Am Kader vum Projet “E Kaddo fir de Poopst” krut d’Fondatioun Sainte-Irmine am Ganzen 455 Donen fir e Gesamtmontant vun 179.930.- Euro.
Et war am Ufank virgesinn, datt de Kaddo fir de Poopst genotzt géif ginn fir d’Wierker vum Dicastère fir den Déngscht vun der Baarmhäerzegkeet (d’Aumônerie apostolique) am Vatikan. Wärend senger Begéinung mat der kathoulescher Populatioun an der Kathedral huet de Poopst awer spontan säi Wonsch zum Ausdrock bruecht, datt d’Sue vun dësem “Kaddo” zu Lëtzebuerg bleiwe sollt an hei genotzt gëtt zu Gonschte vun aarmen a benodeelegte Leit a vun de Flüchtlingen.
Mir hunn d’Freed Iech elo matzedeelen, datt eng éischt Tranche vun 100.000 Euro u verschidden Associatioune gaangen ass. Nodeems de Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Fondatioun Sainte-Irmine, seng Réit consultéiert huet, huet hien decidéiert dës Projeten a gutt Wierker ze ënnerstëtzen:
- den diözesane Flüchtlingsprojet “Reech eng Hand”: 15.000.- Euro fir d’Betreiung vun enger kathoulescher Famill aus dem Pakistan, déi wéinst hirem Glawen hir Heemecht huet misse verloossen; 5.000.- Euro fir jidderee vun den dräi lokale Gruppe vu “Reech eng Hand” vu Bartreng-Stroossen, Déifferdeng an Iewescht Syr (Total : 30.000.- Euro);
- de Projet “Ubuntu rebondit” vum Jesuit Refugee Service Lëtzebuerg: 30.000.- Euro (eng Presentatioun vun dësem neie Projet fannt Dir op www.irmine.lu);
- d’Tricentenaire asbl – Services pour personnes handicapées: 20.000.- Euro;
- de Mouvement ATD Quart Monde Luxembourg: 15.000.- Euro;
- d’Associatioun “Noël de la rue”: 5.000.- Euro.
Natierlech hale mir Iech zu engem spéideren Zäitpunkt iwwer d’Notzung vum Rescht vun de Sue vum “Kaddo vum Poopst” um Lafenden.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
L'évangélisation grâce aux familles et pour les familles
Au Vatican, une semaine de travaux et de rencontres pour accompagner le mariage et la famille.
-
D’Mass vum 11. Oktober gëtt vu Käl iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg
Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale
-
„Europa, woher kommst du, wohin gehst du?“
Unter diesem Titel stand die 63. internationale Priestertagung der I.P.T. EUROPAX.