Skip to main content Skip to page footer

Klibberen

Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

Klibbere goen?

Beim Klibbere gi sougenannte “Klibberkanner” mat Instrumenter – genannt “Klibberen” (Jarren, Scharpen, Rubbelen, Himmerchen – et gi verschidde Modeller vun deenen Instrumenter aus Holz) – um Enn vun der Karwoch (der Woch virun Ouschteren) duerch d’Uertschaft an ersetzen domadder d’Laude vun de Kiercheklacken (fir den Angelus a fir d’Gottesdéngschter). Dobäi ruffen si ganz haart der Dageszäit ugepasste Spréch.
D’Traditioun vum Klibberen ass Joerhonnerten al. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d’Klibbere vun de Besatzer verbueden. Ganz sécher ass, datt direkt nom Zweete Weltkrich nees geklibbert gouf.

Fréier waren et just Massendénger oder “Klibberjongen”, hautdesdaags gi landeswäit vill Meedercher mat, woufir een dann elo léiwer vu “Klibberkanner” schwätzt: Kanner a Jugendlecher vu verschiddene Kulturen, Alteren, Reliounen,... fanne sech hautdesdaags fir dee Brauch zesummen a ginn zesumme klibberen. Esouguer Erwuessener – dacks fréier Klibberkanner – gi mat: Si begleeden déi Jonk aus Sécherheetsgrënn, léiere si beim Klibberen un a bréngen hinnen esou déi lokal Klibberriff bäi. Och d’Klibbere selwer gi gäre vu Generatioun zu Generatioun weiderverierft a weiderbenotzt.
Nëmmen um Enn vun der Karwoch, um Karfreideg a Karsamschdeg, ginn d’Klibberkanner moies, mëttes an owes duerch d’Stroosse vun den Uertschaften an eisem Land klibberen, fir esou d’Klackegelauts z’ersetzen – vu datt d’Liturgie virgesäit, datt d’Klacke vum Gréngen Donneschdeg owes u bis d’Ouschternuechtfeier (Sonnenënnergang op Karsamschdeg) net lauden. Op verschiddene Plaze ginn d’Klibberkanner och nach owes um Gréngen Donneschdeg, nodeem an der Mass d’Klacken ofgestallt gi sinn, duerch d’Stroosse klibberen.

Karsamschdeg (oder och op verschiddene Plazen um Ouschtersonndeg) gi si dann, mat schéin dekoréierte Weenercher a spezielle Spréchelcher, hire Klibberloun (Ouschtereeër, Séissegkeeten, Suen) asammelen.

Ganz am Sënn vun enger ganzheetlecher nohalteger Entwécklung fërdert d’Klibbere goen de sozialen Zesummenhalt a markéiert dat mënschlecht Zesummeliewen duerch Zäit a Raum iwwer d’Generatioune bei eis am Land.

“Klibbere goen” ass den 20. Dezember 2022 vum Kulturministère op de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (www.iki.lu) opgeholl ginn.

An de soziale Medien: #klibberen #klibberegoen

 

Dat ausgeschaffte Begleet-Informatiounsdokument (mat Recherchen zur Geschicht vun der Klibbertraditioun, Fotoe vu fréier an haut, Klibberspréch a villes méi) zum "Klibberen" (gouf den 31.07.2022 zesumme mat der offizieller Demande am Kulturministär eragereegt) ass fir jiddereen als "download" zougänglech.

Videoen op Youtube