Op ee Wuert
E Bibel-Podcast
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
"Biblesch" Begrëffer, déi duerch hir Wirkungsgeschicht belaascht sinn
resp. gäre verkéiert verstane ginn
Redaktioun: Fränz Biver-Pettinger
D'Fränz Biver-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.
An dëser 2. Serie geet et ëmt “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn”.
Virop sief gesot, datt d’“Wierkungsgeschicht” engem Wuert, Begrëff oder Text seng Rezeptioun duerch d’Joerhonnerte erduerch méngt, dat heescht, wéi se duerch d’Joerhonnerten erduerch verstanen an dann och iwwersat goufen; “duerch d’Joerhonnerten erduerch” well, wéi dëst Wuert, dëse Begrëff oder Text verstane gi sinn, huet dacks mat dem gedanklechen, reliéisen Ëmfeld, mat dem sougenannte mainstream oder engem groussen Theolog sengen Iwwerleeungen zu enger bestëmmter Zäit, enger bestëmmter Epoch ze dinn;
Den Haaptakzent vun dëser Serie läit awer duerop déi Iwwerleeungen ze präsentéieren, mee duerop ze versiche verschiddener vun esou Wierder, Begrëffer oder Texter hannescht an hire biblesche Kontext ze setzen fir ze versichen ze verstoen, wat - deemools - de Jesus vun Nazareth kann dermat gemengt hunn, resp. d’Verfaasser vun deene jeeweilegen Texter.
"dem Herrgott säi Räich"
Wéi ech mer iwwerluecht hunn, wéi eng Begrëffer an/oder Ausdréck hei interessant wieren, hunn ech gemierkt, datt, egal wéi eng Beispiller aus dem NT ech zréckbehale géif, ëmmer erëm de Begrëff “dem Herrgott säi Räich” matkléngt; et ass dat ee vun de roude Fiedem, déi sech duerch d’Evangelien zéien, awer och, wann och op eng aner Manéier, duerch aner Schrëfte vum NT. Dofir geet et dann an dësem 1. Deel vun der 1. Episod vun der 2. Serie ëmt dem Herrgott säi Räich”, och nach “Himmelräich” genannt, wat awer wéineg ze doen huet mat dem Film “Kingdom of Heaven”, ausser vläicht mat dem Haaptpersonnage, dem Balian d’Ibelin.
Kommt, kucke mer mol, wou dee Begrëff hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:
D’Virstellung vun der βασιλεῖα τοῦ θεοῦ huet, wéi esou vill Begrëffer an den Evangelien an och soss am NT, hir Wuerzelen am AT. Dofir schwätzen de Jesus an d’Evangelie vum “Herrgott sengem Räich” wéi wann dat eng de Leit vun deemools bekannte Virstellung wier – wat effektiv de Fall woar.
Mee, do, wou mer am NT ee Wuert hunn, βασιλεία, fir dës villschichteg Virstellung ze beschreiwen, hu mer am hebräeschen Text vum AT 3 Wieder (מַמְלָכָה, מַלְכוּת, מְלוּכָה) an, an der LXX, der Griichescher Iwwersetzung vum Hebräeschen Text ëmmerhin der nach 2 (βασιλεία a βασίλειον); firwat dat esou ass, ka bis haut keen erklären.
- Fir eis heescht dat: Déi Versen an deenen dann dat eent Wuert βασιλεία als “dem Herrgott säi Räich” am NT gebraucht gëtt, bidden d’Méiglechkeet wuertwiertlech mat “Räich” z’iwwersetzen oder, dem Kontext no, wéi heiandsdo am Franséischen “royaume de Dieu”, “règne” oder awer “royauté”. Anescht ausgedreckt: meeschtens gëtt den Ausdrock ἡ βασιλεῖα τοῦ θεοῦ wuertwiertlech iwwersat gëtt mat “dem Herrgott säi Räich”, z. B. op Plaze wou et drëms geet “eranzegoen an dem Herrgott säi Räich”;
- op verschidde Plaze kéint een awer och iwwersetze mat “dem Herrgott seng Kinneksherrschaft”, “dem Herrgott seng Herrschaft als Kinnek”, z. B. do, wou Rieds dervun ass, datt dem “Herrgott seng Kinneksherrschaft” oder awer “dem Herrgott seng Herrschaft (also, seng Würde a Muecht) als Kinnek nobäikomm ass.
