Skip to main content Skip to page footer

Wallfaarten zur Schwaarzer Noutmuttergottes

D'Par Lëtzebuerg Notre-Dame invitéiert während der Faaschtenzäit an d'Kierch am Stadgronn

Léif Matbridder,
Léif pastoral Mataarbechterinnen a Mataarbechter,

D’Faaschtenzäit réckelt méi no a mat hir och déi Zäit vun der Wallfaart bei d’Schwaarz Noutmuttergottes am Stadgronn, all Freideg an der Faaschtenzäit.
Verbonne mat enger ganz häerzlecher Invitatioun schécken ech Iech heimadder och dat entspriechend Plakat. Ech wier ganz frou a ganz dankbar, wann Dir dës Plakater kéint an Äre jeweilege Kierchen ophänken. Ech géif Iech och bieden, fir Äre Leit mat gudde Wierder dës Wallfaart un d’Häerz ze leeën.


D’Priedegte stinn dëst Joer ënnert dem Thema vum Jubiläumsjoer: „Pilger vun der Hoffnung“

Als Priedeger hunn dëst Joer zougesot:

  • 07.03. Chanoine Tom Kerger
  • 14.03. Mgr Georges Hellinghausen
  • 21.03. Abbé Jakob Zeilinger
  • 28.03. Abbé Tristan Häcker
  • 04.04. Abbé Yves Olinger
  • 11.04. Abbé Jacques Bruns

Wann dir selwer eng Wallfaart an de Stadgronn organiséiert, da wier ech frou, wann Dir äis den Dag vun Ärer Wallfaart géift matdeelen am Sekretariat vun Notre-Dame (Tel.: 22 29 70 – 1 oder per E-Mail: notre-dame@cathol.lu).

An der Hoffnung, Iech bei dëser Geleeënheet kënnen ze begréissen, verbleiwen ech mat menge beschte Gréiss
Tom Kerger

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale

Niklos Expo 2026

Verlängert bis den 30. September zu Konsdref an der Kierch mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen.

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Le diocèse sera présent à Metz le lundi 28 septembre 2026, avec LuxPélé.

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Conférence avec Jean-Claude Juncker sur le message de Robert Schuman sur l’Europe face aux défis du 21e siècle le 6 juillet 2026 à Howald.