Adventsfënsteren 2024
Dëst Joer kënnt Dir an der Gemeng Konsdref wärend dem Advent 24 flott Adventsfënstere bewonneren.
D’Ouverture vum „liewegen Adventskalenner“ ass sonndes den 1.12.2024 um Chrëschtmaart um Scheedgen. Wärend dem ganzen Advent gëtt all Owend bei engem aneren Haus eng Adventsfënster ëm 18 Auer feierlech opgemaach, mol als “Stëllfënster” mol als “aktiv, lieweg Fënster” wou jiddereen d’Fënster bäi gemittlechem Zesummesinn bewonnere kann (wgl. eng Taass matbréngen).
No an no sinn esou flott dekoréiert Fënstere bei verschiddenen Haiser duerch d’Gemeng ze bewonneren a mir kënnen eis op d’Fest vu Chrëschtdag astëmmen. Vill Fënstere wäerte bis Dräikinneksdag gewise ginn.
Groussen Ofschloss : Sonndes de 5. Januar 2025 an d’Kierch op Präitler, fir ëm 15.30 Auer Dräikinneksdag ze feieren.