– Et ass gutt, ze wëssen, datt et déi dräi Iwwersetzungsméiglechkeeten gëtt, an datt se allen dräi effektiv méiglech sinn.
- ἡ βασιλεῖα τοῦ θεοῦ ass awer net deen eenzegen Ausdrock, deen an den Evangelie gebraucht gëtt: do dernierwent, wann och vill manner heefeg, gi gebraucht “ἡ βασιλεία τοῦ πατρός”, “dem Papp – mengem, eisem, hirem – Papp säi Räich”, “τὸ εὐαγγέλιον τῆς βασιλείας (τοῦ θεοῦ”), “d’Evangelium, déi Gutt Noriicht vum Räich, vum Herrgott sengem Räich”, oder am Mt- Evangelium “ἡ βασιλεία τῶν οὐρανῶν”, “d’Himmelräich”, woubäi “Himmel” en anert Wuert fir Gott ass, well, aus Respekt d’Wuert “Gott” net an de Mond geholl gëtt. An da gëtt et och nach d’”υἱοὶ τῆς βασιλείας”, d’”Jongen” oder d’”Kanner vum Räich”.
Zur Beschreiwung vum “Herrgott sengem Räich” gehéiert d’Virstellung vum operstanene Christus, deen “als Kinnek herrscht” a “Geriicht hält”;
Also gehéieren och d’Titele “Christos (op Griichesch)/Messias (op Hebräesch)/Christus (op Latäin)”, iwwersat “Gesaleften”, wéi d’Kinneken a verschidde Prophéiten aus dem AT, oder den Titel “Mënschejong” an de Kontext vum Herrgott sengem Räich – woubäi “Mënschejong” deen eenzegen Titel ze si schéngt, deen de Jesus vun Nazareth zu Liefzäite fir sech selwer gebraucht huet. Dat aus zwéi Grënn:
- mat deem Titel ass, wéi mam Herrgott sengem Räich, eng bestëmmte messianesch Hoffnung verbonnen, déi awer,
- zimlech vague ass, also net vu senge Géigner géint hie gebraucht ka ginn, z. B. fir hien als politesche Messias dohinzestellen, deen d’Réimsch Besatzungsmuecht erausgeheie géif. De “Mënschejong”, dat ass dee vun deem, am Kapitel 7 vum Buch Daniel aus dem AT ë.a. geschriwwen ass, datt hien ënnerwee ass op Gott zou fir bei Gott ze sinn.
Der gesidd, d’Saach ass komplex:
- Gëtt et net nëmmen een Ausdrock, ee Begrëff, ma der direkt eng ganz Rëtsch, déi,
- ënnerteneen a matenee verbonne sinn, awer,
- et fënnt een néierens am NT eng kloer a präzis Definitioun vum “Herrgott sengem Räich”, eng Virstellung, déi,
- hir Wuerzelen am AT huet an och do, wéi zu Liefzäite vum Jesus vun Nazareth, ëmmer virun évoluéiert huet a villschichteg woar;
– Anescht gesot: fir de Jesus, wéi fir d’Verfaasser vun deene biblesche Schrëften – ass dës Realitéit räich a villschichteg an si léisst sech net einfach an e Konzept “aspären” oder duerch eng eenzeg Definitioun begrenzen.
Et ass also Virsiicht gebueden, wann ee kënnt dee behaapt genee ze wëssen, wat “dem Herrgott säi Räich “ ass, well – wéi mer nach gesinn – “es ist ein weites Feld”, wéi se am Effie Briest gesot hätten; woubäi d’Bild vum Feld hei effektiv passt: mat deenen Elementer, déi mer am NT, an zëmools an den Evangelie fannen, kënne mer d’Feld agrenzen bannent deem mer versiche kënnen ze verstoen.
