Skip to main content Skip to page footer

Umelldung

Nei Fiche fir Massendénger unzemellen

Op dëser Säit ass déi aktualiséiert Versioun vum Umeldungsformulaire fir wa Kanner bäi d'Massendénger komme wëllen. Mir bieden Iech, fir vun elo un dëse Formulaire (deen zesumme mam Här Uwe Franzen, Dateschutzbeoptragten vum Äerzbistum, ausgeschafft gouf) ze benotzen.

Mir maachen Iech op drop opmierksam, datt dee Logo vun de Lëtzebuerger Massendénger OUNI d'Ajoute vum Numm vun der Par nëmme vun der Massendéngerzentral benotzt dierf ginn. All Par (Betreffend Parsekretariat, Paschtéier aus der Par an all gemellte Responsabel aus der Par) dee Logo mat der Ajoute vum Numm vun der Par 2018 an och soss scho mol zougemailt. Sollt Dir deen net méi hunn - kee Probleem. Mir mailen Iech deen natierlech gären nees zou. Loosst eis et einfach wëssen an da kritt Dir en nees zougemailt.

Villmools MERCI fir Är Kooperatioun.

Iwwersetzunge vum Wuert Massendénger

däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito