Skip to main content Skip to page footer

D’Pensionäre vum Äerzbistum si vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg empfange ginn

14 Leit sinn am Joer 2023 pensionéiert ginn.

D’Mataarbechter:inne vum Äerzbistum Lëtzebuerg, déi 2023 an d’Pensioun gaange sinn, sinn de leschten Dënschdeg, den 30. Januar, am Bëschofshaus vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, empfaange ginn. De Weibëschof Leo Wagener, de Generalvikar Patrick Muller an d’Responsabel vun de Ressources humaines d’Noëlle Zahra waren och dobäi an hunn hinnen am Kader vun enger Feierstonn e grousse Merci fir hir laangjäreg Déngschter gesot.

Läscht Joer si folgend Mataarbechter:innen an d’Pensioun gang: Mme Demeyer-Neyer, Mme Müller-Münster, M. l’abbé Kroeger, Mme Nunes Peixoto, M. Godar, Mme Kieffer-Strehlau, Mme Hilger, Mme Kinnen, Mme Tombers, Mme Wirtz-Sonntag, M. l’abbé Goerens, Mme Schwachtgen, Mme Wolf-Fröhlinger an M. Zeien.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weider Aktualitéiten

Episod 12: "Wat ass dat doten e Chrëschtkëndchen!"

Réckbléck 2025

La chorale diocésaine LuxYouth recrute !

Des élèves de l’École européenne du Kirchberg en visite au Centre Jean XXIII