Ech wéilt nach véier kuerz, awer, wéi ech mengen, interessant Fakten opzielen, ier mer dem Herrgott sengem Räich an den Evangelien noginn:
- d’Paulusbréiwer si méi al wéi d’Evangelien an an de Paulusbréiwer, wann da Rieds ass vum “ Herrgott sengem Räich” gëtt – wéi an den Evangelien dono - virausgesat, datt d’Chrëschten aus deene betreffende chrëschtleche Gemeinschaften (sief dat z. B. zu Thessaloniki, zu Korinth, a Galatien oder zu Roum) wëssen, ëmt wat et geet. Mee, beim Paulus huet déi Thematik bei Wäitem net déi Plaz, déi se am Mt, Mk oder Lk-Evangelium kritt;
- souvill mer dem Herrgott sengem Räich a senger Villschichtegkeet an den Evangelie begéinen, esou wéineg begéine mer dier Terminologie am Rescht vum NT; et gëtt souguer eng Partie Schrëften am NT, wou dës Thematik iwwerhaapt net virkënnt, esou z. B. am 1. Péitrusbréif oder an deenen 3 Johannesbréiwer;
- hu mer an den Ausdréck “dem Herrgott säi Räich”, “dem Papp säi Räich”, “d’Evangelium vum Räich” am Griicheschen grammatesch gesinn e Genitiv; am koinè Griicheschen, dat zu dier Zäit geschriwwen a geschwat gouf, wou d’NT néiergeschriwwe gouf, kann e Genitiv zweeërlee bedeiten: huele mer z. B. d “Evangelium vum Räich”; “d’Evangelium vum Räich” ka bedeiten datt dat Evangelium, déi Gutt Noriicht zum Räich gehéiert, en Deel dervun ass (“gén. subjectif”), grad wéi et och bedeite kann, datt dat Räich den Inhalt ass, deen an deem Evangelium verkënnegt gëtt (gén. objectif). Datselwescht hu mer wa mer schwätze vum “εὐαγγέλιον τοῦ Ἰησοῦ”, “Evangelium/Gutt Noriicht vum Jesus”, en Ausdrock, dee jo an der Liturgie virkënnt (“évangile de Jésus Christ”): éngersäits kann dat bedeiten “de Jesus selwer ass déi Gutt Noriicht” (gén. subj.) oder awer “den Inhalt vun dem Jesus senger Gudder Noriicht, dat, wat hien als Gutt Noriicht verkënnegt huet” (gén. objectif). Wann een d’Texter aus den Evangelie liest, wou dës Begrëffer virkommen, kréien dës Texter nach eng aner Nuës wann een dës zwou Méiglechkeeten ze verstoen am Hannerkapp huet;
- d’Virstellung vum Herrgott sengem Räich huet seng Wuerzelen an der Geschicht vum Vollék Israel, an domadder – et huet schonn ugeklongen – an de Schrëfte vum AT. Dës Virstellung huet, zu dier Zäit, wéi de Jesus vun Nazareth gelieft huet a wéi d’Bicher aus dem NT verfaasst goufen, schonn eng bal 1000järeg Entwicklung hannert sech a woar Alles anescht wéi eenheetlech; se geet zréck bis op d’Kinnéken David a Salomo, déi an der Realitéit dem idealiséierte Bild vum Kinnék als dem direkt vu Gott Auserwielten net gerecht gi sinn, loin de là (1 + 2 R; 1 + 2 Sam); a Psalme gëtt de Kinnék och idealiséiert (z. B. d’Ps 2 an 110 sinn dier, déi an den Evangelien zitéiert ginn a bei de Chrëschten op hire Kinnék, de Jesus bezu gi sinn); du koum lues a lues d’Iwwerzeegung op, datt nëmme Gott den ideale Kinnék fir Israel si kann, Iwwerleeungen, déi hire Widderhall och a Psalmen hunn, z. B. Ps 93-99, an no dem Exil zu Babylon am 6. Jhdt vru Christus, bei de Prophéite viruginn, haaptsächlech dem Jesaja, dem Jeremias an dem Ezechiel; fir déi eng ass Gott schonn elo de Kinnék, fir anerer, sougenannten Apokalyptiker wéi d’Buch Dan mat dem Mënschejong, eréischt um Enn vun der Zäit. - Ma, de Kinnék David bleift trotzdeem en Ideal: eng Parti Leit hunn deemno drop gewoart, datt aus senger Famill de Messias, de Christus kéim fir dem Herrgott säi Räich, mer géifen haut soen, ze boosten. – Dofir leeën d’Mt- an d’ Lk-Evangelium an hire Kandheetserzielungen um Ufank vun hiren Evangelien esouvill Wäert drop, datt de Jesus en Nokommen ass vum David.
