Skip to main content Skip to page footer

Roger Geimer (* 12.07.1935 - † 28.10.2025)

Eise Matbrudder ass den 28. Oktober 2025 am Alter vu 90 Joer verscheet

Eise Matbrudder Roger Geimer ass en Dënschdeg, den 28. Oktober 2025, am Alter vun 90 Joer verscheet.

Hien ass den 12. Juni 1935 zu Stadtbredimus gebuer an de 5. Juli 1964 vum Bëschof Léon Lommel an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn. De Läichendéngscht gëtt dëse Freideg 31. Oktober 2025 um 15.00 Auer an der Kierch zu Stadtbredimus gefeiert.

Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un. Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Roger senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.

 

 

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weider Aktualitéiten

15 ans de cheminement avec Notre-Dame de Schönstatt

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Rentrée pastorale 2026

Dom Michel Jorrot et Dom Geoffroy Kemlin : analyses et conseils de deux pères abbés