Skip to main content Skip to page footer

Materialien aus der Zentral

Wärend de vergaangene Joren hu mir als "Ekipp Lëtzebuerger Massendénger" verschidden Aarbechtsmaterial fir d’Massendéngeraarbecht ausgeschafft a publizéiert.

Enner anerem hu mir och eng Bibliothéik mat ville Publikatiounen aus verschiddene Länner an der Zentral. Gär dierft Dir Iech hei eppes auslengen. Kommt bis bäi eis an der Zentral laanscht (am Beschte virdrun ee Rdv ausmaachen).

„Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger“: dëst ass de villverspriechenden Titel vun eisem bekannten Handbuch fir Massendénger an hir Responsabel. Nodeems déi éischt Oplo ausverkaf war, huet d’Équipe „Lëtzebuerger Massendénger“ sech drëm beméit, fir eng zweet, aktualiséiert Editioun am stabillen Hardcover erauszebréngen. D’Buch vun 110 Säiten, dat am A5-Format ganz handlech ass, ass ideal fir net nëmmen dermat, mä och dran ze schaffen.
A sengem Virwuert weist den Här Äerzbëschof sech erfreet iwwert den onverzichtbaren Asaz vun de Massendénger a Massendéngerinnen an domat och dem Zeechnës fir Christus. D’Équipe „Lëtzebuerger Massendénger“, déi dëst flott Buch erausginn huet, wënscht vill Spaass a Freed – esouwuel beim Entdecke vu villem Neien, Interessanten a Wëssenswäerte ronderëm den Déngscht als Massendénger, wéi och beim Déngscht als Massendénger.
An 12 Kapitele kritt een an einfache Wierder Informatiounen iwwert d’Kierch als Gemeinschaft vun de Chrëschten, den Obbau vun der Kathoulescher Kierch, d’Kierch als Gebai an déi verschidde Baustiler. En Trëppeltour duerch d’Kierch féiert eis mat Fotoen op déi eenzel Plazen am Kiercheraum, mat den néidegen Erklärungen zu deem, wat een do gesäit.
De Massendéngerdéngscht gëtt a 4 Volete virgestallt: e kuerze Bléck an d’Geschicht, de Massendénger am Déngscht, de Massendénger am Asaz fir anerer an de Massendénger a senger Fräizäit. D’Aufgabe vun de Massendénger an den eenzelne Gottesdéngschter ginn unhand vu Fotoen an Illustratioune mat entspriechenden Erklärunge lieweg an anschaulech gewisen. Och déi liturgesch Grondhaltungen, Géigestänn, Gewänner, Faarwen a Bicher kommen net ze kuerz. D’Kierchejoer mat sengen 3 Deeler, dem Chrëschtdagsfestkrees, dem Ouschterfestkrees an déi normal Zäit mat de Sonndeger am Joreskrees, gëtt gutt verständlech a flott illustréiert presentéiert – net ze vergiessen eng ganz Rei vun Helleger mat engem gréisseren Deel fir den hellegen Tarcisius, de Schutzpatroun vun de Massendénger.
Zu deene verschiddene Kapitele gëtt et ausserdeem Quizfroen, Rätselen, Plaz fir selwer Biller anzepechen oder ze molen. En Dictionnaire fir Massendénger a 5 Sproochen an eng Lëscht mat Hëllefsliteratur aus dem Ausland vervollstännegen dëst impressionnant Buch, wat deemnächst bei kengem Massendénger feele soll.

Lëtzebuerger Massendénger, Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger,
ISBN 978-2-87996-133-0.

Präis: 15 €

Am Mäerz 2023 koum eis nei Brochür mat der Materialzesummestellung iwwer den hellegen Tarcisius eraus.
Eng Brochür (128 Säiten), mat folgenden Themen:

* Kapitel 1: Historisches aus verschiedene Quellen
* Kapitiel 2: Legenden – Erzählungen – Literatur
* Kapitel 3: Liturgie :
Messen, Gebete, Lieder, Szenenspiele
* Kapitel 4: Kreatives
* Kapitel 5: Tarcisius in der Erzdiözese Luxemburg
* Kapitel 6: Anhang

==> ze kréien an der Massendéngerzentral
Präis: 10€

De Bernard Lang (Kënschtler vun der grousser Tarcisiusstatue) huet ee Kräiz fir Massendénger entworf. Um Kräiz gesäit een den hellegen Tarcisius duergestallt, ähnlech wéi déi grouss Statue. D’Kräiz kann an eng Kordel gemaach ginn (wéi eben hei um Bild) mee et kann een et och ophänken. Hannendrop kann een och eppes aggravéiere loossen – d’Kräiz huet nämlech eng flaach Récksäit.

Dimensioune vum Kräiz :
Héicht : 6,9 cm
Breet : 6,5 cm
Déift : 0,6 cm
Gewiicht : 90 gr

Material : Koffer (patinéiert)

Eisen Info-Film iwwer MASSENDÉNGER gouf un all Par (Via Parsekretariat) zesumme mat engem PDF-Dokument fir mat Massendénger ze schaffen, verdeelt a kann an dann an de Paren als “Reklamm” fir Massendénger agesat ginn.

Dir fannt och alles op eisem “Dropbox”-dossier (einfach hei drop klikken) oder mellt Iech bäi eis an derZentral.