Firwat dësen Ëmwee iwwert de Vokabular an iwwert d’AT? Ma, well mer jo verstoe wëllen, wat an dem NT, besonnesch awer och, wat an den Evangelie steet. Esou, wéi eis Welt haut komplex ass, an esou, wéi mär haut gepräägt si vun eiser Zäit a vun de Generatioune virun eis, esou woaren si et deemools och: de Jesus, d’Evangelisten, de Paulus an all déi aner Verfaasser vum NT woare Kanner vun hirem Liicht. Dowéinst geet kee Wee derlaanscht sech d’Méi ze maachen a luussen ze goen, wéi dat Liicht woar - wann och nëmme kuerz a konzis.
Mat deem Background kënne mer dann elo duerch d’Evangelien kucken, haaptsächlech duerch de Mt, de Mk an de Lk, mat, ganz kuerz der Apg – dat maache mer dann am 2. Deel vun dësem Podcast...
Hei dann elo den 2. Deel vun der 1. Episod vun der 2. Serie “biblesch Begrëffer, déi duerch hir Wierkungsgeschicht belaascht sinn, resp. gäre verkéiert verstane ginn” wou et ëmt “dem Herrgott säi Räich” geet:
- d’Ukënnegung vun “dem Herrgott sengem Räich” geet queesch duerch déi véier Evangelien, ma, am Joh-Ev gëtt et manner ernimmt, wéi beim Mt, Mk oder dem Lk.
- An: tselwescht wéi mer et z. B. am Podcast iwwert deen, “deen seng Hänn an Onschold gewäsch huet” oder am Podcast iwwert “wat ass dat e Chrëschtkëndchen!” gesinn hunn, ass et och hei. Dat heescht, wann d’Evangelien alle véier iwwert dat nämmlecht schreiwen, sou maachen si dat awer jiddfereent op seng him eege Manéier. Firwat? Ma, well jiddferee vun hinnen entzwousch anescht fir Leit aus engem anere reliéiesen oder politeschen Ëmfeld geschriwwen huet a well jiddferee vun hinnen esou och aner theologesch Akzenter gesat huet. Esou gëtt dat Bild, dat mer vum Jesus a senger Verkënnegung kréien, vill méi komplett, wéi wa mer nëmmen 1 Evangelium hätten. Als Quintessenz soen de Mt, de Mk an de Lk:
- Alles, wat de Jesus mécht a seet (d’Reienfolleg ass hei wichteg: Alles, wat de Jesus mécht a seet), ass eigentlech eng Ëmschreiwung vun dem Herrgott sengem Räich, en Zeechnesgi vu Gott, vun deem hien sech geschéckt gewosst huet an an deem sengem Opdrag hie gehandelt a geschwat huet;
- “Dem Herrgott säi Räich” ass “nobäi komm” (ἐγγύς op Griichesch, wat “nobäi” an der Zäit grad wéi och “raimlech nobäi” heesche kann. Mee, et ass net an all Evangelium tselwescht “nobäi”, heiandsdo méi “nobäi”, heiandsdo “nach manner nobäi”), et ass “ἐρχόμενος”, “amgaangen ze kommen, et ass “um Kommen”. – Eigentlech, wann een esou well, ass et mat dem Herrgott sengem Räich wéi mat eisem Liewen: et steet an der Spannung tëscht deem, wat ass an deem, wat kënnt ;
- a Gläichnësser gëtt et beschriwwen an ëmschriwwen - Beispiller queesch duerch déi dräi Evangelien sinn: dem Herrgott säi Räich ass ze vergläiche mat engem Moschterkär, mat dem Deessem, oder mat engem Mann, deen erausgoung fir ze séien; am Herrgott sengem Räich, do geet et wéi mam sougenannte “Verluerene Jong”, wéi mam gudde Samariter oder dem oarme Lazarus;
- d’Konditioune fir an dat Räich eranzekomme gi beschriwwen, grad ewéi déi, déi den Zougank verspären
- dat Räich huet also ugefaangen, ass amgaangen ze ginn, d’”Vollendung” (fir dat Däitscht Wuert ze gebrauchen) steet awer nach aus; mol läit d’Betounung méi drop, datt et “schonn ugefaangen huet”, z. B. beim Lk, mol méi drop, datt et nach aussteet, z. B. beim Mt.
