinn – du koumen si also aus dem Osten erfort, vun do wou d’Paradäis geleeën hu soll, an en Dall, dee Shinar geheescht huet, am Süde vu Mesopotamien – si kommen a Babylounien. An si hunn sech do néiergelooss. D’Wuert « Babel » kënnt am Text awer nach net vir – dat kënnt eréischt ganz zum Schluss, als Konklusioun souzesoen. Si soten dunn : Loosse mer Zille brennen. Bitumen, eppes wéi eise Makadam sollt hir Speis sinn.
Dono eréischt soen si : loosse mer eis eng Stad bauen an en Tuerem, deem seng Spëtzt den Himmel beréiert ! Loosse mer eis en Numm maachen, d.h. kucke mer, datt mer berüümt ginn ; et kann awer och iwwersat ginn: loosse mer eis e Monument maachen, loosse mer eis en Denkmal setzen. Mee, egal wéi een iwwersetzt: de bibleschen Text seet, hiirt Zil wier et, net iwwert déi ganz Welt verspreed ze ginn.
Wouhir kënnt déi Angscht, iwwert déi ganz Welt verspreed ze ginn?
Nach eng Kéier : mat dësem Text gëtt versicht den “ist-Zoustand” vun der Mënschheet z’erklären ; en ass de Versuch, eng theologesch Explikatioun ze ginn, firwat d’Welt ass, wéi se eben ass : mer kréie jo, z. B. net gesot, wéini dësen Episod sollt gespillt hunn – iergendeng Kéier, wéi et nach net déi vill Sprooche gouf a wéi dem Adam seng Nokommen nach all zesummen an engem Dall gewunnt hunn. A mer kréien och net gesot, wéi laang si do un hirer Stad an hirem Tuerem gebaut hunn.
Bis hei goung nëmme vun “de Mënsche” rieds - si gi ganz ondifferenzéiert duergestallt: si schéngen all do matzeschaffen un hirer Stad an hirem Tuerem, all, ouni Ausnam. Hire Plang war et en Tuerem ze bauen, deen den Himmel beréiert. Witzegerweis muss Gott, deen elo eréischt ernimmt gëtt, erofkomme fir sech d’Stad an den Tuerem unzekucken – esou dichteg konnt deen Tuerem jo da wuel net sinn.
Gott gëtt mënschlech duergestallt, anthropomorph, wat en Hiwäis ass, datt mer hei amgaange sinn ee ganz aalen Text ze liesen. Gott schwätzt da mat sech selwer – awer net mat de Mënschen; an d’Mënschen och net mat Him.
Hie seet zu sech: Si hei sinn ee Vollék an si schwätzen eng Sprooch; dat hei ass hiirt éischt Wierk an näischt ass hinne vun elo un onméiglech. – Loosse mer erofgoen an hir Sprooch duerchernee maache fir datt een deem anere seng Sprooch net méi versteet! An domadder net genuch, Gott verspreed si och nach uechter d’ganz Welt, ma d’Stad an den Tuerem léisst Hie sinn.
D’Mënschen hunn dunn, sou d’Erzielung am Buch Genesis, net virun un hirer Stad gebaut. Den Erzieler erkläert nach, datt déi Stad dowéinst den Numm Bawèl, “Babel” krut, well d’Verb balal “duercherneeméchen, verméschen, duercherneemaachen, net méi eent vum aneren ënnerscheede” bedeit.
Hei hu mer eng Uspillung u Babylon mat sengem Usproch déi ganz Welt ze regéieren – jiddfereen deemools huet gemierkt, datt “Babel” u “Babylone” erënnere sollt; a Babylon kënnt vu “Bab-ilani”, “de Gëtter hir Dier”, “Dier vun den Himmelen”. An zu Babel gouf hiren Usproch duercherneegemaach.
Eise bibleschen Tuerem ass eng Uspillung un dem ieweschte babylonesche Gott Marduk säin Ziggurat, E-temen-An-Ki, op sumeresch “Fundament-vum Himmel-a-vun-der-Äerd”, e bombastege Stufentempel. - Vun dem Tuerem ass zum Schluss vun der Erzielung keng Rieds méi. Wat also d’Mënschen zesummenhale sollt, hir Sprooch an d’Opbaue vun hirer Stad an engem dichtegen Tuerem, gëtt duergestallt wéi de Grond vun de ville Sprochen, déi et gëtt, wou een deen aneren net méi verssteet a vun dem Verspreedsinn iwwert dee ganze Globus.
Meeschtens gëtt d’Verspreedsinn uechter déi ganz Welt an zëmools de Sproochenduercherneen als eng Strof verstanen; et gëtt awer och d’Interpretatioun, zëmools no der Shoah, der Erfarung aus de KZer an och no der Erfarung aus totalitäre Systeemer, d’Agräife vu Gott zu Babel als eng Chance ze verstoen: zu Babel huet Jenni a Menni ouni ze muckse missten un deem engen an eenzege Plang matschaffen, Null Plaz fir eng eege Meenung. A Gott hätt dat net verdroen, well Hien dem Mënsch Fräiheet zougestanen huet, also Diversitéit.
Duerch d’Bibel erduerch, Aalt an Neit Testament, gëtt eis Erzielung hei e puermol opgegraff a gesot, eng Kéier kéimen d’Vëlleker vun der ganzer Welt entweeder zu Jerusalem zesummen, oder d’Vëlleker vun der ganzer Welt mat hire verschiddene Sprooche géifen eng Kéier erëm zesummefannen, ronderëm de Gott vun Israel; esou een Text fënnt een a Jes 2, 2-4.
An der Apg, den Dote vun den Apostelen, gëtt d’Bild aus Jes 2, 2-4 séngersäits dann erëm opgegraff an dem Text iwwer Päischten, wou Leit aus aller Häre Länner beienee woaren an si, duerch dem Herrgott säi Geescht, jiddfereen de Péitrus a senger Mammesprooch schwätzen héieren huet (dat kann een noliesen an Apg 2, 1-11).
An och am leschte Buch vun der Bibel fanne mer en Echo op eis Erzielung vum Tuermbau zu Babel aus deem éischte Buch vun der Bibel, an zwoar an Apk 7, 9-12.
A bis et esouwäit ass, datt dat geschitt, schwätze mer da verschidde Sproochen a schwätze mer laanschteneen, jee, mer babbele monter virun.
Info
Redaktioun: Fränz Biver-Pettinger
D'Fränz Biver-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.
Op anere Plattforme lauschteren
Dëse Podcast ass och disponibel op