D'Kapell Notre-Dame des Bois um Neihaischen
Datt e Verband wéi d’Lëtzebuerger Scouten eng Kapell mam Numm Notre-Dame des Bois[1] gebaut huet, muss seng Grënn gehat hunn a wéi esou oft goufen et der gläich e puer:
- 1941 hu Scouten, Resistenzler aus dem Minett, Maria, déi se mat “Mamm” uschwätzen, versprach eng Kapell ze bauen, wann d’Land erëm fräi vun de «frieme Barbaren» ass.
- D’Roverbranche (17-21 Joer) vun de Lëtzebuerger Scouten wollt nom Krich hir Ziler a Methoden ëmsetzen an huet e Projet gesicht, deen déi Jugendlech erausfuerdert. Et sollt och e symboleschen Akt sinn. Esou seet den deemolegen Aumônier, de Pater Nickels, datt de Bau vun der Kapell e «patrioteschen, sozialen a reliéisen» Sënn huet.
- Zu gläicher Zäit ass dem deemolege Generalcommissaire, dem Dr. Ch.- Ed. Rischard, deemools Dokter zu Schëtter, opgefall, datt d’Leit vum Neihaischen all Sonndeg e beschwéierleche Wee fir an d’Mass an zeréck haten.
Esou koum hien op d’Iddi, datt d’Scouten hei eng B.A. kënnte maachen, en Déngscht leeschten andeems se de Leit vum Neihaischen eng Kapell bauen.
En Terrain gouf vun der Famill Fischer vum Neihaischen, dem direkten Noper gestëft. An esou koum et datt d’Kapell matt Hëllef vu villen Memberen an der Zäit vun 10 Méint gebaut konnt ginn. Dobäi war den Esch-Grenzer Jean Müller matt sengem Engagement a senge ville Kontakter e wichtege Motor. Den 1. Mee 1952 konnt d’Kapell ageweit ginn. Et war de Bëschof Koadjutor Léo Lommel, deen se ageweit huet. Wéi en a senger Usproch betount huet, war hien zënter 1923 matt de Scouten enk verbonnen, huet hie jo op der Chefformatioun zu Lampech Sessiounen zum Geescht vum Scoutismus an Erzéiung gehalen. Och de Prënz Je an als Chef Scout war natierlech matt dobäi.
Interessant ass d’Kapell,well se vun Ufank un eng Plaz vu liturgeschem Experimentéiere war. Laang virum dem Zweete Vatikanesche Konzil krut d'Kapell en Altor deen zum “Vollek” ge-dréit ass a wou d’Scoute konnte ronderëm stoen. Munch Jonker hunn hei Gleewen nei verstanen a hunn sech als Chrëscht engagéiert. Vill jonk lëtzebuergesch Geeschtlech hunn ënner anerem hei geléiert matt Jugendlechen ze schaffen, an der Kapell an op de Gilwellcampen am Formatiounszenter géintiwwer.
Et ass eng schéi Kapell voller Symboler. Sober, läit se um Rand vum Bësch, weist se op d’Natur als e “Wonner”, an dofir dréit se och de Numm Notre-Dame des Bois. Wann een haut der Maria de Magnifikat (Lukas 1,39-56) an de Mond géif leen, da géif se do bestëmmt och géint d'Zerstéierung vun der Natur opruffen. D’Kapell ass en Uert vu Rouh a Fridden. Symbol heifir ass och d’Klack. Dofir hunn ënner aneren d’Scouten vum Houwald Koffer gesammelt - dat waren haaptsächlech eidel Duillen vu Granaten aus dem Krich. Dëse Koffer ass dunn vum Klackegéisser Blondelot zu der Klack vun der Kapell gegoss ginn.
Interessant ass, datt de bekannten Escher Künstler Aurelio Sabbatini (1909-1987) matt Maria an deem klenge Jesus d’Patréiner vun de Branchen um Relief hannert dem Altor duergestallt huet: De Paulus, fir d’Roverbranche, den Hl. Franziskus fir d’Wëllefcher, den Hl. Georg fir d’Scouten insgesamt an den Hl. Martin, dee fir säin Engagement fir déi Arm a säin einfache Liewensstil bekannt ass. Eng gewëssen Aktualitéit wéinst dem Synodale Prozess an der Kathoulescher Kierch huet den Hl. Martin, well hie vum Vollek zum Bëschof gewielt gouf.
Vum Neihaischen sinn d’Guiden an d’Scouten an d’Oktav gepilgert. Zënter ville Joren ass dëse Wee allerdéngs duerch de Verkéier net méi interessant fir ze pilgeren. Vill Scouten a Guiden ginn nach haut hei bestuet a Kanner ginn hei gedeeft. Anerer hunn hei hir éischt Kommioun gemaach.
D’Kapell ass e “lieu de mémoire”. Hei gëtt all Eischte Mee un d’politescht Engagement vun den Scouten an der Resistenz geduecht. Besonnesch gëtt un déi erënnert, déi matt hirem Liewen hu misse bezuelen. All Joer versammele sech hei och vill Familljen, wann un d’Liewen an de Doud vun Guiden a Scouten erënnert gëtt, déi am Laf vum Joer verstuerwen sinn.
D’Kapell bleift fir de fusionéierte Verband vun de "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" matt senge “chrëschtleche Wuerzele” wichteg. Si ass e Symbol vun Oppenheet. Wéi seet de Baden-Powell, de Grënner vun de Scouten a Guiden:
« Dieu n’est pas un personnage à l’esprit étroit, comme certains sembleraient l’imaginer, mais un immense Esprit d’Amour, qui ne s’attache pas aux petites différences de forme, de dogmes ou de confessions, et qui bénit tous ceux qui cherchent vraiment à faire de leur mieux , à Son service, suivant les lumières qu’ils reçoivent. »[2]
Text: Jean-Marie Weber