Wat schreift de Mk dann nach méi genee, wat spezifesch ass fir säin Evangelium?
Mer gi jo chronologesch vir: dofir de Mk vrum Mt, well, och wann de Mt als éischten an eise Bibele steet, sou ass hien awer net dat Eelst vun deene véier Evangelien: hie steet vir, well am Mt-Evangelium Rieds ass vun “der Kierch”, der ἐκκλησία an, well an deenen éischte Jorhonnerte gemengt gouf, et géif sech extra gutt eegne fir d’Kateches.
Also, wat schreift de Mk dann elo nach, wat spezifesch ass fir säin Evangelium, wat gi mer bei him gewuer, wat net oder anescht an den aneren Evangelie steet?
- Beim Mk liese mer zu Ugangs (Mk 1, 14-15): “14 Nodeems de Johannes ausgeliwwert gi war (d.h. de Johannes den Deefer), ass de Jesus hannescht a Galiläa gang; do huet hien dem Herrgott säin Evangelium verkënnegt. 15 Hie sot:’D’Zäit ass erfëllt, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen. Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium!’ – Dës Verse klénge wéi e Résumé a kënnegen un, wourëms et an deene Kapitelen dono geet.
- Am Ganze schreift d’Mk- Evangelium 14x iwwert dem Herrgott säi Räich. - Et schreift och 14x iwwert de “Mënschejong” - Der erënnert Äech un den Ufank vun dësem Podcast – ma, ni an engems, ma, awer och scho mol a parallelen Texter, dat heescht, datt fir d’Mk-Ev. – a warscheinlech schonn an der mëndlecher Iwwerliwwerung nach ier d’Evangelien néiergeschriwwe gi sinn – dës 2 Theeme matenee verbonne woaren - esou wéi dat och schonn am AT de Fall woar;
- allebéid, dem Herrgott säi Räich grad ewéi de Mënschejong, stinn an der Spannung tëscht kaum bemierkbar, tëscht schonn do an awer nach ënnerwee, awer nach amgaangen ze ginn, ze kommen an eréischt richteg realiséiert op Jéngster Dag
- fir d’Mk-Evangelium ass de Jesus fir unzefänken deen, deen dem Herrgott säi Räich ukënnegt; dës Verkënnegung huet eppes Decisives fir d’Mënschheet, déi opgeruff ass dëst Räich – esou wéi et an de Gläichnësser ëmschriwwe gëtt - mat opzebauen.
An d’Mt- Evangelium? Wat gi mer do gewuer?
- De Verfaasser vum Mt-Ev. – wéi och ongeféier zäitgläich dee vum Lk-Evangelium – kennt d’Mk- Evangelium, wat, zu dier Zäit wou de Mt (an de Lk) geschriwwen hunn, schonn eng 20 Joer laang am Ëmlaf woar. Ma, zesumme mat anerem, deels mëndlechen, deels schrëftlechem Material, dat si gesammelt haten, hunn si et opgeschriwwen a Funktioun vun de Froen an/oder de Probleemer, vun de Chrëschten an hirer respektiver Gemeinschaft.
