Tarcisiusfeier den 4. Juli
Lëtzebuerger Massendénger gedenken un hiren éischte Schutzpatroun um Përmesknupp
All Joer denken d’Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den hellegen Tarcisius.
Dëst Joer feiere mir zesummen am Dekanat Norden samschdes, de 04. Juli 2026 um Përmesknupp an der Par Öewersauer St. Pirmin.
📅 Samschdeg, de 4. Juli 2026
🕠 17:30 Auer
📍 Përmesknupp - Kauneref (Kaundorf)
🙏 Jidderee ass häerzlech wëllkomm!
An enger feierlecher Kanner- a Familljemass vun der Par Öewersauer St. Pirmin gedenke mir dem hellegen Tarcisius a feieren zesummen eise Patréiner.
Kommt mat eis bieden, feieren an dëse besonnesche Moment an enger frëndlecher a gemeinschaftlecher Atmosphär erliewen.
D’Massendénger dierfe gär hir Massendéngerkleedung matbréngen a sollen ëm 17.15 Auer bei der Kapell sinn.
Een, deen net selwer komme kann, dierf äis awer gäre bis den 30. Juni all seng Uleies matdeelen, déi mir dann an der Mass als Fürbitte virdroen.
Parking:
Parking ass op der N15 📍 WWM8+CP Goesdorf
uschléissend ee klenge Fousswee duerch de Bësch bis bei d’Kapell 📍 WWJ8+VQ, 9643 Büderscheid-Goesdorf
🌲🚶♀️🚶♂️Den Zougang zur Kapell féiert Iech iwwer e klenge Fousswee duerch de Bësch – am Beschte fest Schong udoen.
An der Hoffnung, datt mir äis de 04. Juli all am Dekanat Norden gesond a monter erëmgesinn,
Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
Korrespondenzakten
Das Bistum unterhält sich mit seiner Umwelt. (Ein Sommer mit dem Diözesanarchiv 4/9)
-
D’Mass vum 26. Juli gëtt vun Eeschwëller iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Pèlerinage diocésain à Lourdes : "Je te salue, Comblée de grâce"
Du 20 au 25 juillet, suivez ici les pèlerins jour après jour !
-
Défendre la dignité des communautés autochtones
Le cardinal Jean-Claude Hollerich a rencontré des représentants des familles de défenseurs des droits humains disparus au Mexique.