Léif Mataarbechter an de Paren,
Dir wësst, datt d’Equipe Lëtzebuerger Massendénger zënter ville Joren e liturgesche Kalenner erausgëtt (Format A2). Dee Kalenner soll an der Sakristei opgehaange ginn. Esou kënnen och d’Massendénger drop entdecken, wat fir e Fest gefeiert gëtt respektiv wat fir eng liturgesch Faarf all Dag huet. Och d’Responsabel vun de Massendénger kënnen esou e Kalenner kréien.
Fir datt mir eis besser organiséiere kënnen, ginn d’Kalenner nëmmen op Bestellung geliwwert. Sot eis dofir w.e.gl. bis de 05. Oktober 2026, wéi vill Kalenneren Dir fir an Är Kierchen resp. fir d’Massendéngerresponsabel an Ärer Par braucht. D’Kalennere kritt Dir vun eis geschenkt.