- Spezifesch fir d’Mt-Evangelium ass, datt do, bis op 4 Ausnamen, meeschtens de Begrëff “Himmelräich” gebraucht gëtt, ἡ βασιλεία τῶν οὐρανῶν, woubäi “Himmel” en anert Wuert fir Gott ass, well, an engem méi jüddesch gepräägte Milieu fir deen de Mt geschriwwen huet, aus Respekt d’Wuert “Gott” net an de Mond geholl gëtt;
- hien insistéiert méi op déi endzäitlech Dimensioun vum Himmelräich : dann eréischt gëtt et ganz an endgülteg Wierklechkeet. Antëscht erfëllt sech awer lues a lues dee Plang, dee Gott vun Ufank u mat de Mënschen hat. E Plang, un deem d’Mënschen och am Mt opgeruff sinn, matzeschaffen. A sief et, datt si – nierwent oder no dem Jesus - hirersäits verkënnege ginn datt d’Himmelräich nobäi komm ass: de Johannes den Deefer, déi 12 “Jünger”, an no hinnen d’Chrëschte weltwäit, déi d’Relève iwwerholl hunn, well, dem Mt-Evangelium no, déi éischt Destinatairen, d’Vollék Israel de Jesus, an domadder d’Verkënnegung AN d’Matschaffen, ganz konkret, um Himmelräich – esou wéi et och hei duerch dem Jesus seng Doten, seng Wieder, d’’Biergpriedegt’ an d’Gläichnësser ëmschriwwe gëtt - net ugeholl hunn; datt d’Himmelräich hei eng zentral Roll huet, mierkt een och am Vater Unser, am Zentrum vun der Biergpriedegt, an deem zu Ugangs gefrot gëtt “Däi Räich soll kommen”;
- op 2 Verse muss een hei e bëssi méi agoen, an zwoar op Mt 16, 18-19, Versen, déi een nëmmen am Mt fënnt: ’18 An ech (et ass de Jesus, dee schwätzt) soen dir: Du bass de Péitrus, an op dëse Fiels bauen ech meng Kierch, an d’Paarte vun der Ënnerwelt ginn se net Meeschter! 19 Ech ginn dir d’Schlëssele vum Himmelräich; dat, wat s du op der Äerd matenee verbënns, ass och am Himmel matenee verbonnen, an dat, wat s du op der Äerd vunenee lassléis, ass och am Himmel vunenee lassgeléist.’ - Heiandsdo héiert een, datt d’Kierch dem Herrgott säi Räich wier. Déi Meenung geet op dës Versen zréck. Mee, jo, hei ginn d’Himmelräich an de Péitrus mat sengem Opdrag mateneen ernimmt, se ginn a Verbindung gesat. Dat heescht awer net, datt Kierch an Himmelräich eent an datselwescht sinn. D’Kierch, am Mt-Ev., ass villméi déi Plaz, wou dozou opgeruff gëtt um Himmelräich matzeschaffen;
Fir d’Lk-Evangelium, an d’Suite dovunner, d’Apg, steet dem Herrgott säi Räich um Ufank vun dem Jesus senger Missioun : mer sinn an der Synagog zu Nazareth, wou de Jesus mat engem Zitat aus dem Prophéit Jesaja de Leit seet wouranner seng Missioun besteet: Lk 4, 17-19 virliesen. Hien ass op eng stoark Ofleenung gestouss, goung vun do fort op Kapharnaum, wou hien ugefaangen huet – in Tat und Wort – dat ëmzesetzen, wat hien zu Nazareth an der Synagog ugekënnegt hat. Nodeems hien du muëres fréi gebied hat, sot hien zu de ville Leit, déi hien zu Kapharnaum hale wollten : v. 43 ‘Ech muss dach och deenen anere Stied déi Gutt Noriicht vum Herrgott sengem Räich verkënnegen, duerfir sinn ech jo och geschéckt ginn.’ Dës Verkënnegung geet virun an der Apostelgeschicht, dem 2. Deel vum Lukas sengem Wierk; mer liesen do :
1, ‘1 Den éischten Deel, Theophilus, hunn ech verfaasst iwwer all dat, wat de Jesus ugefaang huet ze maachen an [d’Leit] ze léiere 2 bis deen Dag, wou hien – nodeems hien den Apostelen, déi hien auserwielt hat, duerch den Hellege Geescht Uweisunge ginn hat – [an den Himmel] opgeholl gouf. 3 Hinne war et och, deenen hien sech z’erkenne ginn hat als deen, dee lieft, nodeems hie gelidden hat, an dat duerch vill Beweiser: 40 Deeg laang huet hien sech hinne gewisen an huet vum Herrgott sengem Räich geschwat.’
