Skip to main content Skip to page footer

Advent - Zingulum. ABC fir Massendénger

„Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger“:   dëst ass de villverspriechenden Titel vun eisem bekannten Handbuch fir Massendénger an hir Responsabel. Nodeems déi éischt Oplo ausverkaf war, huet d’Équipe „Lëtzebuerger Massendénger“ sech drëm beméit, fir eng zweet, aktualiséiert Editioun am stabillen Hardcover erauszebréngen. D’Buch vun 110 Säiten, dat am A5-Format ganz handlech ass, ass ideal fir net nëmmen dermat, mä och dran ze schaffen. 

A sengem Virwuert weist den Här Äerzbëschof sech erfreet iwwert den onverzichtbaren Asaz vun de Massendénger a Massendéngerinnen an domat och dem Zeechnës fir  Christus. D’Équipe „Lëtzebuerger Massendénger“, déi dëst flott Buch erausginn huet,  wënscht vill Spaass a Freed – esouwuel beim Entdecke vu villem Neien, Interessanten a  Wëssenswäerte ronderëm den Déngscht als Massendénger, wéi och beim Déngscht  als Massendénger. 

An 12 Kapitele kritt een an einfache Wierder Informatiounen iwwert d’Kierch als  Gemeinschaft vun de Chrëschten, den Obbau vun der Kathoulescher Kierch, d’Kierch  als Gebai an déi verschidde Baustiler. En Trëppeltour duerch d’Kierch féiert eis mat  Fotoen op déi eenzel Plazen am Kiercheraum, mat den néidegen Erklärungen zu  deem, wat een do gesäit. 

De Massendéngerdéngscht gëtt a 4 Volete virgestallt: e kuerze Bléck an d’Geschicht,  de Massendénger am Déngscht, de Massendénger am Asaz fir anerer an de  Massendénger a senger Fräizäit. D’Aufgabe vun de Massendénger an den eenzelne  Gottesdéngschter ginn unhand vu Fotoen an Illustratioune mat entspriechenden  Erklärunge lieweg an anschaulech gewisen. Och déi liturgesch Grondhaltungen,  Géigestänn, Gewänner, Faarwen a Bicher kommen net ze kuerz. D’Kierchejoer mat  sengen 3 Deeler, dem Chrëschtdagsfestkrees, dem Ouschterfestkrees an déi normal  Zäit mat de Sonndeger am Joreskrees, gëtt gutt verständlech a flott illustréiert  presentéiert – net ze vergiessen eng ganz Rei vun Helleger mat engem gréisseren Deel  fir den hellegen Tarcisius, de Schutzpatroun vun de Massendénger. 

Zu deene verschiddene Kapitele gëtt et ausserdeem Quizfroen, Rätselen, Plaz fir  selwer Biller anzepechen oder ze molen. En Dictionnaire fir Massendénger a  5 Sproochen an eng Lëscht mat Hëllefsliteratur aus dem Ausland vervollstännegen  dëst impressionnant Buch, wat deemnächst bei kengem Massendénger feele soll. 

Lëtzebuerger Massendénger, Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger,  ISBN 978-2-87996-133-0. 

Präis: 15 €