- Dës Verkënnegung muss bis an den Nuebel vun der deemolger Welt kommen, op Roum. De Paulus hat a sengem Sträit mat de jüddeschen Autoritéiten als Réimesche Bierger un de Keeser zu Roum appeléiert. An d’Apg (28, 30-31) hält dann esou op: ‘30 Hien (d.h. de Paulus) ass nach zwéi ganzer Joren an senger Wunneng bliwwen, déi hie gelount hat, an huet all déi ëmfaang, déi bei hie komm sinn, 31 andeems hien dem Herrgott säi Räich verkënnegt an [d’Leit] iwwer Jesus Christus, den Här, geléiert huet, an dat ganz fräi a couragéiert, ouni gestéiert ze ginn.’ – Wat aus dem Paulus ginn ass, ass onwichteg, dat kréie mer net gesot. Wat awer wichteg ass, ass datt dem Herrgott säi Räich viru verkënnegt ginn ass. Iwwerall do, wou dat geschitt, huet haut, huet dee Moment eng nei Zäit fir déi betreffend Leit ugefaangen; dat ass eng Beweegung, déi ugaangen ass, wéi d’Hiirden iwwert dee Puppelchen do an der Krëpp gesot kruten:’Fir iech ass haut an der Davidsstad (dat ass Bethlehem an do hu mer de Kinnék David erëm, vun deem mer um Ufank rieds haten) e Retter op d’Welt komm; hien ass de Christus, den Här.’ An déi Beweegung dauert un, och haut;
- d’Joh-Ev. gebraucht den Ausdrock “dem Herrgott säi Räich” nëmmen 2x; et steet wuël am Hannergrond, ass och do eng “toile de fond”, mee, anescht, wéi an de synopteschen Evangelien, well hei de Jesus selwer als vun der Welt onerkannte Kinnék méi am Fokus steet, besonnesch an der Passiounserzielung.
Dat Neit Testament verweist quasi permanent op dat Aalt, dat gouf jo elo scho genuch betount: d’ Bibel fänkt u mat dem Buch Genesis; an de Kapitelen 1-2 liese mer d’Schëpfungserzielungen. Déi Schëpfung woar, vu Gott hir, gutt. Am Kapitel 1 steet ëmmer erëm de Refrain “וַיַּרְא אֱלֹהִים כִּי־טוֹב”, a Gott gesouch, datt et gutt woar.- De Mënsch sollt de Stellvertrieder sinn an an deem Geescht iwwert d’Schëpfung “herrschen”, d.h. hie sollt no der Schëpfung kucken an an Allem, wat hie mécht, denkt a seet Gott, sengem Schëpfer a sengem Virbild, noäiferen.
- D’Neit Testament géif dat nennen “um Herrgott sengem Räich matschaffen”.
- Esou huet de Mënsch - als deen, deen handelt, wéi als deen, dee kritt -, seng Plaz an dem Herrgott sengem Räich. – D’Prophéite ruffen dozou op “baarmhäerzeg ze sinn”, d.h. sech, bis an d’Träipen, vum Schicksal vun de Matmënsche beréieren ze loossen, egal wien dee Matmënsch grad ass – och en zentraalt Thema wa mer vum Herrgott sengem Räich schwätzen.
- Mer kënne mat eppes, wat e Matmënsch seet oder mécht, net averstane sinn. Mee, Riichter ass een aneren, am Alldag grad wéi op Jéngster Dag; Riichter sinn, dat steet eis net zou - och dat léiert d’AT eis, grad ewéi d’Virstellung vum Herrgott sengem Räich an den Evangelien eis dat noleet.
Besonnesch d’Apk, dat lescht Buch vun der Bibel gräift deen Aspekt vum Herrgott sengem Räich op: esou, wéi et an eiser Welt leeft, dat ass Alles relativ. Déi Feststellung, dee Message, dës Opfuerderung Alles als vergänglech an zäitlech begrenzt unzegesinn, ass déi leschte Konsequenz vun der Verkënnegung vum Herrgott sengem Räich. - An domadder hu mer, wéi mat dier 1. Schëpfung am 1. Buch vun der Bibel an dier neier Schëpfung um Enn vun der Zäit an der Apk, deem leschte Buch vun der Bibel, och hei nees eng boucle bouclée.
Op anere Plattforme lauschteren
Dëse Podcast ass och disponibel op